Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches
https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

Dat hat sech Däitschland anescht virgestallt. Amplaz vu schéine Biller,

rock varnish dating
https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

https://moien.lu/red-flags-how-to-know-when-youre-dating-a-loser/

No der déidlecher Explosioun op enger russescher Militärbasis, behaapt Washington

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer
https://moien.lu/dating-a-skinny-dude/

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

Den haitegen 8. Juni steet ganz am Zeeche vun eise

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?

Eng wichteg Fro: Muss d‘Permanence als Aarbechtszäit betruecht ginn?

Dës Fro war de Géigestand vun enger Podiumsdiskussioun vun der CESI (Europäesch Unioun vun den onofhängege Gewerkschaften) an deen dozou gefouerten Debat huet net wierklech zu enger klorer Positioun bäigedroen. Mee ëm wat geet et eigentlech?

D‘Aarbechtswelt huet sech verännert, an nieft der stänneger Erreechbarkeet, den Iwwerstonnen an engem héijen Aarbechtspensum, verbonne mat engem net manner héije Mooss u Flexibilitéit, si vill Salariéeën och verflicht Permanencen ze maachen, ouni dobäi physesch op der Aarbecht präsent ze sinn. Déi heimatter verbonne Waardenzäit ka krank maachen an huet en Impakt op d‘Fräizäit.

Bis ewell sinn dës „Waardenzäiten“ net als Aarbechtszäit berécksiichtegt ginn, wat sech och negativ op de Salaire ausgewierkt huet. Et ass de Fall vum fräiwëllege Pompjee, Rudy Matzak – säit 1981 bei de fräiwëllege Pompjeeë vu Nivelles (B) täteg – deen de Steen un d‘Rulle bruecht huet. Dee war mat dësem „Mëssstand“ net méi averstanen, an huet seng Situatioun viru Geriicht bruecht.

Am Kontext vu senger Permanence, war de Rudy Matzak gehale bannent 8 Minutten nom Agang vum Uruff op der Waach ze erschéngen. Dat huet natierlech d‘Fräizäit vum Pompjee ageschränkt. Dat war awer net dem Rudy Matzak säin eigentleche Problem. Hien huet et vill méi geiergert, datt hie fir seng Waardenzäiten net entschiedegt ginn ass, an huet sech doropshin zur Wier gesat.

Den EuGH huet statuéiert

Aus dem Uerteel vum europäesche Geriichtshaff (EuGH) vum 21. Februar 2018 geet ervir, datt dem Kläger tatsächlech eng Entschiedegung zousteet. Ausschlaggebend war déi „direkt Verfügbarkeet“. Den EuGH huet argumentéiert, datt wann de Patron d‘Permanence un zäitlech oder geographesch Virgabe knäppt, déi d‘Fräizäit vum Salarié aschränken, muss dës Waardenzäit als Aarbecht zielen.

Während dem Debat ass dëst Uerteel diskutéiert ginn. Um Debat deelgeholl hunn: den Affekot vum Pompjee, Pierre Jossaert, déi op EU-Recht spezialiséiert Vertriederin vun der EU, Andrea Grgic, de Vizepresident vun der Pompjeesgewerkschaft „Avenir Secours“ (F), Alain Laratta, den FGFC-President (L), Marco Thomé, wéi och de Vizepresident vun der CSIF (E), Jordan de Urries.

Am Verlaf vun der Diskussioun huet sech erausgestallt dat unhand dem Uerteel vum EuGH zukünfteg net méi nëmmen d‘Rettungsdéngschter, mee och aner Beruffer sech mussen op Verännerunge gefaasst maachen. An dat gëllt besonnesch fir d‘Gesondheet- a Sozialwiesen.

Et ass sech mat den Auswierkunge befaasst ginn, déi dëst Uerteel fir Mënschen huet, déi bei verschiddene Patronen ënnerschiddlech Tätegkeeten ausüben an esou Aarbechtszäite kumuléieren. Fräiwëlleg Pompjeeë leeschten – inklusiv hirer normaler Aarbechtszäit – oft iwwer 100 Stonnen an der Woch. Dowéinst kéint eng praktesch Ëmsetzung vum Uerteel an der Praxis komplizéiert ginn.

Aus der Siicht vun der CGFP

Wéi kann elo de Riichtersproch vum EuGH an nationaalt Recht ëmgesat ginn? Wéi a vu wiem dës Permanence finanziell musse gedroe ginn? Wéi kann d‘Anhale vun der Wochenaarbechtszäit garantéiert ginn? Vill Froen déi zu enger ugereegter Diskussioun gefouert hunn…

Et brauch an dësem Kontext awer Äntwerten. Virun der Podiumsdiskussioun, beim internen Treffe vun der CESI, hat de CGFP-Generalsekretär, Steve Heiliger, e puer interessant Ureegungen am Bezuch op d‘Sécherheet an d‘Gesondheet vun de Salariéeë gemaach. Zu Lëtzebuerg deckt eng Onfallversécherung déi Accidenter of, déi beim Ausübe vum Beruff passéiere kënnen.

Hei stellt sech jo dann och déi logesch Fro: „Kënnt déi Versécherung och dann op, wann der Persoun während der Permanence en Accident geschitt, oder si en Accident provozéiert?“. Woubäi och nach ze kläre wier, op de Salarié, deen zu Permanencen ugehale gëtt, net eng zousätzlech privat Versécherung misst ofschléissen. Dat verdäitlecht wéi komplizéiert de Sujet ass.

De FGFC-President Marco Thomé, ass op déi méiglech Konsequenzen agaangen, déi de Fall Rudy Matzak op déi lëtzebuergesch Rettungsdéngschter kéint hunn. Hien do op eng parlamentaresch Ufro verwisen, a misse bestätegen, datt no lëtzebuergeschem Recht, dëst Uerteel net direkt ugewannt ka ginn. D‘Uerteel u sech, géif awer eng Bedreeung vum „Lëtzebuerger Modell“ duerstellen.

mam Max Lemmer/CGFP

iwwersat aus dem däitsche vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten CGFP, FGFC, Flexibiliséierung, Iwwerstonnen, Permanencen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel