Search

You may also like

Taifun Faxai verwüst Tokio
International Neiegkeeten

Taifun Faxai verwüst Tokio

Masseg Reen an hefteg Wandstéiss huet den Taifun Faxai an

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL
International Neiegkeeten

D’Taina Bofferding beim FNCTTFEL

Gëschter huet eis Inneministesch Taina Bofferding d’Vertrieder vum Landesverband (FNCTTFEL)

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende

De 4. September 1970 gouf den Dokter Salvador Allende zum President

De Pedro Sanchez hält um Noutstand fest

Wéinst dem Lockdown dierfen a Spunien d‘Awunner nëmmen ënner strengsten Oplagen ausser Haus

De Pedro Sanchez hält um Noutstand fest

Spuenien ass eent vun den europäesche Länner, dat am häertste vun der Covid19 Pandemie betraff ass. Och hei géifen sech d‘Bierger iwwert gewësse Lackerunge vum Confinement freeën, mee dat wier esou nach net méiglech, huet gëschter de Regierungschef erkläert. Hie wëll de Lockdown, deen zanter dem 15 Mäerz a Kraaft ass, elo nach emol ëm wéinstens 14 Deeg verlängeren…

Eng „Ausnam“ kéint awer fir d‘Kanner ginn. Wéi een et elo awer kann ariichten, datt d‘Butzen an d‘Teenager esou geschützt wéi iergendwéi méiglech „hien Aktivitéiten“ kënnen nogoen, dat wëll Madrid déi nächst Woch erklären. De Pedro Sanchez brauch fir unzefänken d‘Approbatioun vum Parlament, fir den Noutstand ze verlängeren. Eng Reprise viru Mëtt Mee, erschéngt net Sënnvoll.

De spuenesche Ministerpresident huet gesot, dat seng Regierung ab dem 11. Mee wëll ufänken, déi streng Oplage vum Confinement, virsiichteg a schrëttweis erofzefueren. Dat awer wier nëmmen da méiglech, wann d‘Infektiounszuelen zréckginn, méi Tester gemaach an esouwuel an de Schoule wéi op den Aarbechtsplazen, d‘Moossname getraff goufe fir de gréisstméigleche Schutz ze garantéieren.

Pedro

De 17. Abrëll huet Madrid 5.252 Neiinfektioune gemellt (69 méi wéi nach de 16. Abrëll) an op dësem Dag huet de Bilan bei 19.478 Stierffäll insgesamt geleeën. De Gesondheetssecteur ass duerch dat héicht Patientenopkommen nach ëmmer iwwerlaascht. D‘Zuel vun de Neiinfektioune läit aktuell nach bei ronn 3%.

Net all mateneen

De Pedro Sanchez huet weiderhin erkläert, datt et méiglecherweis Regioune wäert ginn, wou een d‘Erliichterunge méi séier kann ugoen. Anersäits besteet och d‘Gefor vun der Noutwennegkeet, nees musse Moossnamen zréckzehuelen, wann déi sech net bewäerten. Ganz onverblimmt huet de Regierungschef de Leit „ee laange Marsch a Richtung vun enger neier Normalitéit“ annoncéiert.

Richteg ass awer och, datt sech d‘Verbreedung vun der Infektiounskrankheet an de leschten Deeg däitlech reduzéiert huet an d‘Situatioun an de Spidoler ufänkt sech ze entspanen. Woubäi een net dierf vergiessen, dat déi lescht Woch nach all Dag iwwer 500 Mënschen un de Folge vum Covid19 hiert d‘Liewe verluer hunn. Mat iwwer 20.000 Stierffäll huet Spuenien en zolitten Tribut bezuelt.

mat indymedia/mad/bcn

Bild: (Videoausschnëtt)

Related topics Coronavirus, Covid19, Lockdown, Pedro Sanchez, Spuenien
Next post Previous post