Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval
International Neiegkeeten

dating portal leipzig

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

how far back can carbon dating go
Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung
International Neiegkeeten

Disney & Star Wars: eng profitabel Bezéiung

De George Lucas (Lucasfilm) hat d‘Ära Star Wars 1977 lancéiert,

how far back can carbon dating go
An der éischter Klass op Ashgabat
International Neiegkeeten

An der éischter Klass op Ashgabat

Dat se bei der Cargolux hiren Optrag, Wuere sécher a

Japan: Nei Beschëllegunge géint de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi

Fir de Carlos Ghosn gëtt d‘Loft dënn

Japan: Nei Beschëllegunge géint de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi

Fir de PDG vu Renault-Nissan-Mitsubishi, Carlos Ghosn, deen zanter dem 19 November zu Tokio an Untersuchungshaft sëtzt, gëtt d‘Loft dënn. Déi japanesch Justiz werft dem Carlos Ghosn vir, säin Akommes verschleiert a Steierflucht begaangen ze hunn. Elo kritt de Konzernchef vun de Justiz Vertrauensmëssbrauch virgeworf.

Nodeems de Carlos Ghosn, Mëtt November verhaft gi war, well hie soll tëscht 2010 an 2015 säin Akommes net no de Reegele versteiert huet, sinn him e Freideg 11. Januar nei Virwërf virgeluecht ginn. Engersäits soll hien d‘Praxis vun der Verschleierung bis 2018 weidergefouert hunn, anersäits gëtt him elo och Vertrauensmëssbrauch virgeworf.

Et kéinte laang 15 Joer ginn

Bei dësem neie „Akt“ an engem Justiz-Drama, geet et drëms ze beweisen, datt de PDG seng „finanziell Verloschter“ – am Kontext vu privaten Investissementer – iwwer Konte vun Nissan „ofgeschriwwen“ ze hunn. Dat sinn dräi Ukloen, deenen sech de Carlos Ghosn erwiere muss. An domatter schéngt et och nach net gedoen ze sinn.

Japanesch Medie mellen, datt Nissan beabsichtegt, géint säi fréiere Patron eng Klo anzereechen. Et ass also net dovunner auszegoen, datt de Carlos Ghosn esoubal op fräie Fouss kënnt. Elo – also ouni d‘Klo vu Nissan – riskéiert hie scho bis u 15 Joer feste Prisong. Kenner vun der japanescher Justiz ginn dovunner aus, datt hie bis zu sengem Prozess an Haft bleiwe muss.

Fräiheet géint Kautioun?

En Termin fir dëse Prozess ass nach net fixéiert ginn, heescht et säitens dem PDG sengem Affekot. Dee kéint fréistens a sechs Méint stattfannen. De Carlos Ghosn bestreit all dës Virwërf a behaapt sech drop, alles no Recht a Gesetz gemaach ze hunn.

Seng Fra, Carole Ghosn, huet matgedeelt, datt déi japanesch Autoritéiten hir Informatiounen zum Gesondheetszoustand verweigeren. Et wier der Famill net emol méiglech sech mam Dokter vum tokioter Prisong ze ënnerhalen. Si ass awer besuergt, well si aus de Medie gewuer ginn ass, datt hire Mann ënner Féiwer leide géif, awer zanter dem 19. November kee Kontakt erlaabt ginn ass.

Dem Carlos Ghosn säin Affekot hat bei enger éischter „Verhandlung“ um Mëttwoch, dem Geriicht d‘Demande ënnerbreet, de Beschëllegte géint eng Kautioun Fräizeloossen. Seng Argumentatioun: et géif keng Fluchtgefor bestoen, an d‘Enquête vun de franséischen Autoritéiten, kéint d‘Virwërf net bestätegen, firwat säi Client nach ëmmer PDG vu Renault wier. D‘Geriicht ass deem net nokomm.

Skurrilles zum Carlos Ghosn

De PDG vun der japanesch-franséischer Industrieallianz, huet e puer skurril Detailer a sengem Liewenslaf. Am Frankräich hat hie den Spëtznumm „Le Cost Killer“ erhalen, wéi hien drastesch Spuermoossname bei Renault ëmgesat huet. Mesuren déi staark an d‘Kritik gerode waren, mee Renault nees op d‘Bee gestallt hunn. Mat der „Allianz“ ass him e geniale Coup gelongen.

A Brasilien gebuer, mat libanesesche Wuerzele mee franséischem Pass, huet sech de Carlos Ghosn ëmmer „anescht“ gefillt. Eegenen Aussoen no, soll him dat gehollef hunn, sech ëmmer nees neie Kulturen unzepassen. Et war him am Verlaf vu senger Carrière och emol ugebuede ginn, sech als Kandidat fir d‘Presidence vum Libanon opzestellen. Eng Offer déi hien awer refuséiert huet.

Mee och a Japan ass hien esou eppes wéi en Held, wat derzou gefouert huet, datt et eng Comic-Buch Serie zu senger Persoun gëtt. An et gëtt nach besser: 2011 hat et a Japan e Sondage ginn, bei deem d‘Awunner gefrot goufen, wien si gären un der Spëtzt vum Land geséichen. Hei hat sech de Carlos Ghosn als siwente placéiert, wäit virum Barack Obama.

mat Indymedia

Foto: Hei am „Tokyo Detentioun House“ sëtzt de PDG vu Renault an Untersuchungshaft. Hie gëtt weder besser nach méi schlecht wéi déi aner Häftlinge behandelt. Et ass allerdéngs keng „Kur“ well de Mann kritt just eng Schossel Räis den Dag. (Archiv/Nesnad – cc by sa 3.0)

Ähnlech Sujeten Carlos Ghosn, Japan, Miitsubishii, Nissan, Renault, Untersuchungshaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel