Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Welt-Populatiounsdag, erkläert
best dating apps iphone

De Welt-Populatiounsdag, erkläert

D’Weltbevëlkerung klëmmt a klëmmt. Nach ni hunn esou vill Leit

watch internet dating free
best dating apps iphone

trinidad and tobago singles dating sites

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz

surprise
Léisst d’CSV Wahlplakater vun der Konkurrenz zu Käerjeng iwwerpechen?
best dating apps iphone

Léisst d’CSV Wahlplakater vun der Konkurrenz zu Käerjeng iwwerpechen?

De Wahlkampf ass plazeweis voll am Gaang a gëtt mat

Patronage vun der Orange Week

Déi entspaanten Äntwert vum CNFL un den ADR-Deputéierten

Patronage vun der Orange Week

Nodeems dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, wéinst dem méigleche Patronage vun der vum CNFL koordinéierter „Orange Week“ de Boxekueder opstoe bliwwe war, an hien elo vum Premier wësse wollt, ob et sech gehéiert, datt d‘Groussherzogin sech fir eng politesch motivéiert Campagne engagéiert, a sief et datt se vun der UNO organiséiert gëtt, gëtt et d‘Äntwert vum Nationalrot vun de Fraen.

Si stellen hei dréche fest, datt déi un de Xavier Bettel geriichte Fro esou sënnfräi ass, wéi se och wéineg fundéiert formuléiert gouf. Datt den Här Kartheiser den CNFL fir e feministeschen a sexistesche Veräin hält, wier ugesiichts der Persoun déi d‘Ausso formuléiert, enger Remark net wierdeg. Et muss een sech jo och net ëmmer dem Toun an dem Niveau vu senge Géigner upassen.

Anersäits wier et net ze toleréieren, an dat besonnesch wann et vun engem Deputéierte kënnt, dee vu sech behaapt, datt esouwuel d‘Famill wéi den Haff fir hien en héije Stellewäert bekleeden, datt hei eng Campagne géint d‘Uwennung vu Gewalt géintiwwer Fraen a Meedercher denigréiert gëtt.

Déi géif zudeem, ob mat oder ouni Groussherzogin, dëst Joer vum 25. November bis 10 Dezember stattfannen. De grousse Marsch vun der Solidaritéit fënnt och wéi virgesinn, den 23. November an der Stad statt. Et wier jo och gutt wann d‘Groussherzogin Maria Teresa vun dëser Manifestatioun de Patronage kéint iwwerhuelen. Et wier wuel nëmmen e Symbol an awer och e Signal.

Zur Fro vum Deputéierten un de Premierminister gëtt et nach Bedenken. Esou stellt sech notamment d‘Fro, wien dës eigentlech vertraulech Informatioun weiderginn huet. Mee dat mat de Geheimnisser hei zu Lëtzebuerg ass esou eng Saach. Wat et méi „geheim“ ass wat méi Leit dovunner wëssen, an um Enn huet sech keen dofir interesséiert. Vum Haff gëtt et dozou keng Wuertmeldung…

Ähnlech Sujeten adr, CNFL, Fernand Kartheiser, Groussherzogin Maria Teresa, Orange Week, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel