Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem
Kultur Neiegkeeten

„Lifelong Learning“: Mat der Salariatskummer kee Problem

Sech weiderbilden, e liewe laang, dat mécht net nëmme Sënn,

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit
Kultur Neiegkeeten

Glécksspill an de Bistroen: d‘Brigange kruten den Dicks gebéit

An éischter Linn e „portugisesche Fait divers“ huet och Lëtzebuerg,

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin
Kultur Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin

Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché

Eemaischen: D‘Péckvillercher hunn och an der Haaptstad gepaff

An de Gässele vun der Uewerstad war op Ouschterméindeg zolidd eng lass. A wann d‘Eemaische scho bei „normalem“ Wieder ëmmer vill Leit unzitt, esou war et ugesiichts de summerlechen Temperaturen déi gëschter virgeherrscht hunn, regelrecht „Iwwerlaf“. Vill Gäscht aus dem Ausland hunn d‘Fest fir d‘éischt entdeckt a waren, et dierf een et betounen, begeeschtert.

Interessant dann och d‘Feststellung, datt sech ëmmer méi Grenzgänger – also déi Mënschen déi zu Lëtzebuerg hiert Akommes verdéngen – vun der kultureller wéi touristescher Offer iwwerzeege loossen. Sech um gesellschaftleche Liewe vun deem Land ze bedeelegen an deem ee schafft dréit dann och zum besseren Zesummeliewe bäi, wéi eis vun ënnerschiddlecher Säit bestätegt gouf.

Woubäi een der Vollstännegkeet awer och drop hiweise muss, datt aus den verschiddenste Grënn vill Familljen net méi iwwer Ouschteren „fortfueren“, firwat déi regional Evenementer nees méi zur Geltung kommen an entspriechend gutt besicht sinn. Dat gëllt iwwregens och fir de Lëtzebuerger an d‘Residenten am grousse ganzen. Et ass jo och wouer, datt et bei eis am Ländche ganz flott ass.

Foto & Galerie: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Eemaischen, Péckvillchen, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel