Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl
International Neiegkeeten

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl

Wann ee bedenkt, datt et bis gëschter kee Gesetz ginn

cooltongue
Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC
International Neiegkeeten

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC

Saudiarabien wëll Russland mat an en neie Club vu Pëtrolsproduzenten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag
International Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Um Donneschdeg sinn eis zwee Schwëmmer erëm bei den Olympesche

Pedophilie: Den Dalaï Lama wousst vun den Iwwergrëff

Pedophilie: Den Dalaï Lama wousst vun den Iwwergrëff

Op der hollännescher Tëlee huet den Dalaï Lama e Samschdeg zouginn, datt hie schonn zanter den 90er Joren Informatiounen hat, laut deene buddhistesch Enseignanten sech solle sexuell un hire Schüler vergaangen hunn.

De spirituelle Chef vun de Buddhisten huet sech eng Visite vu véier Deeg an Holland geleescht, an ass hei Affer vu sexuellen Iwwergrëff begéint. Doten déi solle vu buddhisteschen Enseignante begaange gi sinn. Den Dalaï Lama huet domatter op den Appell vun 12 Affer reagéiert, déi eng Petitioun lancéiert haten, mat där dës Entrevue sollt erzwonge ginn.

Fir d‘Auteure vun der Petitioun, déi um Méindeg vill Zousproch erhalen huet, ass et wichteg, dem spirituelle Leader ze begéinen, an him iwwert hir Erfarungen ze beriichten. „Ech hu schonn dovunner gewosst, dat ass näischt Neies“, esou den Dalaï Lama e Samschdegowend op der hollännescher Chaîne NOS.

Täter sollen sech schummen?

Am Interview huet den Dalaï Lama dann drop higewisen, datt 1993, am Kader vun enger Konferenz vun de buddhistesche Leader zu Dharamsala, engem Duerf a Nord-Indien „iergendeen de Problem vun net definéierte sexuellen Handlungen ugeschwat huet“.

Fir d‘Auteure vun der Petitioun – déi dausenden Ënnerschrëften erhalen huet – war et wichteg ze betounen: „Mir haten eng Zouflucht am Buddhismus fonnt, mat engem oppene Geescht an Häerz, bis mir a sengem Numm vergewaltegt goufen“. Si wollten dann och vum Dalaï Lama Äntwerten.

Déi fält „gemässegt“ aus: „Mënschen déi sexuell Aggressioune beginn, maachen sech keng Gedanken zum Enseignement vu Buddha“, esou de spirituelle Leader, deen nach ënnersträicht, datt déi presuméiert Täter sech „schumme“ sollten.

Mat erhuewenem Fanger!

Den 83 järege spirituelle Leader hätt schonn ëmmer esou e schänterlecht an onverantwortlecht Verhalen denoncéiert, an den Affer Bréiwer geschriwwen. Esou de Statement vum Tseten Samdup Chhoekyapa, offizielle Member vum Büro vum spirituelle Chef. An engem Bréif virun der Entrevue um Freideg, erkläert dësen: „Hien (den Dalaï Lama) huet geroden d‘Enseignanten ze warnen, datt esou e Beholl net kann toleréiert ginn, a muss ophalen“.

Et soll dann am November zu enger grousser Konferenz vun de spirituellen tibetanesche Leader kommen. Dat zu Dharamsala, an et soll sech konzentréiert zu de Virwërf vu sexuellen Iwwergrëff ausgeschwat ginn. Den Dalaï Lama: „Déi reliéis Leader misste besser oppassen“.

mat AFP

Foto: Den Dalaï Lama begréisst seng Fans, wéi hien zu Rotterdam am Hotel ukomm ass. Hien huet am Kontext vun enger Visite an Holland, och eng Entrevue mat Affer vu sexuellen Iwwergrëff gehat. Déi haten d‘Entrevue iwwert eng Petitioun gefuerdert, an de spirituelle Leader huet zouginn, datt him de Problem zanter den 90er Jore bekannt ass. © Robin Utrecht/anp/AFP

Ähnlech Sujeten Buddhismus, Dalaï Lama, Holland, Pedophilie, Sexuell Iwwergrëff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel