Pedophilie: Äerzbëschof vu Santiago verweigert d‘Ausso
Den Äerzbëschof vu Santiago huet sech geweigert engem chilenesche Procureur Ried an Äntwert ze stoen. Deen hat de Kierchemann convoquéiert, well dëse beschëllegt gëtt sexuell Aggressioune verheemlecht ze hunn. Déi chilenesch Kierch muss sech aktuell mat ville Skandaler erëmschloen.
De 76 järege Kardinol Ezzati, héchste Würdenträger vun der kathoulescher Kierch am Chile, ass moies um Parquet vu Rancagua ukomm. Hei waren imposant Sécherheetsmoossname getraff ginn, an och d‘Mediepresenz war dem Rang vum Kierchemann wierdeg. „Déi réimesch Kierch ass verduerwen“, war op engem Plakat ze liesen, dat en isoléierte Manifestant matbruecht hat.
No enger gudder Stonn, ass de Prälat aus dem Gebai komm an huet deklaréiert: „mir wäerten an alle Punkten zesummeschaffen“. Dem Kierchemann säin Affekot huet eppes méi spéit preziséiert, datt de Kardinol keng Ausso gemaach hat. „Fir den Ament huet de Kardinol entscheet keng Froen ze beäntwerten, bis mam Parquet iwwert eng definitiv Astellung vun der Prozedur geschwat ginn ass“.
Fir den Affekot ass den Ezzati onschëlleg. „Hien huet ni eppes verstoppt, keng Beweiser zerstéiert“, ënnersträicht de Me. Hugo Rivera. Eng Siicht déi de Procureur vu Roncagua, Emiliano Arias, net deelt. „Jiddereen, deen e Verbrieche begaangen huet, gëtt ugeklot. (…) Dat ass keng Hexejuegd, hei geet et ëm Gerechtegkeet“, esou de Magistrat dee sech mat der Enquête befaasst.
„… beréiert se net un de Genitalien“
Eng Enquête iwwert d‘Verschleierung vun de sexuellen Aggressioune bannent der kathoulescher Kierch. Am Fokus d‘Hierarchie, déi Bescheed gewosst hätt, an bewosst d‘Täter a Schutz geholl. Am Fall vum Ezzati, geet et drëms, datt hie bewosst d‘Dote vu sengem fréiere „verlängertem Aarm“ den Oscar Munoz, vertuscht hätt. Dee gëtt der Pedophilie a mindestens siwe Fäll beschëllegt.
D‘Äerzdiözes vu Santiago huet rezent fir Polemik gesuergt, well si am Internet eng kleng Brochure mat Rotschléi verëffentlecht huet. Rotschléi fir d‘Paschtéier, déi méi explizit net hätte kënne sinn. Esou geet hinne geroden: keng Massagen ze ginn, Kanner net op de Mond ze këssen oder si un de Genitalien ze beréieren. Eng Informatioun déi net gutt ukomm ass, an vill Kritik ervirgeruff huet.
„De Feigling vu Kardinol gëtt als Verdächtegt convoquéiert, an entscheet sech fir de Silenz, fir sech net ze kompromettéieren (…) Dir kriminell Bëscheef, enges Daags lant dir am Prisong. Dir huet esouvill Liewen zerstéiert!“, esou d‘Reaktioun op Twitter, vum Journalist Juan Carlos Cruz, selwer en Affer vu sexuellem Mëssbrauch duerch e pedophille Kierchemann.
Déi chilenesch Kierch kënnt, zanter de Poopst François am Januar d‘Land besicht huet, net méi zur Rou. Bis ewell mussen sech d‘Justiz an de Parquet mat 119 Enquête befaassen. Alleguerten handele vu sexueller Aggressioun – op Mannerjäreger an Erwuessener – a féieren zréck bis an d‘60er Joer.
mat AFP
Foto: Den Äerzbëschof Ricardo Ezzati (hei eng Opnam aus dem August) steet an der Kritik, well hien engersäits, nëmmen da mat der Justiz kann zesummeschaffen, wann et zu enger Astellung vun der Prozedur kënnt, an anersäits, well hie (bewosst) déi pedophil Dote vu sengem Vertrauensmann, Oscar Munoz verschleiere wëll. © Martin Bernetti/AFP