Search

You may also like

D’Kulturfabrik presentéiert seng nei Verwaltung
Neiegkeeten

D’Kulturfabrik presentéiert seng nei Verwaltung

Um Donneschdeg, den 18. Juni huet d’Kulturfabrik seng traditionell Generalversammlung

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun
Neiegkeeten

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

Lëtzebuerg ass multikulturell a säi Räichtum huet et virun allem

Autoen zu Beetebuerg a brand gestach?
Neiegkeeten

Autoen zu Beetebuerg a brand gestach?

Wéi d‘Police mellt sinn um fréie Muere vum Reveillon (24.

PCR-Tester: De Plang vun der Regierung

PCR-Tester: De Plang vun der Regierung

Wéi zanter gëschter gewosst ass, soll et bei eis flächendeckend zu de PCR-Tester kommen, dat alles natierlech op fräiwëlleger Basis, an no engem ganz konkrete Plang. Zil ass et déi ganz Populatioun vum Land, d‘Grenzgänger abegraff, op de Coronavirus Covid19 ze testen. Zu dësem Zweck ginn an de nächsten Deeg a Wochen, sougenannt „Drive-in“ op 17 Standuerter opgeriicht.

Ouni konkret Detailer – déi géifen eis bestëmmt nëmme veronsécheren- -ze nennen hunn déi zoustänneg Autoritéiten duerchklénge gelooss, datt een d‘Bevëlkerung vu Lëtzebuerger net als en „Ensembel“ wäert betruechten, mee dës, zesumme mat de Grenzgänger, an Kontingenter opdeelt. Et kéint sech deemno, net „spontan“ teste loossen, wat awer nees am krasse Widdersproch zu de geplangten „Drive-in“ steet, et sief och dat gouf net zefriddestellend an ausféierlech erkläert.

Dat eenzegt wat et u „konkretem“ gëtt, ass d‘Informatioun, datt d‘Regierung mat senge Partner dës kontigentéiert Tester an Etappe solle virgeholl ginn:

  • Etapp 1: Vun engem Kontingent gëtt ee representativen Echantillon getest an d‘Resultater déi sech dorausser ofleede loossen, ginn dann eng Indikatioun iwwert ee méiglechen Deconfinement vun dëser „Kategorie“;
  • Etapp 2: All déi Leit vun engem Kontingent ginn dann agelueden, sech op fräiwëlleger Basis testen ze loossen;
  • Etapp 3: Nom ugestrieften Deconfinement gëtt nees ee representativen Echantillon vun dësem Kontingent selektionéiert, fir eng zweete Kéier getest ze ginn. Dat ëmmer op fräiwëlleger Basis.

Datt sech awer elo d‘Regierung an hir wëssenschaftlech Conseilleren, net esou wierklech drop verloossen, datt si déi erhofften Daten op fräiwëlleger Basis och erhalen, kann een un enger Rei Punkte festmaachen. Esou gëtt keen an den Alters- an/oder Fleegeheemer gefrot op ee wëll matmaachen. Hei gëtt getest an u sech ass schéngt d‘Utilitéit jo jidderengem ersiichtlech ze sinn.

Zudeem ass gewosst, datt och déi ronn 6.000 Abiturienten an hir ronn 2.500 Proffen, déi jo elo nees op fräiwëlleger Basis an d‘Schoul dierfen, solle getest ginn. Wat wier dann awer wann, ugeholl nëmmen een Drëttel vun der hei genannter Populatioun géif bereetwëlleg d‘Nues duer halen, dës Date keng vollstänneg Iwwersiicht iwwert den Infektiounsstatus mam Covid19 zouloossen?

Hei wier et ubruecht eppes méi kloer Linnen ze zéien, zemools deene meeschte mëttlerweil bewosst ass, datt et sënnvoll ass sech Testen ze loossen. Eng kloer Informatioun zur Fiabilitéit, oder zumindest den Erkenntnisser déi derzou gefouert hunn, datt d‘Tester och ouni Symptomer richteg an zouverlässeg Resultater verspriechen, erschéngt an dësem Kontext och noutwenneg.

Illustratioun: © Science in HD / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Fräiwëlleg, PCR-Tester, Regierung
Next post Previous post