Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer
Meenung Neiegkeeten

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer

Mat engem Darts-Festival huet déi Lëtzebuerger Darts Federatioun um Samschdeg

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)
Meenung Neiegkeeten

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

En Donneschdeg ass dem Premierminister Xavier eng parlamentaresch Fro vum

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer

Madamm Minister Cahen, Madamm Minister Lenert,

ewéi schonn an eisem Bréif vum 28.05.2020, hunn mir d’Patiente Vertriedung asbl, Iech op Problematik vum Besuchsrecht an den Altersheemer opmierksam gemaach.

Obwuel, ee Besuchsrecht erëm méiglech ass, gi mir nach bal all Dag, vun Leit kontaktéiert, déi hir Emotiounen, Ängschten a Roserei, zum Ausdrock bréngen, well se hir Léifsten, an engem Alters-oder Fleegeheim, nach ëmmer net oder nëmme sporadesch kënne besiche goen.

Well et bis dato keng genee Richtlinnen gi, kann all Direktioun vum Haus selwer decidéieren ob an wéi si den Besuch organiséieren. Doduerch, dass et keng genee Leitlinne gi, interpretéiert all Haus et anescht, dat geet vun bis, dass gesot gëtt, et dierft keen vun der Famill eran an d’Haus, et dierf nëmmen ënner Opsicht Besuch empfaange ginn asw.

An sou ass och a munchen Haiser den Besuch just ënner ganz strengen Oplagen méiglech zB muss ee laang am viraus RdV huelen, Besuch nëmmen hannert enger Plexiwand déi esou deck ass, dass et den eelere Leit net méiglech ass den Besuch ze verstoen.

Munch ee Bewunner huet dat esou traureg gemaach, dass si gesot hunn, ënnert dësen Ëmstänn wéilten si léiwer keen gesinn, wëll si sech dach net sou kéinten austauschen wéi si et wéilten. Och ass an villen Haiser beim Besuch eng Persoun vum Personal mat dobäi, och bei Leit déi gutt eleng eens ginn. Vun Privatsphär ass net ze schwätzen, wichteg Saachen déi mussen beschwat ginn z.B. finanziell Suergen, ginn net ugeschwat, eben wëll en « Friemen » mat am Raum ass. Vill Leit hunn ons an dësem Zesummenhang matgedeelt, dass sie sech fillen wéi an engem Prisong wou eng Opsicht muss dobäi sinn.

Enger Ausso no: „Kontakter sinn nëmmen dobaussen op RdV méiglech, d.h. d’Residente kommen mat verschiddenen Persounen an Kontakt. Mat groussem Opwand ginn d’Bewunner, déi sech net selwer kennen beweegen bei den Wuerenquai (Quai de livraisons) begleet. Hei, brauchen des Leit dann weider Hëllef fir dësen Quai se verloossen an sech bis bei eng Sëtzgeleeënheet, déi net no bäi ass, ze beweegen. “

Dëst gëtt esouwuel vun den Bewunner als och vun den Familljememberen als ganz onangeneem empfonnt.

Vill Bewunner stellen sech d’Fro, wat se falsch gemaach hunn, dass sie net méi reegelméisseg kënnen hir Léifsten gesinn.

Duerfir fuerderen mir, Patiente Vertriedung asbl, nach emol kloer an däitlech, dass allgemeng Richtlinnen ausgeschafft musse gi, esou, dass jiddwereen sech dorun orientéieren kann. Am Beräich vun den Spideeler, wou och all Haus aner architektonesch Begebenheeten huet, déi eng Haiser modern sinn, déi aner méi al, war et méiglech, dass vun der Direktioun vun der Santé kloer an präzis Leitlinne opgestallt ginn sinn. Wisou soll et dann net och am Beräich vum long Sejour méiglech sinn?

Eng Méiglechkeet fir et den Haiser ze vereinfachen wier, am Beräich vum long Sejour eng « task force » op d’Been ze stellen, déi sur Place an déi Haiser geet, déi Schwieregkeeten hunn, déi uewen gefuerdert Leitlinnen ëmzesetzen. Zesummen mat den Experten vun der « task force » kann dann gekuckt gin, wéi en d’Leitlinnen kann sécher an gutt ëmsetzen.

Weideres hunn vill Haiser d’Méiglechkeet bei guddem Wieder hir Baussenanlagen ze notzen, an dem Bewunner an dem Besuch d’Méiglechkeet ze ginn, sech do kënnen ze gesinn.

Mir, Patiente Vertriedung asbl, sinn eis bewosst, dass dëst net einfach ass. Dass d’Regierung hiert Méiglechst gemaach huet, fir d’Leit ze schützen an d’Verbreedung vum Virus ze ënnerbannen, wou mir Patiente Vertriedung asbl, den Verantwortlechen, eis déifsten Luef ausdrécken.

Mee, d’Wuelbefannen vun den Leit ass over genau esou wichteg, an et muss dem genau esou Rechnung gedroen ginn.

Zesummefaassend fuerdere mir also :1. dass genee Richtlinne ausgeschafft ginn, an 2. och eng “Task Force” geschaaft gëtt, fir deenen eenzelen Haiser kenne, mat Rot an Dot, zur Säit ze stoen.

Matgedeelt vun der Patiente Vertriedung asbl

Ähnlech Sujeten Altersheem, Besuch, Corinne Cahen, Deconfinement, Fleegeheem, Oppene Bréif, Patiente Vertriedung Asbl, Paulette Lenert, Regierung, Visitt, Wuelbefannen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel