Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!
International Neiegkeeten

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen,

Erkenns du dës Kierchtierm?
International Neiegkeeten

Erkenns du dës Kierchtierm?

Et ginn honnerte vu Kierchen zu Lëtzebuerg. Do kann et

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen

„Frae mussen sech méi un der Formatioun vun de Paschtéier bedeelegen, an esou derzou bäidroen de Phänomen vun der Pedophilie an der Kierch ze bekämpfen“, seet de kanadesche Kardinol Marc Ouellet, bei enger Aussprooch iwwert „d‘Kris“ an „d‘Rebellioun“ wou déi kathoulesch Kierch trëfft.

„D‘Kierch muss méi maachen an mir brauchen eng gréisser Bedeelegung vu Fraen an der Ausbildung vun de Paschtéier, am Enseignement, beim Uerteelsverméigen, bei der Auswiel vun de Kandidaten, hirem Equiliber an hirer Affektivitéit“, esou de Kardinal géintiwwer de Medien, bei enger Pressekonferenz am Kontext vun der Plenière vun de Konferenz vun den europäesche Bëscheef (CCEE) zu Poznan a Polen.

Hien ass der Usiicht, datt d‘Kierch méi Virsiicht misst beweisen, beim Choix vu senge Bëscheef. Dat war eng däitlech Uspillung op d‘Revelatiounen, déi den Äerzbëschof vu Washington, de Kardinol Theodore McCarrick betreffen, an eng Referenz zu weidere Pedophilie-Skandaler, an déi de kathoulesche Klerus verstréckt ass. E Klerus deen oft vu senger Hierarchie beschützt ginn ass, wéi et déi onséileg Beispiller aus den USA an Däitschland beweisen.

De Problem ass „Global“

De Kierchemann, deen am Vatikan d‘Bëschofscongregatioun leet, huet dann nach drop higewisen, datt et „eng spéider Reflexioun gëtt. De Poopst huet (fir de Februar 2019) all d‘Presidente vun de Bëschofskonferenzen op Roum agelueden, fir dëse Problem an enger méi ausgedehnter Perspektiv unzegoen“.

„Fir den Ament huet een den Androck, datt et virun allem en amerikanesche Problem ass. Mee et ass e mënschleche Problem, en ass universell. D‘Kierch steet aktuell am Zentrum vum Debat, mee dëse Problem geet wäit iwwert d‘Kierch eraus“, betount de Marc Ouellet. Dat verhënnert net, esou seng Erkenntnis, datt „mir mat enger Liewenskris bannent der Kierch konfrontéiert sinn. Eng Kris um Niveau vum Leadership vun de Bëscheef. An och, a gewësser Hisiicht, mat enger Rebellioun ze dinn hunn“.

Mat enger Uspillung op d‘Beschëllegungen, déi vun engem fréieren Nunzius zu Washington, géint de Poopst ausgedréckt goufen, stellt sech de kanadesche Kardinol viru säi Chef. Hien denoncéiert dës direkt Attacken, déi ongerecht sinn, e schlecht Beispill an e schwéiere Feeler duerstellen. Esou rifft hien déi europäesch Bëscheef op, dem Poopst hir Solidaritéit auszedrécken.

Wéineg Manifestanten

Bei dëser „Konferenz“ huet et och Protest ginn. E verhältnesméisseg onbeuechte Protest… Si waren nëmmen eng Handvoll Manifestanten, déi um Samschdeg virum Sëtz vun der Äerzdiözes vu Poznan hir Banner héich gehalen hunn. A grousse Buschtawen haten si hir Fuerderungen: „Stoppt d‘Pedophilie an der Kierch“ an „Trennung vu Kierch a Staat“, opgeschriwwen.

Wann dës engagéiert Mënschen dann och nëmmen e Grappvoll waren, esou haten si sech e gudden Zäitpunkt fir hire „Protest“ auserwielt. Si hunn genee zu deem Zäitpunkt manifestéiert, wou de polnesche President Andrzej Duda, seng „Interventioun“ de Bëscheef virgedroen huet. Den Duda, de Mann deen zu méi Solidaritéit a chrëschtlech Wäerter réit, fir d‘Kris vun europäescher Unioun an de Grëff ze kréien.

Interessant, wann ee bedenkt, datt grad am Bezuch op déi „europäesch Solidaritéit“, dem Andrzej Duda seng Regierung net wierklech e Beispill ass, deem een noäifere soll.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bëschofskonferenz, Kardinol Marc Ouellet, kathoulesch Kierch, Pedophilie, Poznan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel