Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen
Love Stories

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen

Um Donneschdegowend huet de Chef vun den amerikanesche Scouten sech

dislike
Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch
Love Stories

Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch

Déi belsch Polizisten hunn um Mëttwoch e gréissere Schlag géint

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen
Love Stories

D‘Pëll bleift trotz Niewewierkungen

D’Pëll ass a bleift eent vun de beléiftesten Verhütungsmethod zu

love

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn

Bei schéinstem Wieder, war en Donneschdeg de neie Pavillon am Märeler Park vum Stater Schäfferot ageweit ginn. Oder wéi et d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer géif soen: „Wa mir eppes aweien, da klappt et och mam Wieder“.

A wat ee beim éischte Bléck dierf behaapten: et ass en alles an allem gelongene Projet realiséiert ginn. Besonnesch erfreelech dann och de Constat, datt et eng jonk Equipp ass, déi d‘Gestioun kritt huet. D‘Stad Lëtzebuerg huet hei ee gudde Choix getraff, a beweist Vertrauen an d‘Zukunft.

Pavillon

D‘Bändchen ass duerchgeschnidden, domatter ass et offiziell: de Pavillon am Märeler Park ass op, a bei dësem schéine Wieder sollt ee sech hei roueg emol eng Auszäit gënnen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Datt de klenge Pavillon, deen 1977 der Fieder vum Architekt Pol Holweck entsprongen ass, seng „Zäit hannert sech hat“ war de Responsabelen um Knuedler bewosst, an 2016 si Neel mat Käpp gemaach ginn. An déi 3,2 Milliounen déi se an de Grapp geholl hunn, si beschtens investéiert.

De Park gouf zougemaach an eng ganz Rei noutwenneg Aarbechten an Ugrëff geholl ginn. An dësem Kontext ass och direkt d‘Annexe, an där déi technesch Equipp vum Service des Parcs ënnerbruecht ass, vergréissert an a Konformitéit gesat ginn.

Et muss erlaabt sinn sech anzegestoen, datt et nach hei an do e bëssche klemmt. Esou ass et mat der Stroumversuergung nach net ganze perfekt, wat et aktuell nach net erlaabt e Buffet ze bedreiwen, deen awer opgrond dem Undrang elo schonn néideg wier.

Pavillon

Eng Panorama-Iwwersiicht mécht däitlech, datt een sech hei gutt erhuele kann. D‘Stad Lëtzebuerg huet eng Pärel weider a sengem urbane Patrimoine, a mam neie Pavillon lount sech och emol dem Ëmwee. © Martine de Lagardère/moien.lu

Och fir d‘Männer a Frae vum Service des Parcs, déi am Märeler Park doheem sinn, muss nach de Problem mat de Vestiaire geléist ginn. D‘Problemer awer si bekannt, an d‘Schäffin Simone Beissel, wéi och de Schäffe Serge Wilmes hunn eis e Freideg zougeséchert, datt hei derhannert bleift.

Eng natierlech Pärel déi ee gutt versuerge soll

Datt de Märeler Park mat sengem Pavillon eng vun de Pärelen am Stater Park-Netzwierk ass, misst een eigentlech net betounen, mee well alles nei ass, dierf een hei roueg eng Lanz fir de Standuert briechen.

Hei kommen all Altersklassen op hir Käschten, an de Park ass eng reell Alternativ, fir jiddereen, deen sech dem Tumult vum Stater Zentrum wëll entzéien. Seng riseg Spillplaz fir d‘Kanner, déi klassesch ugeluechte Waasserfläch, déi grouss Gréngflächen, déi een alueden den Dag ze genéissen, an de neie Pavillon, maachen de Märeler Park scho bal eenzegaarteg.

Pavillon

Den Tom Becker (l) an de Paul Mreches sti mat hire Mataarbechter fir en héich qualitative Service riicht. Hei gëtt keen iwwersinn oder vergiess. D‘Produiten déi ugebuede ginn si vu beschter Qualitéit, an och beim Präis gëtt et kee Grond fir Reklamatioune. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ervirzehiewen ass dann awer de neie Pavillon, wou vum Trio: Ricky Guzman, Tom Becker a Paul Mreches geréiert gëtt. Si sinn engagéiert a motivéiert jonk Borschten, déi dem ganze Projet och e jonken Touch ginn.

De Park, deen esouwuel Famillje mat klenge Kanner, wéi och d‘Studente vum Athenäum an dem Campus Geesseknäppchen unzitt, erfreet sech dann och – wat bei dësem Wieder net verwonnert – engem groussen Zousproch. An datt et esou bleift, dofir dierften si dräi och bäidroen.

Pavillon

„Hei ass et schéin, hei si mir doheem“, domatter ass alles gesot oder? © Martine de Lagardère/moien.lu

Mueres kann een hei Kaffi drénken, an d‘Kiche bleift dann och duerchgoend op. Op Qualitéit an der Kichen a bei de Produite gëtt grousse Wäert geluecht. Datt d‘Clienten dat ze schätze wëssen, beweist de Fakt, datt um Dag vun der Ouverture, an der Mëttegstonn ganzer 180 Iessen zerwéiert goufen. Dat ass wéi en esou seet „pas mal“, well e „Plat du Jour“ gëtt et hei net.

Een eenzegen Usproch: dem Client gerecht ginn

Den Tom, deen eis eppes weider zum Pavillon konnt erklären, weist drop hin, datt hir éischte Suerg de Gäscht gëllt. D‘Cliente sollen sech wuel fillen, egal op jonk oder al. An tatsächlech ass de Client hei nach „Kinnek“, kritt eng éierlech Leeschtung fir säi Geld erbruecht.

Op hirer „Ouverture“, déi si no der offizieller Aweiung gemaach hunn, huet ee dann och dierfe feststellen, datt et sech schonn erëmgesprach huet, wéi flott et am Märeler Park ass. Dat huet dann och zum Deel mat intelligentem Marketing ze dinn. Si Informéieren op enger eegener Internetsäit, via Instagram an (bal onëmgänglech) via Facebook.

Wa mir alles richteg verstanen hunn, soll et och iwwert d‘Saison ewech punktuell Evenementer ginn. Et kann een also behaapten, datt nieft dem gastronomesche Volet, an dem groussen Erhuelungswäert vum Park en soi, och d‘Kultur seng Plaz am ganze fannen dierft.

Pavillon

Kënnen esou zefridde Gesiichter léien? Mir mengen nee, a wann se schonn aus dem Minett ugereest komme fir ee schéine Moment am Pavillon ze erliewen, da sollt et jidderee Virwëtzeg maachen. Gitt dohinner an iwwerzeegt iech, et ass all Cent wäert. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Märeler Park mat sengem Pavillon ass also den Ëmwee wäert, an et muss een net Stater sinn fir sech hei wéi doheem ze fillen. E puer Minutten ze fouss vum Parking Bouillon ewech, a gutt un den ëffentleche Verkéier ugebonnen, kann e beschtefalls d‘Wieder als „Excuse“ huelen, fir sech dat net ukucken ze goen. Mee uecht gedoen, e besteet d‘Gefor datt een net méi Fort wëll.

Foto: Hei ass et flott, an et feelt u näischt. Eng riseg Spillplaz wou ech mech sécher fillen, fir de klengen Honger oder och emol eng Glace ass gesuergt, a wann et mir waarm ass, setzen ech mech bei d‘Waasser. Wéini kënns du? © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Park Märel, Paul Mreches, Pavillon, Ricky Guzman, Stad Lëtzebuerg, Tom Becker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel