Search

You may also like

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur
Neiegkeeten

EU-Ausseminister Krisesëtzung wéinst wäissrussescher Diktatur

Nodeems et leschte Weekend an der leschter europäescher Diktatur bei

surprise
Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
Neiegkeeten

Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

[onionbuzz quiz-id=107][/onionbuzz] Mir hunn eis mol erëm dru ginn an

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
Neiegkeeten

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel

De staatleche Lëtzebuerger Pensiounsfong (Fonds de Compensation, FDC) investéiert trotz „nohalteger a sozial verantwortlecher Investitiounspolitik“ weiderhin kontinuéierlech a Shell, Total, BP, Chevron, Equinor, Fortum an an aner fossil Brennstoff-Entreprisen.

Greenpeace Lëtzebuerg huet den am Mee verëffentlechte Joresrapport vum FDC analyséiert a kënnt zum Schluss, datt dëse weiderhin kontinuéierlech a Kuel-, Ueleg- a Gasentreprisen investéiert. Dëst steet a frappantem Widdersproch zu de Behaaptunge vum FDC, datt grouss Deeler vum 19 Milliarde schwéiere Fong nohalteg a sozial verantwortlech investéiert géife ginn.

Greenpeace veruerteelt déi „Greenwashing“-Taktik vum FDC a fuerdert d’Regierung an d’Parlament op, direkt Moossnamen ze ergräifen an ëffentlech Gelder vun ëmweltschiedlechen Entreprisen ofzezéien.

Den FDC huet eleng am Joer 2019 méi wéi 256 Milliounen Euro an e puer vun de gréisste Kueleentreprise vun der Welt investéiert. Méi vun den nohalteg verwalteten Deelfongen, dorënner e puer ESG-zertifiéiert Deelfongen, hunn a global Ëmweltverschmotzer wéi Shell, Total, BP, Chevron, Equinor, Fortum investéiert.

„De Fonds de Compensation wëll op de Green Finance-Zuch opsprangen. A Realitéit huet en am vergaangene Joer seng Investitiounen a klimaschiedlech Aktivitéiten erhéicht, mat negative Folge fir d’Mënscherechter. Et kann een awer net béides hunn“, erkläert d’Martina Holbach, Kampaignerin fir Klima a Finanzen bei Greenpeace Lëtzebuerg.

Suen, déi a fossil Brennstoffer fléissen, si mam Konzept vun nohaltegen Investitiounen net ze vereenen. Ëmweltverschmotzend Entreprisen wéi Shell an Total hunn et verpasst, hir Geschäftsstrategie mat de Klimaschutzziler an Eeklang ze bréngen, fir eis an de Planéit virun engem rasante Klimawandel ze schützen. Et ass inakzeptabel, eis Pensioune mat esou Investitiounen op d’Spill ze setzen.“

D’Lëtzebuerger Regierung huet de Paräisser Klimaschutzofkommes ratifizéiert a sech ëffentlech zur Ëmsetzung vu kloer méi nohaltegen a gréngen Investitiounsrichtlinne fir den FDC verflicht. Si huet et awer verpasst, am Kader vum Nationalen Energie- a Klima-Aktiounsplang eng zolid Basis ze schafen, fir datt den FDC an aner staatlech Fongen net méi laang ëffentlech Gelder a fossil Brennstoffindustrien investéieren.

„D’Regierung ënnerstëtzt d’Greenwashing-Taktik vum FDC, andeems si déi klimaschiedegend Investitiounspolitik vum Pensiounsfong ignoréiert. De Verméigensverwalter vum FDC steet et fräi, Investitiounen a Kuel an an Ueleg als gréng ze bezeechnen dës Rechnung kann net opgoen. Vu BiergerInnen an Entreprisen zu Lëtzebuerg gëtt Engagement géint de Klimawandel erwaart, de Pensiounsfong dogéint dierf sech weiderhin aller Rechenschaftsflicht entzéien“, seet d’Myrna Koster, Kampaignerin fir Klimagerechtegkeet bei Greenpeace Lëtzebuerg. „Duerch d’Negligence vum FDC fuerdert Greenpeace d’Regierung op, hire Wieder Dote folgen ze loossen an endlech ze handelen.“

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg

Opmaacherfoto: Aktioun vu Greenpeace zum Stop vu klimaschiedleche Finanzéierungen um Mëttwoch (22.1.2020) beim WEF zu Davos. Foto: Flurin Bertschinger/Ex-Press

Related topics Ëmweltverschmotzung, FDC, Fonds de Compensation, fossil Brennstoffer, Fossil Energien, Greenpeace, Investitioun, Klimawandel, Nohaltegkeet, Pensiounsfong
Next post Previous post