Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
dating a skinny dude nail fungus dating

are jim and pam from the office actually dating

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

caravan hook up extension
dating a skinny dude nail fungus dating

Diesel-Sommet: Esou laang wéi ee sech eens ass

Ma do hunn sech déi richteg zu Berlin zesummegedoe. D‘Vetrieder

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel
dating a skinny dude nail fungus dating

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Déi drëtt Editioun leeft vum 7. bis de 17 Mäerz am Kader vum Luxembourg City Film Festival

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Leschten Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel (DP), zesumme mam Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, Guy Daleiden, de ganze Programm vum „Pavillon vun der virtueller Realitéit“ virgestallt, deen de Mëttwoch 6. Mäerz am Casino Lëtzebuerg – Forum vun der zäitgenëssescher Konscht – offiziell erëffent gëtt.

Et ass datt schonn déi drëtt Editioun, déi vum Lëtzebuerger Filmfong, am Partenariat mat „Digital Luxembourg“ am Kader vum „Luxembourg City Film Festival“ organiséiert gëtt. Nom Erfolleg vun de virechten zwou Editiounen, installéiert sech de Pavillon 2019 nees am Casino Lëtzebuerg, mat enger nach méi origineller an ambitiéiser Programmatioun. Déi gouf an enker Zesummenaarbecht mam Centre PHI, dem kulturellen an artistesche multidisziplinäre Pôle vu Montreal ausgeschafft.

Esoubal wéi de Luxembourg City Film Festival lancéiert gëtt, an da bis den 17. Mäerz, sinn et net manner wéi zéng VR-Installatiounen – dorënner zwou Lëtzebuerger Koproduktioune – déi am Casino op en interesséierte Public waarden. Si sollen de Festival-Besicher erlaben eng Selektioun vun Erfarungen an Inhalter ze entdecken, déi zu den international ambitiéiste gezielt ginn.

Säit elo enger Rei Joren, huet sech déi virtuell Realitéit an der audiovisueller Ekonomie installéiert an de Lëtzebuerger Filmfong dréit aktiv derzou bäi. Esou gi reegelméisseg innovativ Inhalter vum Filmfong subventionéiert. Esou déi zwou Koproduktiounen, déi sech an de Pavillon 2019 agelueden hunn: „Fan Club“ vum Vincent Ravalec (a_Bahn) an „Playmobil The Movie – VR Adventures“ vum Olivier Rakoto (2.9 Film Holding Ltd; Bidibul Productions; Kaïbou Productions).

Bleift nach ze notéieren, datt déi zweet Editioun vum „VR-Day“, deen de Profien dediéiert ass, eng ganz Rëtsch u Konferenzen zum Thema „virtuell Realitéit“ bitt. Hei treffen sech national an international Experten, fir sech iwwert d‘Opportunitéiten an d‘Erausfuerderungen ënnerhalen, déi d‘Kreateuren an de Maart vun der virtueller Realitéit begéinen. Et gëtt deemno net langweileg.

Ofschléissend huet de Premierminister preziséiert: „Andeems mir Synergien tëscht den Initiative vum Lëtzebuerger Filmfong an deene vun ‚Digital Luxembourg‘ schafen, verstäerkt déi Lëtzebuerger Regierung seng Ënnerstëtzung fir zuelräich Projeten an Kontext vun den neien Technologien, wat laangfristeg zu weidere Kollaboratiounen ënnert kulturellen Acteuren an Acteuren aus dem numeresche Secteur féiere soll“.

Foto: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong © Digital Luxembourg

Ähnlech Sujeten Casino Lëtzebuerg, Digital Luxembourg, Letzebuerger Filmfong, Luxembourg City Film Festival, virtuell Realitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel