Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwerfuerdert a Midd
Kultur Meenung Neiegkeeten

Iwwerfuerdert a Midd

Am Kontext vum Covid19-Depistage huet de Verband vun den Hausdokteren

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert
Kultur Meenung Neiegkeeten

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert

Déi „biologesch Auer“, an d’Liicht gesat vum Nobelpräis fir Medezin,

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen
Kultur Meenung Neiegkeeten

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen

Kommentar: E Patronage fir Esch2022

Kommentar: E Patronage fir Esch2022

Knapps datt ee bericht huet, Esch2022 géif elo kommunizéieren, gesäit et tatsächlech duerno aus, wéi wa si dat eescht gemengt hätten. Woubäi hir Strategie „spuersam“ an domatter eppes méi gestreet hir Informatiounen ze verwalten, nom Communiqué vum Marechalat, verwonnert. Esou gouf haut de Moie matgedeelt, datt d‘Groussherzogin Maria Teresa de Patronage géif iwwerhuelen.

Eng Informatioun vun där auszegoen ass, datt se scho bei der Presentatioun vun den Thematiken an dem Programm de Verantwortleche muss virgeleeën hunn. Och eng Groussherzogin decidéiert dat net aus heiterem Himmel, zemools gewosst ass, datt si – zumindest war et d‘Essenz vum Waringo-Rapport – hir „Aktivitéiten“ mat den zoustännege Verwaltunge sollt ofschwätze mussen.

Wann also d‘Nancy Braun, Direktesch vun Esch2022, scho bei der Introduktioun zur neier Informatiounscampagne wousst, datt de groussherzoglechen Haff, vertrueden duerch eben d‘Groussherzogin, d‘Schiermherrschaft vun der Kulturhaaptstad géif iwwerhuelen, stellt sech d‘Fro op et do en Accord ginn huet, mat deem dem Marechalat d‘Primeur vun der Info geséchert krut.

Elo weess jo och dat ganzt Land, datt eis Groussherzogin léiwer zu Paräis residéiert, sech also éischter wéineg am Land ophält. Dat mécht et entspriechend schwiereg, d‘Zesummenhäng – déi et jo awer muss hunn – tëscht hirer Persoun an dësem kulturelle Projet ze gesinn. Gutt d‘Maria Teresa ass eng kulturell interesséiert Fra, mee bis gëschter huet een béides net zesummebruecht.

Ze begréissen ass et trotzdeem. Esch2022 kann all Hëllef gebrauchen déi et zougestane kritt. Et soll laut der Groussherzogin ee mindestens esou ambitiéise wéi innovative Programm sinn, schreift de Marechalat. Ambitiéis: dat kann ee mat zwee Hänn ënnerschreiwen. Innovativ: ass Kultur dat net a gewësser Mooss ëmmer? Bis heihinner feelt et awer leider béiden Definitiounen un Inhalt…

Illustratioun: © Pim Chu / unsplash

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Esch2022, Groussherzogin Maria Teresa, Kulturhaaptstad, Nancy Braun, Patronage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel