Search

You may also like

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!
International Neiegkeeten

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…
International Neiegkeeten

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…

Geet et der Piratepartei no, da soll de Landwirtschaftsminister, Romain

money
Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon
International Neiegkeeten

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no

Australien: Pedophille Kardinol George Pell bleift am Bing

Fréiere Finanzchef vum Vatikan ka Mëssbrauchsvirwërf net entkräfte a muss sëtze bleiwen

Australien: Pedophille Kardinol George Pell bleift am Bing

De Kardinol George Pell deen der Welt ëmmer als virbildleche Katholik presentéiert ginn ass, huet – esou d‘Iwwerzeegung vun der australescher Justiz – an de 90er Joeren zu Melbourne zwee Bouwe vum Chouer sexuell mëssbraucht. Dofir soll de Kierchemann vu n 78 Joer, sechs Joer an de Bing…

Am Mäerz hat e Geriicht zu Melbourne ënnert dem Virsëtz vum Peter Kidd, de vatikanesche „Finanzminister“ zum feste Prisong veruerteelt, well et dovunner iwwerzeegt ass, datt den George Pell sech un de Chouerbouwen „vergraff“ huet. Dem Kierchemann säin Affekot hat natierlech direkt kloer gemaach, datt säi Client dëst Uerteel net géif unerkennen an konsequenterweis an Appell geet.

De fréiere Vertraute vum argentineschen Heiland, de Poopst Francis, war bis dohinner d‘Nummer „3“ vun der kathoulescher Firmenzentral a bestreit déi géint hien erhuewe Virwërf. Dobäi war an ass d‘Beweislag bis haut „erdréckend“ an de Mann soll frou sinn, mat sechs Joer dovun ze kommen.

Net vun dëser Welt

Mee Kierchemänner schéngen net vun dëser Welt ze sinn. Si verloossen sech op de Glawe vun hire Scheewercher an deen ass jo och weiderhi wäit verbreet, firwat een sech et erlabe kann, entgéint aller Vernonft an den unhängleche Konsequenzen, erwise Verbriechen ze verleegnen. An domatter kommen se tatsächlech ganz oft duerch. An Australien huet dës Kéier awer d‘Recht gewonnen.

Gutt, den ieweschte Geriichtshaff vum Bundesstaat Victoria huet d‘Entscheedung net Eestëmmeg getraff. Dat ass awer fir d‘Affer éischter en Detail, wichteg dierft hinne sinn – an allen déi Recht iwwer Glawe stellen – datt zwee vun den dräi Riichter de Recours vum Sexualtäter refuséiert hunn.

Wéi de Premier Scott Morrison dat matgedeelt krut, huet hien entscheet, datt de Kardinol George Pell seng 2005 erhalen „Auszeechnung fir den ausseruerdentlechen Asaz zugonschte vun der kathoulescher Kierch an Australien“ entzu kritt. Keng einfach Entscheedung, well et gëtt der nach immens vill, déi wëllen iwwerzeegt sinn, datt de Kierchemann als Sënnebock hierhale muss.

Null Asiicht

Wann et da schonn emol berouegend ass ze wëssen, datt dëse Kierchemann elo seng Gelëschter mat neie Kollegen deele muss, esou ass den dossier wäit dovunner ewech „ofgeschloss“ ze sinn. Den 1. Prozess war schliisslech dorunner gescheitert, datt sech déi Geschwueren net eens gi waren.

D‘Presidentin vum ieweschte Geriicht, Anne Ferguson, stellt an dësem zesummenhang fest: „Et kann ee soen datt dëse Fall d‘Gesellschaft gedeelt huet“. Trotzdeem huet d‘Geriicht beschloss, datt de pedophille Kardinol am Prisong bleiwe muss, a fréistens an dräi Joer, also 2022, eng virzäiteg „Entloossung“ ufroen dierf. Dat ass laang, also wäert de George Pell weider Rechtsmëttel aleeën.

Allerdéngs erlaabt him och dëse Recours net, bis zur Verhandlung op fräiem Fouss ze sinn. Wéineg Versteesdemech gëtt et och géintiwwer dem Vatikan a dem Poopst Francis. Déi kathoulesch Kierch huet sech bis haut net vum Kardinol distanzéiert an him och net seng Ämter entzunn. Net cool…

mat indymedia/mel

Foto: Hien ass trotz erwisenem sexuelle Mëssbrauch un zwee Bouwen nach ëmmer Kardinol an e Vertraute vum Poopst Francis. Eng Situatioun déi esou eigentlech éischter bei der organiséierter Kriminalitéit „Traditioun“ huet. Woubäi d‘Kierch schonn ëmmer gefalen u mafiéisen Traditioune fonnt huet. © IM/aus

Related topics Georpe Pell, Kardinol, kathoulesch Kierch, Poopst Francis, Sexuelle Mëssbrauch
Next post Previous post