Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.
Neiegkeeten

Editorial: Alles am Kapp? Firwat Iddien am Moment am Mangel sinn.

Fir déi, déi et nach net woussten: E Wahlkampf ass e Wettsträit

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass
Neiegkeeten

Den neien Ant-Man Trailer weist, datt Gréisst duerchaus wichteg ass

Den éischten Ant-Man-Film war vir vill Leit eng angenehm Iwwerraschung.

Vill Froe wéineg Äntwerten
Neiegkeeten

Vill Froe wéineg Äntwerten

Datt de Bistum – also eigentlech d‘Lafayettee SA – seng

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass

Net noloossen! Et gesäit besser aus wéi et ass

Zu Lëtzebuerg ass ee sech säitens der Regierung, och oder vläicht grad well d‘Zuele vun den neien Infektiounsfäll eng Tendenz zur Baisse affichéieren, eens doriwwer, datt ee justement elo net gutt beroden ass sech an „neier Sécherheet“ ze spieren an de Moossnamen de Mëttelfanger ze weisen.

Nach stierwe Mënschen un de Follege vum Coronavirus Covid19, an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) huet an der virtueller Pressekonferenz vun ee Freideg d‘Leit opgeruff elo net nozeloossen, dat besonnesch hisichtlech engem wonnerschéinen (Meteo) Ouschterweekend. Domadder fält d‘Grillen am Gaart mat de Frënn a Kollegen aus, an dat ass leider richteg esou…

Interessant dann och d‘Annonce, datt eise Premierminister Xavier Bettel (DP) schonn déi nächst Woch, mat engem vun der Regierung (also hiren Déngschter) elaboréierten „Exit-Plang“ sech wëll un d‘Medien an iwwert dësen Ëmwee och un d‘Vollek riichte wäert. Wa mir vill Chance hunn, gëtt bei der Virstellung och erkläert op wat sech esou ee Plang stëtzt a wou dësen hiféiere sollt.

Paulette

Et ass net un der Zäit sech d‘Aen zouzehalen, de Wee ass ee laangen an wien net uecht gëtt, begeet sech a Gefor. © Nathan Dumlao / unsplash

Fir d‘Paulette Lenert, déi sech bis ewell gutt als Krisemanagerin geschloen huet, bleift déi gesamt europäesch Situatioun awer och weiderhi bedreelech. Mat der Feststellung, datt en Enn vun der Kris sech nach net ofzeechent, beweist d‘Gesondheetsministesch, eppes méi Wäitsiicht wéi dat bei villen Homologen an Krees vun der europäescher Famill de Fall ass. Och dat dierf een esou behaapten…

Natierlech fuerdert dës sanitär – mat der sech onweigerlech uschléissender wirtschaftlecher – Kris hire Präis. Et wäerten och weiderhi Mënsche stierwen, mee dat eleng ass net de Problem. D‘Lag u sech fuerdert och vun de „Liewegen“ ee beträchtleche Präis: psychologesch an ekonomesch. Mir wäerte wuel net méi an eist virecht Liewen zréck goen, et wäert näischt méi si wéi et emol war.

Testen, analyséieren an Entscheedungen treffen

Laut dem Paulette Lenert, ass Lëtzebuerg, gemooss u senger Gréisst, dat Land an der europäescher Unioun, dat proportionell déi meeschten Tester mécht. Stëmmt, woubäi Lëtzebuerg an enger kloer privilegiéierter Positioun ass. Et dierft dann och wuel kaum Schwieregkeete bereeden, dës Positioun anzehalen. An dës Tester, esou d‘Ministesch si wichteg fir adequat a séier reagéieren ze kënnen.

Esoulaang et keng geséchert Etüden an/oder Analyse gëtt, kann een d‘Evolutioun vun der Pandemie mam Covid19 net virausgesinn. A well ee vu Regierungssäit net weess wat nach op eis duerkënnt, et awer net zoulässeg wier kontraproduktiv Decisiounen ze huelen, gouf entscheet, datt ee bis op weideres keng schwéier krank Patienten aus Frankräich méi kann ophuelen. An dat huet säi Grond.

Paulette

Wou Liicht ass, do ass och Hoffnung. © Ahmed Hassan / unsplash

D‘Behandlung vu Patienten déi ee Beotmungsapparat benéidegen, ass eng laangwiereg Geschicht, bis zu dräi Woche sinn do éischter d‘Regel. D‘Ministesch ka bei aller Solidaritéit, net déi eis zur Verfügung stoend Intensivbetter liichtfankeg zur Verfügung stellen. Et muss een, nodeems ee sech Jorelaang fir den Ofbau vun dëse Better agesat huet, spuersam mat de Kapassitéiten ëmgoen.

Wat déi – eigentlech onsënneg – Fuerderung no Gesiichtsmaske fir jidderee betrëfft, esou huet eis d‘Ministesch wësse gelooss, datt zanter Ufank vun der Kris, 192.000 Maske verdeelt goufen an et nach ëmmer komplizéiert ass neier erbäi ze kréien. Dofir huet een elo de Residenten erlaabt – wéi wann déi drop gewaart hätten – datt och net homologéiert „zoulässeg“ sinn. Si verdeelt se awer net.

Illustratioun: © Harry Sandhu / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Hoffnung, Maros Sefcovic, Paulette Lenert, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel