Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
International Neiegkeeten

Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

dislike
Editorial: Wann een net méi mat mécht
International Neiegkeeten

Editorial: Wann een net méi mat mécht

Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem

money
Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur
International Neiegkeeten

Fossil Energie… fir d‘ALFI ee seriéise Wirtschaftsfacteur

Datt de Kompensatiounsfong vun der Pensiounskeess massiv a fossil Energien

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn ass, huet de Patron vum der amerikaneschen Internetkonzern scho virum US-Kongress missen Aussoen. Elo huet och d‘EU-Justizkommissärin Vera Jourova de Mark Zuckerberg am Viséier, a fuerdert vu Facebook vollstänneg mat den EU-Enquêteuren ze kooperéieren.

D‘EU-Kommissärin huet an dësem Zesummenhang gëschter Owend mat der COO (Chief Operating Officer) vu Facebook telefonéiert. Gespréich tëscht dem Vera Jourova an dem Sheryl Sandberg soll eng gutt hallef Stonn gedauert, an d‘EU-Kommissärin soll dem Sheryl Sandberg geroden hunn, datt de Mark Zuckerberg d‘Invitatioun vun der Kommissioun sollt unzehuelen.

Och zu Bréissel hat ee sech d‘Auditioun vum Facebook-Chef virum US-Kongress ugekuckt, hat d‘Froen als „zimlech amerikanesch“ empfonnt. An d‘Vera Jourova mengt: „mir hunn eis eegen, europäesch Froen“. Déi onbestridden Nummer 1 vun de „sozialen Netzwierker“ hätt vill Vertrauen an Europa verluer, an d‘Leit hätten e Recht gewuer ze gi wat tatsächlech geschitt ass.

Et gouf am Kader vum illegalen „Datenaustausch“ och op d‘Donnéeë vun 2,7 Milliounen EU-Bierger zougegraff, an d‘EU-Justizkommissärin ass iwwerzeegt, datt hei Klärungsbedarf besteet. Der EU-Kommissioun „Ried an Äntwert“ ze stoen, wier dat bescht wat de Mark Zuckerberg kéint maachen, fir d‘Vertraue vun de „Memberen“, an den EU-Institutiounen erëmzegewannen.

Ob a wéini de Mark Zuckerberg d‘EU-Kommissioun besiche kënnt, konnt am Telefonat net gekläert ginn. D‘Fuerderung vun der EU-Justizkommissärin ass Facebook elo bekannt, a mam Bléck op déi nei europäesch Dateschutzveruerdnung (GDPR), déi Enn Mee a Kraaft trëtt, sollt och am Interessi vun engem Mark Zuckerberg leien, kooperativ ze sinn.

Net nëmmen d‘EU-Kommissioun huet Froen

Den Drock deen aktuell vun der EU op Facebook ausgeüübt gëtt, geet net nëmme vun der Kommissioun aus. E sëlleche Membere vum EU-Parlament verlaangen hirersäits och vu Facebook Zougeständnesser ze maachen. Esou wëll een zu Bréissel erausfannen, op d‘Geschäftspraxis vu Facebook och en Afloss op de Brexit-Referendum ka gehat hunn.

„Ech hu vun der COO vu Facebook verlaangt, mat de briteschen Enquêteuren ze kooperéieren. Mir erwaarden datt de Konzern hei op héchstem Niveau matschafft. Eng Fuerderung déi d‘Madame Sandberg schéngt verstanen ze hunn“, esou d‘EU-Kommissärin géintiwwer de Medien.

Fir d‘Vera Jourova ass d‘Virstellung, datt d‘Bierger vu Leit kënne manipuléiert ginn, déi Zougrëff op all perséinlech Donnéeën hunn, schwéier auszehalen. Als Tschechin huet d‘EU-Kommissärin hiert halleft Liewen ënnert engem totalitäre Regimm verbruecht. Zwar sollt een net eng Entreprise wéi Facebook mat engen totalitäre Regimm vergläichen, mee et géif awer Iwwerschneidungen.

A wann et aktuell Facebook ass, déi am Mëttelpunkt vum Skandal stinn a beschëllegt ginn Notzerdaten un Entreprisë verkaaft ze hunn, déi esou hir politesch Beaflossung konnt ëmsetzen, esou ass de Konzern net eleng. De selwechte Geschäftsmodell notzen och „déi aner“. Et geet nieft Facebook, och Google an Twitter, fir nëmmen déi ze ernimmen, dorëms Daten ze sammelen.

Daten deenen en een op den éischte Bléck net hiren Informatiounswäert ofgesäit, de Konzerner awer erméiglecht aus de Gewunnechten, Interessen a Virléiften en zimlech genaue Profil vum Notzer ze erstellen. Elo gëtt dëse Profil haut net méi nëmme fir „zougeschnidde Reklamm“ mëssbraucht, mee ass en exzellent Instrument fir Afloss op politesch Entscheedungen ze huelen.

mat AFP

Foto: D‘EU-Justizkommissärin Vera Jourova (hei en Archivbild) huet um Donneschdegowend mat der COO vu Facebook, Sheryl Sandberg, e längert Telefonsgespréich gefouert. Si huet drop higewisen, datt et am Interessi vum Konzern wier, datt sech de Mark Zuckerberg, nom US-Kongress, och de Froe vun der EU-Kommissioun stellt. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Justizkommissärin, Facebook, Mark Zuckerberg, Sheryl Sandberg, Vera Jourova
Nächsten Artikel Virrechten Artikel