Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bichergeck – eng kleng Virstellung
what does radioactive dating measure Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-jakarta-indonesia/

Wann ech an engem Molbuch krozelen, molen ech iwwert de

https://moien.lu/suzy-dating-rumors/
what does radioactive dating measure Neiegkeeten

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss

Den Ausseminister an de Justizminister hunn en Dënschdeg zu verstäerkte

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden
what does radioactive dating measure Neiegkeeten

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer

Säit gëschter dierfe keng amerikanesch Krichsschëffer a Militärfliger zu Hong Kong Halt maachen

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer

Nodeems den Donald Trump déi vum US-Kongress virgeluechten „Hong Kong Gesetzer“ déi lescht Woch ënnerschriwwen hat, war Peking eppes saierlech ginn, an huet op déi oppen Ënnerstëtzung vun der pro-demokratescher Beweegung mat Sanktioune reagéiert.

Säit ee Méindeg dierfen US-Krichsschëffer a Militärfliger zu Hong Kong keen Tëschenhalt méi aleeën. D‘Genehmegungsprozedur wier „ausgesat“ esou eng Spriecherin vum chineseschen Ausseministère. Als weider Moossnamen si Sanktioune géint Netregierungsorganisatiounen (ONG) aus den USA virgesinn. Dozou gehéiert d‘Mënscherechtsorganisatioun Human Rights Watch.

PekingWat genee mat „sanktionéiere“ gemengt ass, respektiv wéi eng Strofen den ONGen dreeën, dat ass net gewosst. Hei dierf een drun erënneren, datt auslännesch Mënscherechtsorganisatiounen a China souwisou net dierfen aktiv sinn. Woubäi dat elo eréischt en Ufank ass. Esou wéi d‘Lag evoluéiert, wëll Peking weider Moossnamen ergräifen, fir seng Souveränitéit an Interessen ze sécheren.

An der fréierer britescher Krounkolonie gëtt zanter elo gutt 6 Méint deels hefteg protestéiert. Déi lokal Regierung kritt d‘Situatioun net an de Grëff an d‘Zentralregierung zu Peking verléiert esou lues awer sécher d‘Gedold mat der pro-demokratescher Beweegung, déi vill Zousproch aus den USA erhält. Och an Europa ass een net glécklech iwwert d‘Virgäng, mee et hält ee sech nach zréck.

PekingMëttlerweil huet sech den Dissens och op déi Vereenten Natiounen (UN) ausgebreet. Hei huet d‘UN-Mënscherechtskommissärin Michelle Bachelet derzou bäigedroen. Si hat an der South China Morning Post hir „Meenung“ zum Ausdrock bruecht a gefuerdert datt et am Bezuch op d‘Gewalt säitens den Autoritéiten, zu enger onofhängeger Enquête komme misst.

Domatter hätt d‘Michelle Bachelet d‘UN-Charta verletzt. Hire Meenungsartikel zu Hong Kong wier net ubruecht an wier eng Amëschung a bannenzeg Ugeleeënheeten. Säit Ufank vun de Protester, si ronn 5.800 Persoune verhaft ginn, ëm déi 1.000 mussen sech enger Klo wéinst Rebellioun stellen. Ob a wéi et zur Entspanung komme kann, ass ugesiichts dësen Entwécklungen ongewëss.

mat indymedia/tpe

Foto: Hong Kong kënnt net zur Rou © Ulia

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Hong Kong, Peking, pro-demokratie Beweegung, Sanktiounen, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel