Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Laf vun der Zäit
International Neiegkeeten

Am Laf vun der Zäit

D‘Gemeng Schëffleng huet ee grousse Fundus u Konschtwierker an elo

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen
International Neiegkeeten

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen

Mat der Digitaliséierung, déi onweigerlech Liewensbestëmmend gëtt, mussen sech d‘Europäer

Sexuelle Mëssbrauch an der Kierch
International Neiegkeeten

Sexuelle Mëssbrauch an der Kierch

D‘Äerzdiözes vu Lëtzebuerg huet gëschter säi Bericht, zu den hir

Et kriselt nees tëscht Peking a Washington

Et kriselt nees tëscht Peking a Washington

Nodeems d‘Trump-Administratioun d‘Aarbecht vun de chinesesche Staatsmedien zolidd begrenzt huet, huet Peking decidéiert d‘Journaliste vu groussen US-Medienhaiser auszeweisen. Dat ass dann en neien Déifpunkt an de Bezéiungen tëscht béiden Natiounen.

Heivunner Betraff wieren eng 13 Journalisten, déi fir esou renomméiert Blieder wéi d‘Washington Post oder dem Wall Street Journal schaffen. Déi hunn elo e puer wéineger Deeg Zäit hir Pressekaart ofzeginn an d‘Land ze verloossen. Am Viséier vun de chineseschen Autoritéite sinn awer och Time Magazine a Voice of America. Déi mussen den Autoritéiten eng Lëscht vu Mataarbechter virleeën.

Et ass dat d‘Äntwert op eng Rei Entscheedunge vu Washington. D‘US-Regierung huet vill an den USA aktiv chinesesch Medien als „Staatsmedien“ agestuuft an et ass och eng maximal Unzuel vu chinesesche Journalisten an den USA festgeluecht ginn. Dat ganzt huet natierlech och eppes mat der Kris ze dinn, déi vum Coronavirus Covid19 ausgeléist ginn ass. Hei gëtt jo net u Virwërf gespuert.

Esou huet dee charismateschsten US-President aller Zäite widderholl vum „Wuhan-Virus“ a vum „China-Virus“ gebraddelt, wuel éischter fir – et ass schliisslech Wahlkampf – sengen Unhänger ze verdäitlechen, wien un der Pandemie Schold huet. En zimmlech domme Schachzuch deen nëmme ka mat „Wahlkampfstrategie“ a Verbindung setzen. Dat huet dann och eng Reaktioun erzwongen.

Nodeems den US-President also „indirekt“ China beschëllegt huet, hunn och chinesesch Politiker, jo esouguer Regierungsvertrieder d‘Rumeur gestreet, datt de Virus net chinesesch ass, mee vun der US-Arméi ausgesat ginn ass. Zudeem huet déi chinesesch Zentralregierung den Amerikaner – mee eigentlech der ganzer westlecher Welt virgeworf, net genuch géint dës sanitär Kris ze ënnerhuelen.

Réckbléck op d‘Entwécklungen

Ugefaangen huet dës nei Episod am Februar nodeems d‘USA Aschränkunge fir chinesesch Medie beschloss hunn. Déi mussen sech elo – am selwechte Mooss wéi dat fir Ambassade gëllt – als „auslännesch Vertriedung“ registréiere loossen. Dat ass net nëmmen ëmständlech, mä huet eng vill méi staark Kontroll duerch Washington zur Folleg. Eng fräi Berichterstattung ass do schwiereg.

Ufank Mäerz huet China dunn déi éischt amerikanesch Journalisten heemgeschéckt. Dräi Korrespondente vum Wall Street Journal hunn hir Wallisse muss paken. Hinnen ass virgeworf ginn, ee beleidegende Kommentar zum Ausbroch vun der Coronavirus-Epidemie verfaasst ze hunn. Dat hat nees eng weider Géigereaktioun vu Washington zur Folleg, an déi suergt fir Opreegung.

Fënnef Presseorganer an eng Uewergrenz vun honnert Mataarbechter ass esou beschloss ginn. Dat heescht dat eng 60 an den USA akkreditéiert chinesesch Journalisten, elo och d‘Heemrees untriede mussen. Elo dann d‘Ausweisung vun 13 US-Journalisten… Domadder huet den Dissens tëscht den USA a China en neien Déifpunkt erreecht. Dobäi sollt grad elo eppes méi zesummegeschafft ginn.

mat indymedia/lax

Illustratioun: © Marcus P / unsplash

Ähnlech Sujeten China, Journalismus, Peking, Pressefräiheet, USA, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel