Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
seven or better dating site

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

gain kpop dating
seven or better dating site

cupid dating app

D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog
seven or better dating site

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Um Dënschdegowend huet de Kinnek vu Spuenien sech op d’Säit

Wéi kënnt ee beim Staat un déi „gutt“ Plazen?

Wéi kënnt ee beim Staat un déi „gutt“ Plazen?

Kuerz viru Chrëschtdag, wollt den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, vun der Regierung wëssen, wéi ech sech mat der Personalchangementer op de Ministère verhält, an ob et eventuell Sënn géif maachen, dat ganzt eppes méi transparent ze gestalten.

Den Deputéierte monéiert a senger Fro déi „ontransparent Kritären“ bei der Attributioun vun de Posten. Bezu gëtt sech hei ënnert anerem, op d‘Mutatioun vun enger Staatssekretärin an den Ausseministère, déi sech op hirer neier Schaff ëm d‘Begleedung vun der ominéiser „Nation Branding Strategie“ ze këmmeren hätt.

Och de Fall vun engem fréiere KeP-Coordinateur deen an de Kulturministère wiesselt interesséiert de Sven Clement grad esou, wéi d‘Nominatioun vum fréiere Nohaltegkeetsministère-Spriecher deen elo 1èr Conseiller de Gouvernement am neien Energieministère gëtt. Personalchangementer, déi net ëmmer nozevollzéie sinn, firwat et gäre gewosst hätt:

  • kënnen dës Changementer betätegt ginn?
  • Huet et fir dës Posten eng oppen Ausschreiwung ginn?
  • Falls jo, wou a wéini war dat de Fall?
  • Si Kompetenze gefrot wann een eng héijer Carrière op engem Ministère ustrieft?
  • Gëtt séchergestallt datt et keen Zougank gëtt wann d‘Diplomer net der Carrière entspriechen?
  • Wéi oft ass et schonn zu Ausname komm?

Op et elo dem Regierungswiessel eleng zouzeschreiwen ass oder och net, fest steet, déi den 21. Dezember gestallte Froen, sinn den 9. Januar eng éischte Kéier „weidergeleet“ ginn, well den Adressat net méi Kompetent war. Dräi Deeg iert de Delai fir d‘Äntwert ofgelaf ass, also den 21. Januar, ass de Froebou op e neits weidergereecht, fir dann endlech den 28. Januar beäntwert ze ginn.

Et ass de Minister Marc Hansen deen op d‘Froen zu den dräi Conseiller de Gouvernement geäntwert huet, a hie konnt d‘Changementer bestätegen. D‘Posten als Conseiller mussen net ausgeschriwwe ginn, an et geet am grousse ganzen och just drëms, datt de „Profil“ zu den Aufgabe muss passen. D‘Zuel vun der Regierungsréit ass allerdéngs limitéiert.

Beim Staat gëtt et dräi Statuten: Beamten, Employé a Salarié. Déi ginn an der Reegel entspriechend dem Kollektivvertrag remuneréiert. Wien fir e fräie Poste kandidéiert, muss ëmmer säin Diplom bäileeën. An dee muss natierlech dem Formatiounsniveau entspriechen, dee fir déi ausgewielte Carrière noutwenneg ass. Dat gëtt och vum Personalbüro esou gepréift.

Ähnlech Sujeten Conseiller de Gouvernement, Ministère, Personalchangementer, Piratepartei, Regierungsréit, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel