Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President
Angry Fail Meenung

Editorial: Net ganz gescheit, Mister President

Datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus e politescht Gefill

angry
D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International
Angry Fail Meenung

D‘Zuele vun den Hiriichtungen op der Welt si réckleefeg, seet Amnesty International

Aus dem Bericht vun Amnesty International (AI), deen haut verëffentlecht

secret
Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen
Angry Fail Meenung

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Op mannst bei 40 bis 80 Dollar soll bis 2020

angrydislike

Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?

Kommentar: Stellt d’Perquisitioun beim 100Komma7 d’Presseaarbecht a Fro?

Do denkt ee sech näischt Schlechtes, an awer erféiert een ëmmer erëm. Esou dann och haut de Mëtteg bei der Informatioun, datt d‘Police op uerder vum Parquet, bei eise Kollege vum 100Komma7 eng Perquisitioun duerchgefouert hätten.

Grond fir den Opwand: den 100Komma7 hat den „Chamberleak“ ausgeléist, also op Dokumenter zougegraff, déi, well een um Krautmaart net domatter ëmzegoe weess, vun der Ëffentlechkeet hätte kënnen agesi ginn. Firwat de Chamberpresident eng Plainte géint d‘Journaliste vum 100Komma7 deposéiert huet (wéinst Fraude an Déifstall vun elektroneschen Donnéeën) ass grad esou wéineg ersiichtlech, wéi dat en Untersuchungsriichter, mat sengem Mandat géint EU-Recht verstéisst.

Laut de Kollege vum 100Komma7 muss et nëmmen eng kuerz Visite gewiescht sinn. Den zwee Beamten déi mam Mandat „laanscht komm sinn“ ass vum Chef-Redakter erkläert ginn, datt all d‘Donnéeën déi zur Recherche genotzt gi waren, geläscht goufen. D‘Beamten hunn dann och keng Asiicht an Dokumenter erhalen an hätten och keng matgeholl.

Dat verwonnert net, well op um Beispill „Journal“ oder „Contacto“ erweist sech, datt et net ganz esou einfach ass d‘Pressefräiheet zu Lëtzebuerg ze ënnerwanderen. Et bleift awer e batteren Nogeschmaach bei dëser Aktioun. Eng vun den Aufgabe vum Journalismus, ass et och „Affären“ opzedecken. Hei gëtt et streng Reegelen an déi ginn – zumindest hei am Land – agehalen.

Iwwerhaapt sollten se um Krautmaart frou driwwer sinn, datt et engem, a wéi an dësem Fall engem Journalist, opgefall ass, datt et en zolitten Informatikproblem ginn huet. Zudeem ass näischt verrode ginn, wat iergend en Ulass ginn hätt, zu esou drastesche Mesuren ze gräifen. Et war dann och keng „Intrusioun“ déi stattfonnt huet, mee den Zougang war iwwert de Webbrowser méiglech.

De Beamten ass an dësem Fall kee Virworf ze maachen, si hunn en Opdrag erfëllt, och wann deen esou net mam Gesetz an Aklang ze bréngen ass. Datt säitens dem Krautmaart d‘Justiz beoptraagt ginn ass, erauszefannen op a wien sech déi oppen zougänglech Dokumenter gekroopt huet, ass och nach novollzéibar. Hei dann awer op déi ze schloen, déi d‘Lück opgedeckt an esou d‘Méiglechkeet geschaaft hunn, déi ze schléissen, beweist datt ee fir alles e Schëllege brauch.

A bei deem ganze gëtt dann och nach esou niewebäi iwwersinn, datt et eigentlech d‘Chamber ass, mat där sech de Parquet misst befaassen. Aus menger Siicht läit hei e klore Verstouss géint den Dateschutz an aner Gesetzer vir. Eng Enquête vum Parquet, déi an dës Richtung goe misst, géif et laut de Journaliste vum 100Komma7 net. Abee gutt dann…

Ähnlech Sujeten 100komma7, Chamberleaks, Parquet, Perquisitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    6

  • Cry

    0

  • Angry

    4

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0