Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“
International Meenung Neiegkeeten

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

Dat schlecht Wieder huet den dausende Party-Gäscht vun der Technoparad

Katar-Kris: Den Drock klëmmt
International Meenung Neiegkeeten

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen
International Meenung Neiegkeeten

Inclusioun: eng Iddi vun de Belsch soll hëllefen

Am Kontext vum „Debat an der Mëttegstonn“ eng Serie vun

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Editorial: Eng Provokatioun sonnergläichen

Datt sech den Donald Trump drop konzentréiert zeréckgewielt ze ginn, dat kann een him – och wann een en net leide kann – net verdenken. Datt hien awer bereet ass déi ganz Welt, oder nëmmen eng Regioun an d‘Verdierwen ze dreiwen, fir dëst Zil ze erreechen allerdéngs schonn. Säi Plang „Peace to Prosperity“ verstéisst géint sämtlech UN-Resolutiounen a géint d‘Vëlkerrecht.

Am 181 Säiten ëmfaassenden Dokument sinn zwou Kaarten enthalen. Béid verweisen op een nëmme knapp zesummenhängenden „bloe Fleck“ op beigem Hannergrond. Eppes méi am Detail fannen sech nach emol dräi butzeg blo Flecken. Dat Blot ass dat wat den Donald Trump an déi gescheit Käpp déi him zur Säit gestane sinn, als zukünftege Palestinenserstaat unerkenne wëllen.

Interessant och, datt wann ee sech dee „méi grousse“ bloe Fleck ukuckt, vill beige Flecken ze erkenne sinn, déi fir déi 15 Siidlunge stinn, déi Israel Vëlkerrechtswiddreg opgeriicht huet. An natierlech sinn op der Kaart och keng Maueren oder soss „Barrièren“ opgezeechent, déi dës blo Flecken ëmginn. Dofir sinn d‘Tunnellen a Brécke vermierkt, déi dës Flecke verbanne sollen.

Während elo dës Tunnellen a Brécken déi blo Flecke matenaner verbannen, also ënnert oder iwwer israelescht Staatsgebitt féieren, behält Israel awer déi integral Kontroll iwwert alles, wat a Palestina an- oder ausreest oder importéiert/exportéiert gëtt. En Zougang zum Mëttelmier ass nëmmen ënner israelescher Kontroll méiglech, an och de Loftraum gëtt vun Israel integral kontrolléiert.

Zudeem ass an dësem Plang virgesinn, datt Israel ëmmer da mat senge Sécherheetskräften agräift, wann d‘Regierung dat fir néideg hält. Palestina soll vollstänneg demilitariséiert ginn, an dierf als Staat kenger internationaler Organisatioun bäitrieden, wann dat net ausdrécklech vum Staat Israel erlaabt gëtt. Kléngt net wierklech no Onofhängegkeet, net emol esou richteg no Autonomie.

An et gëtt nach besser: Palestina muss, wann et op dem Donald Trump säi Plang ageet, all bestoend Kloe beim internationale Geriichtshaff zu den Haag zeréckzéien an dierf an Zukunft ni méi eng Klo bei dësem areechen. Palestina dierf dann och ni méi amerikanesch oder israelesch Bierger bei der Interpol ukloen a schonn emol guer net bei enger Justiz, déi net israelesch oder amerikanesch ass.

Kee Wonner datt de Milliardär keen Interessi drun hat, d‘Palestinenser beim ausschaffe vun dësem Friddensplang mat um Dësch ze hunn. Kee Wonner och, datt d‘Palestinenser an dat wat si als Regierung betruechten, onméiglech op dëse Wee matgoe kënnen. Dat wat do virgeluecht ginn ass, ass kee Plang, mee faktesch d‘Entmëndegung vum palestinensesche Vollek a senger Regierung.

Alles an allem ass dëse Friddensplang, déi duerchgeluede Pistoul un der Schléif vun engem Vollek, dat zanter iwwer 4 Joerzéngten drangsaléiert an un der eegener Entwécklung behënnert gëtt. Et ass awer net nëmmen en Affront géintiwwer de Palestinenser, et ass och en däitleche Message un de Rescht vun der Welt: „Mir hunn d‘Soen an dir hutt iech ze fügen“. Fridde gëtt esou awer keen…

Ähnlech Sujeten Affront, Dondald Trump, Friddensplang, Israel, Kriminell, Palestina, Peace to Prosperity
Nächsten Artikel Virrechten Artikel