Search

You may also like

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !
International Neiegkeeten

POST: nach ëmmer keng Gehältergläichstellung !

Bei OGBL fänkt een un es deem ganze midd ze

Nei am Verlag Lilu: De Molbier
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Lilu: De Molbier

Am neie Wierk „De Molbier“ gëtt d’Geschicht vum klenge Bier

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen
International Neiegkeeten

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Zu London hunn se sech Gedanken iwwert d‘Folge vun engem

Peking befiercht eng nei Epidemie, mee ass et dee selwechte Virus?

Peking befiercht eng nei Epidemie, mee ass et dee selwechte Virus?

Dosenden Neiinfektiounen a China hunn déi lokal Autoritéiten an Zochzwang bruecht. Et schéngt geséchert, datt d‘Krankheet vun engem grousse Maart zu Peking ausgeet. D‘Zentralregierung huet d‘Verwaltunge vun der Stad opgefuerdert an de Krichszoustand ze goen. D‘Stonn „Null“ gëtt vun den Autoritéiten op ee Freideg zeréckdatéiert.

Geméis den offizielle Sourcen, géif den Infektiounsursprong zum Xinfadi-Maart am südwestleche Staddeel Fengtai féieren. Et ass mat 112 Hektar Fläch dee gréisste Maart vun der chinesescher Haaptstad. Iwwert dëse Maart gëtt de gréissten Deel u frësche Liewensmëttel un déi iwwer 20 Milliounen Awunner geliwwert. Bis zu 90 % vum Uebst a Geméis transitéiert iwwer dëse Maart.

Peking

De Xinfadi-Maart zu Peking, esou grouss wéi 115 Fussballsterraine kéint en neien Hotspot am Kontext mam Coronavirus Covid19 sinn. © Xinhua

Bei den Infizéierten hunn d‘Medezinner de Virus analyséiert, a laut enger virleefeger Sequenzéierung hätt dëse Virus een anere Genstamm, wéi de Covid19 (SARS-Cov2). An dësem kuerzen Zäitraum léisst sech natierlech net alles feststellen, an d‘Epidemiologe wëllen elo hir Resultater mat den Analysen aus anere Länner vergläichen. Den Ausgangspunkt konnt awer zeréckverfollegt ginn.

Laut den Autoritéite féiert d‘Spuer vum Virus op ee Stand, wou importéierte Saumon verschafft ginn ass. China importéiert dëse Fësch aus ville Länner, dorënner Australien, Chile an d‘Färöer-Inselen, mee och aus Kanada an Norwegen. Op et eng direkt Relatioun zum Fësch gëtt? Laut dem Epidemiolog vum Gesondheetsamt, Zeng Guang, géif ganz intensiv gefuerscht fir dat ze klären.

De Covid19 haten si eigentlech am Grëff

Dësen neien Ausbroch kënnt just zu engem Zäitpunkt, wou se a China d‘Covid19-Pandemie a, Grëff haten. Ee Samschdeg huet déi national Gesondheetskommissioun 57 nei Infektiounsfäll, landeswäit, verzeechent. Dat ass déi héchsten Zuel zanter Abrëll, an ugesiichts der Gréisst vum Land, net zwéngend beonrouegend. Et ass wéi ëmmer, den Däiwel verstoppt sech am Detail.

PekingVun de 57 Infektiounsfäll sinn der 36 zu Peking festgestallt an dovunner gi 27 Fäll mam Xinfadi-Maart a Verbindung bruecht. Als éischt ass direkt decidéiert ginn, déi gutt 10.000 Händler an Aarbechter vum Maart ze testen. No den um Samschdeg éischte 500 Tester, ware 45 Persounen infizéiert. Dës ginn als asymptotesch agestuuft an falen esou net an déi landeswäit Statistik.

Natierlech hunn d‘Autoritéiten de Maart direkt zougemaach an dëse soll elo grëndlech desinfizéiert ginn. Ronderëm de Maart sinn zudeem 11 Wunnquartiere vollstänneg ofgerigelt ginn, d‘Crèchen an d‘Schoule sinn och zou, grad esou nach sechs weider méi kléng Mäert. En Decisioun mat Folgen, wëll dës Mesure wäert zwangsleefeg en direkten Impakt op d‘Liewensmëttelversuergung hunn.

D‘Autoritéiten huelen d‘Saach eescht

Wann ee bedenkt, datt China zanter Wochen all Dag just ee Grappvoll Neiinfektioune gemellt huet, vun deenen déi meeschte bei Chinese festgestallt goufen déi aus dem Ausland heemkomm sinn, da sinn esou Noriichten natierlech bedenklech. Laut den Offiziellen Zuelen, huet et a China eppes méi wéi 83.000 Infektiounsfäll ginn, 4.634 Mënsche sinn un de Folge vun der Infektioun gestuerwen.

Peking

De Maart ass elo zou. Déi iwwer 10.000 Leit wou do schaffe mussen elo getest an d‘Areal an der Déift desinfizéiert ginn. © Xinhua

No dësem Ausbroch sinn nees all Virsiichtsmoossname verschäerft ginn. Peking war scho beim Ausbroch vun der Pandemie zu Wuhan besonnesch „geschützt“ ginn. Eigentlech hat sech Peking vum Rescht vum Land ofgekoppelt, an d‘Confinementsmesure goufen eréischt rezent gelackert. Mat dësem neien Hotspot gëtt dat alles zréckgeholl. Elo brauch et emol Äntwerten op d‘Froen.

Entgéint dem Maart vu Wuhan, wou och wëll Déiere gehandelt goufen, ass de Xinfadi-Maart fräi vun dëser „Wuer“. De verännerte Genstamm ass et dann och, wat de Medezinner den Ament am meeschte Kappzerbrieches bereet. Si hoffen an den nächsten Deeg zumindest dorops eng Äntwert ze kréien. Bis dohinner muss esouvill getest gi wéi iergendwéi méiglech…

mat indymedia/tpe

Foto: Well de Virus vun den neien Infektiounsfäll an der chinesescher Haaptstad en anere Genstamm huet, mussen elo d‘Resultater vun den Analysen aus anere Länner verglach ginn. Eng zweet Well war ni ausgeschloss ginn, an den Ament konzentréieren sech d‘Autoritéiten op dat direkt Ëmfeld vun dësem lokaliséierten Hotspot. © Xinhua

Related topics China, Coronavirus, Covid19, Peking, Xinfadi-Maart
Next post Previous post