Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss
Kultur Neiegkeeten

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
Kultur Neiegkeeten

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden
Kultur Neiegkeeten

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden

Et ginn net vill Vernissagen, déi een emotional esou matrappe

Projet Patient Zero: Déi groussaarteg 6 vu Lëtzebuerg

Projet Patient Zero: Déi groussaarteg 6 vu Lëtzebuerg

Si hunn hir Inspiratioun erausfléisse gelooss, all kreatiivt Puzzelstéck zesummegesat an d’Zäit doheem op eng artistesch Aart a Weis genotzt. Mam Blues-Stéck Wise Man gëtt elo d’Resultat vum Projet Patient Zero presentéiert bei deem d’Passioun vu 6 Lëtzebuerger Museker kombinéiert konnt ginn.

D’Iddi hannert dem Projet Patient Zero ass, wéi den Numm et schonn erahne léisst, wärend dem Confinement entstanen. Et hat een Zäit senger Kreativitéit fräie Laf ze loossen an ouni de gewinnten Drock artistesch Experimenter ze woen. Doheem „agespaart“ ze sinn ass fir ee Kënschtler schliisslech keen Hindernis, jee nodeems souguer eng originell Hëllef.

Patient Zero

Esou hu sech Museker aus de verschiddenste Gruppen a Musekrichtungen zesumme gedoen, fir gemeinsam ee mystescht, berouegend an awer och liewegt Wierk ze schafen. Ma, mëttlerweil sinn dorauser Frëndschaften entstanen, natierlech alles nach op Distanz. Fir den Text zu Wise Man huet ee sech deelweis um Liewen an der Perséinlechkeet vum René Cavallini inspiréiert. Perfekt ofgerënnt gëtt dat Ganzt mat engem monochrome Video, deen d’Artiste bei hirer Passioun weist.

Zesummegesat ass de Projet Patient Zero aus folgende Memberen:

  • Dem Alex Logel op der Uergel (Carl Wyatt and the Delta Voodoo Kings)
  • Dem Yves Ditsch op der Batterie (Carl Wyatt and the Delta Voodoo Kings, Porn Queen , Archie Lee Hooker)
  • Dem Dan Fastro um Bass (Porn Queen, Fred Barreto Group)
  • Dem Elise Nunes fir de Gesang (Stelise, Heavy Petrol)
  • Dem Ewen Curreli op der Gittar (Blues Bastards)
  • Dem Steve Richer op der Gittar (Stelise, Heavy Petrol)

Wouhin de Projet féiert, ka kee soen. Dreeme kann een awer emol, de Grupp am Summer op der Plëss bei engem Glas Wäin nozelauschteren (wéi gesot, dreemen dierf een), respektiv weider Wierker iwwer Internet presentéiert ze kréien.

Ähnlech Sujeten Alex Logel, Confinement, Dan Fastro, Elise Nunes, Ewen Curreli, Inspiratioun, Kreativitéit, Musék, Patient Zero, Steve Richter, Wise Man, Yves Ditsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel