Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
radiocarbon dating oldest age

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

dating sites in kiev
radiocarbon dating oldest age

dating equipment

The Polka King ass e Film, deen ee weder als

Während dëser Zäit…
radiocarbon dating oldest age

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng gutt Nouvelle!“. An dat huet dann och dozou gefouert, datt een de 14. Dezember an der Chamber de Gesetzprojeten, déi den Tracé vum Tram bis op de Findel, respektiv d‘Cloche d‘Or verlängeren, zougestëmmt huet.

Fir déi lénk ass et awer mindestens esou wichteg, sech och de Rechter vun deenen unzehuelen, déi maachen datt den Tram och fiert. An hei läit d‘Kromm an der Heck, wëll och wann d‘Aktionären (30% Stad Lëtzebuerg – 70% Staat) vu LuxTram SA u sech déi „ëffentlech Hand“ ass, esou gëtt d‘Personal no de Konditioune vum Privatsecteur agestallt.

Déi lénk huet a Konsequenz eng Motioun, esouwuel op der Gemeng wéi och an der Chamber ofginn, mat deem engersäits de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, an anersäits d‘Regierung opgefuerdert ginn, de Revendicatioune vun de Salariéeën an hire respektive Gewerkschafte Rechnung ze droen.

An et geet ëm vill Geld, wann am Januar d‘Gespréicher ëm de Kollektivvertrag an Ugrëff geholl ginn. Et misst ee gutt uecht doen, datt d‘Paien an d‘Aarbechtskonditioune „dezent“ bleiwen. Am léifste wier et der déi lénk, wann den Tram an d‘Eisebunn (CFL) oder de Stater Busbetrib agegliddert gi wier, wat dem Sozialdumping e Rigel virgesat hätt.

Datt sech déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer , da mat der Reaktioun op d‘Motioun vun déi lénk net gutt presentéiert huet, léisst déif blécken. „d‘Salariéeë vum Tram ginn tatsächlech, am Ufank vun der Carrière, mat engem Loun beduecht, dee ganz no um Mindestloun ass“, esou déi lénk an hirem Communiqué.

Eng Verréckt Situatioun, besonnesch wann ee muss bedenken, datt zum aktuellen Zäitpunkt, déi Leit beim Tram eng Amplitude vun 13 Stonnen/Dag musse virgesinn. An Zäite wou vill Leit op der Sich no enger Schaff sinn, kann een sech als Patron, och wann dat eng Gemeng oder esouguer de Staat ass, anscheinend villes eraushuelen…

A wéi et esou mat enger Motioun ass, egal op se dem Gemengerot oder an der Chamber virgeluecht gëtt, ass se selbstverständlech vun alle Parteien (CSV, LSAP, DP, déi Gréng an ADR) verworf ginn. Dobäi fuerdert déi lénk näischt anescht, wéi datt déi Leit vum Tram déi selwecht Aarbechtskonditioune sollten hunn, wéi all déi aner am ëffentlechen Transport.

Ähnlech Sujeten déi lénk, LuxTram, Regierung, Stad Lëtzebuerg, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel