Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trafic-Info: Escher Kulturlaf
bru speed dating

Trafic-Info: Escher Kulturlaf

Wéinst dem Escher Kulturlaf 2019, kënnt et e Samschdeg 7.

dating websites hong kong
bru speed dating

https://moien.lu/dating-a-girl-what-to-do/

Jorelaang hunn sech d‘Volleksvertrieder am Suessemer Gemengerot géint de Contournementsprojet

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren
bru speed dating

Mat Baby Driver kënnt jiddereen op héich Touren

Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat

Déi éischt Tripartite-Sëtzung wier bei gudder Stëmmung ofgehale ginn… behaapten se emol

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat

Jee nodeems wéi ee Brëll een sech opgesat huet, konnten d‘Gespréicher am Permanente Comité fir Aarbecht a Beschäftegung (CPTE) ënnert der Presidence, respektiv der Mediatioun vum Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) nees opgeholl ginn. Deen huet gëschter dann och vum Ufank vun enger grousser Diskussioun geschwat, an Bezuch op ee modernt Aarbechtsrecht.

Et war déi éischt Sëtzung vum CPTE, nom Eclat vu Mëtt-September, wou d‘Vertrieder vun der UEL sech dem sozialen Dialog verwiert hunn an den Diskussiounsdësch verlooss haten. Si hunn awer domatter éischter de Gewerkschafte gehollef, wéi dat si sech ee Gefale gemaach hätten. D‘Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP hunn sech am Kampf ëm d‘Saach nees vereent.

Dësen Ugrëff op de Lëtzebuerger Sozialmodell an déi generell Iwwerhieflechkeet mat där den UEL-President Nicolas Buck sech géintiwwer der gewerkschaftlecher Aarbecht auszedrécke versteet, stellt de 40 Joer alen Tripartite-Modell a Fro. D‘UEL gesäit dann och kee Grond firwat d‘Reform vum Aarbechtsrecht an der Tripartite sollt zur Diskussioun bruecht ginn.

Fir de Nicolas Buck a seng Geselle gëtt et den Ament souwisou nëmmen een Zil: méi Flexibilitéit. Donieft dreemen se bei der UEL an op der Handelskummer vun der Ofschafung vum Index, der Privatiséierung vun der Pensiounskeess a méi Eegeleeschtung bei de medezineschen Agrëff. Dat gesot stellt sech natierlech och d‘Fro, op sech dann elo d‘Gemidder gëschter berouegt haten…

Pak schléit sech, Pak verdréit sech

Et war dem Dan Kersch seng Ausso no der Sëtzung: „d‘Ambiance war relativ gutt“, déi awer drop higedeit huet, datt et nach ee wäite Wee wäert sinn fir vun der Diskussioun zum Dialog zréck ze fannen. D‘UEL wëll jo net méi an der CPTE verhandelen an d‘Gewerkschaften hale stur un dësem Prinzip fest. Dat ass am Sënn vum Aarbechtsminister, deen den CPTE och dofir als gëeegent gesäit.

Hei dierf een net vergiessen datt am Koalitiounsaccord festgehale gouf, datt d‘Reformen déi sech op d‘Aarbecht an d‘Beschäftegung bezéien, och „mussen“ am Kontext vun engem renovéierten a gestäerktem Tripartite-Sozialdialog am CPTE stattfannen. Dat bedéngt – ugesiichts dem bestoenden Dissens – datt de Fonctionnement vun dëser Institutioun dann och muss verbessert ginn.

Dat erëm léisst sech awer nëmme maachen, wann d‘UEL bereet ass och déi politesch Dossieren am CPTE mat alle Partner (Regierung a Gewerkschaften) ze verhandelen. Dozou mengt de Minister: „Et dierf een sech net un Definitioune festhalen. De CPTE hat ëmmer d‘Gespréichsbereetschaft vun de Sozialpartner als Grondlag, eng Verhandlung an deem Sënn huet ni ginn“, esou den Dan Kersch.

Hie betount dann awer nach, datt „d‘Zilsetzung ëmmer déi war, déi ënnerschiddlech Positiounen esou no unenaner ze réckele wéi méiglech“. Esou wier d‘Gespréich vu gëschter Moien dann och nëmmen den Ufank vun enger grousser Diskussioun, déi zur Moderniséierung vum Aarbechtsrecht an dem Aarbechtsmaart bäidroe soll. Et ass ee jo och nach wäit ewech vu Gesetzesvirschléi.

Et muss alles op den Dësch kommen

Jiddefalls huet de Minister confirméiert, datt ee säitens der Regierung bereet ass iwwert alles ze diskutéiere wat op den Dësch geluecht gëtt. Hie verweist op de Fakt – mee dat war laang virun engem Nicolas Buck – dat fréier déi divergent Siichte vu Regierung, Patronat a Gewerkschaft oft zu engem Accord gefouert hunn, deen uschléissend als Gesetzestext konnt ëmgesat ginn.

Gutt, et huet natierlech och därer Fäll ginn, wou déi „dräi“ sech net zu engem Konsens konnten duerchschloen. An deem Fall huet dann d‘Regierung misse Verantwortung iwwerhuelen. Esou dann och no dëser éischter CPTE-Sëtzung, wou de Konsens doranner bestanen huet dem President, also dem Aarbechtsminister d‘Wuert ganz eleng ze iwwerloossen. No Konsens kléngt dat awer net…

Vun enger gemeinsamer Positioun ass zwar rieds gaangen, wéi eng dat soll sinn erschléisst sech net wann, et net méiglech ass de Standpunkt vun allen Acteuren ze ermëttelen. Dobäi kommen zolidd a sécherlech och onbequem Changementer op d‘Gesellschaft duer, wéi et och vum Aarbechtsminister betount gëtt. Et geet also net ouni matenaner ze schwätzen, an dat wëssen déi implizéiert Acteuren.

Zu de Reformen op déi mir eis mussen astellen: Nei Aarbechtsmodeller déi net am aktuelle Gesetz berécksiichtegt ginn, bessere Schutz fir d‘Salariéeën, de Statut vum Independant, den Elterecongé, d‘Aarbechtsverträg (befrist an onbefrist), Organisatioun vun der Aarbechtszäit, den Teletravail, dat mat sektorielle Kollektivverträg, vir emol déi bekanntst ze ernimmen. Et bleift deemno spannend.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, CGFP, CPTE, Dan Kersch, Gewerkschaften, Handelskummer, LCGB, Nicolas Buck, OGBL, Patronat, Tripartite, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel