Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Oxfam: „Am Jemen stierft all dräi Stonnen en Zivilist“
herald dating kendall confirms dating blake

best genuine dating apps in india

Am Yemen géif all dräi Stonne e Mënsch stierwen, esou

https://moien.lu/dating-monkey/
herald dating kendall confirms dating blake

Aktiv fir de Klima: Ethiopien planzt 350 Millioune Beem an engem Dag!

Als Deel vun der nationaler Green Legacy Initiativ gëtt geplangt,

Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg
herald dating kendall confirms dating blake

Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg

D’Stroossebauverwaltung informéiert iwwert e Chantier op der N1 um Echangeur Sennengerbierg

Peking am Clinch mat de Vereenten Natiounen

UN-Mënscherechtskommissärin huet eng „Meenung“ zu de Protester vun Hong Kong

Peking am Clinch mat de Vereenten Natiounen

Well d‘UN-Mënscherechtskommissärin Michelle Bachelet an der Zeitung „South China Morning Post“ hir Meenung zu den unhalende Protester zu Hong Kong zum Ausdrock bruecht huet, ass Peking zolidd veriergert a schwätzt vun enger Amëschung déi net ubruecht wier.

An d‘Michelle Bachelet huet dann och an hirem „Beitrag“ oppe gefuerdert, datt et am Kontext vun den Ausenanersetzungen tëscht den Demonstranten an der Police, zu enger onofhängeger Enquête am Bezuch op d‘Policegewalt komme misst. Déi chinesesch Vertriedung bei der UN zu Genève huet de Beitrag vun der UN-Mënscherechtskommissärin als „feelerhaft“ bezeechent.

PekingZudeem géif d‘Michelle Bachelet d‘Ziler an d‘Prinzipie vun der UN-Charta verletzen. Deen ee Samschdeg publizéierte Meenungsartikel géif Bemierkungen zur Sonnerverwaltungsregioun Hong Kong enthalen, déi net ubruecht wieren, wat den Tatbestand vun der Amëschung a bannenzeg Ugeleeënheete géif erfëllen, esou den offizielle Wuertlaut vun der chinesescher Reklamatioun.

Et ass dann och schonn eppes gewot, am Artikel – esou kuerz nodeems den Donald Trump déi vum US-Kongress virgeluechten „Hong Kong Gesetzer“ ënnerschriwwen huet – d‘Autoritéite vun Hong Kong opzefuerderen eng „onofhängeg an neutral riichterlech Enquête vun de Berichter iwwer exzessiv Gewaltuwennung vun der Police anzeleeden“. Déi gëtt schliisslech vu Peking kontrolléiert.

Peking

Datt d‘Michelle Bachelet sech op d‘Säit vun den Demonstranten zu Hong Kong stellt, huet och eppes mat hirer eegener Geschicht ze dinn. Si hat sech an de 70er den Demonstratioune géint d‘Diktatur am Chile a fir d‘Fräiloossung vun den inhaftéierte Fraen agesat. (Handout)

Déi chinesesch Regierung werft dann och der UN-Mënscherechtskommissärin vir, datt si mam Artikel d‘Chaoten zu Hong Kong weiderhin zu radikalen a gewalttätegen Aktiounen ermontert. Déi prodemokratesch Beweegung werft der Police vir onverhältnesméisseg Gewalt unzewennen. De Protest deen elo en halleft Joer al ass, huet zu 5.800 Verhaftungen an 1.000 Ukloe gefouert.

Déi prodemokratesch Beweegung zu Hong Kong, déi op d‘Ënnerstëtzung vun der westlecher Welt hofft, kann allerdéngs och en zolitten Erfolleg opweisen. Bei de Bezierkswahlen, un deenen sech iwwer 70% vun den Awunner bedeelegt hunn, konnten déi demokratesch Kandidaten 388 vun den insgesamt 452 Mandater fir sech gewannen. E „symboleschen Akt“ mat vill Potential?

mat indymedia/gva

Foto: D‘UN-Mënscherechtskommissärin Michelle Bachelet. © UN

Ähnlech Sujeten Hong Kong, Michelle Bachelet, prodemokratesch Bewegung, UN-Mënscherechtskommissärin, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel