Search

You may also like

Eis Nopere kréien eng nei Regierung
Meenung Neiegkeeten

Eis Nopere kréien eng nei Regierung

No de Kommunalwahlen huet de Premierminister Edouard Philippe mat alle

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad
Meenung Neiegkeeten

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad

Mat enger Villzuel un digitalen Offeren hu kulturell Institutioune wärend

Chantier zu Haastert
Meenung Neiegkeeten

Chantier zu Haastert

Ab dem 1. Oktober 2018 wäert ee gréissere Chantier zu

Persouneschutz fir d‘Meenungsfräiheet (Kommentar)

Covid19, 5G-Telefonie an d‘Entstoe vun enger neier Weltuerdnung; dogéint gëtt sech elo gewiert

Persouneschutz fir d‘Meenungsfräiheet (Kommentar)

Ënnert dem Motto „Solidaresch Polonaise mat 3 Meter Ofstand“ ginn zanter elo ee puer Weekender eng ëmmer gréisser Grupp u Leit op d‘Strooss, fir géint d‘Covid19-Gesetzer an déi doranner enthale Reegelen ze Protestéieren. Mee och d‘G5-Telefonie an déi „nei Weltuerdnung“ sinn e gudde Grond senger Onzefriddenheet mat der Politik zum Ausdrock ze bréngen.

Ob déi vun dëse Leit erhuewe Virwërf alleguerten esou zoutreffen oder och net, dat soll dach elo awer jidderee fir sech entscheede kënnen. An enger demokratescher Gesellschaft, wou bis ewell nach ëmmer eng gewësse Meenungsfräiheet virherrscht an d‘Leit och (nach net) gezwonge ginn, sech vu Microsoft impfen an vu Moderna Chippen ze loossen, muss dat zoulässeg sinn a bleiwen.

Et geet längst net méi ëm richteg oder falsch, well sech d‘Desinformatioun an enger Aart a Weis entwéckelt huet, datt ee scho muss Versteesdemech hunn, dat et Leit huet déi dank enger perfekter Kommunikatiounsstrategie de Fuedem verluer hunn. Eppes wat net verständlech ass, kann een da logescherweis och net méi matdroen. Dëse Protest ze verurteelen ass dann och net richtege Wee.

Sécher kann ee sech ob der Argumentatioun an de „Plakater“ lëschteg maachen, a blann der Politik vertrauen, wéi ee sech iwwert d‘Politik kann iergeren an de Verschwierungstheorië kann unhuelen. Dobäi ass dat Ganzt wesentlech méi komplex. Wann een dem Widderstand géint déi deels abstrus Reglementatioun eppes ofgewanne kann, esou kann een d‘Pandemie awer och net verleegnen.

Et muss sech eppes änneren

D‘Gesellschaft ass am Wandel, ob engem dat elo gefält oder net an et géif héich Zäit, wann sech nees eppes wéi Verstand géif astellen. Hei wieren dann awer emol als éischt d‘Politiker gefuerdert, déi zwar ëmmer behaapten si géifen sech op den Avis vun den „Experten“ verloossen, unhand deenen si dann d‘Mesuren déi hinnen noutwenneg erschéngen, och beschléissen.

Mesuren déi seele kloer sinn, firwat entspriechend kritiséiert ginn. Natierlech spillen do och aner Acteure wéi d‘Medien an Influencer an de sozialen Netzwierker eng net onerhieflech Roll. Dozou kënnt, datt d‘Politik es sech net midd gëtt, stänneg ze widderhuelen, datt sech Testen oder Impfe loossen, ëmmer eng Saach vun der Fräiwëllegkeet ass. Dat stëmmt esou natierlech net (ganz).

D‘Politik muss näischt imposéiere wat mächteg Wirtschaftsacteuren engem hannenerëm operleeën. Zudeem steet dës „Wirtschaft“ an der Schold, well si massiv Hëllefen erhalen huet (och wann et wuel nees nëmmen déi grouss sinn déi maximal dovunner profitéieren) an och soss dorunner dierft interesséiert sinn, senger Humanressource eng Rei Zwäng ze ënnerjubelen. Och dat ass net gutt.

Op de Vaccin, vu wiem och ëmmer dëse grad zur Verfügung gestallt gëtt, eppes daacht oder eis all méi krank mécht? D‘Äntwert ass eng Fro vum Standpunkt. An dëse verhäert sech bei de Covid19-Géigner ëm esou méi, wéi d‘Politik incapabel ass sech kloer a verständlech auszedrécken. Et gëtt keng Linn, kee Konsens a d‘Gefill datt d‘Politiker ee stänneg beléien ass ëmmer méi present.

Illustratioun: Et kann ee sécher driwwer laachen oder sech iwwert se opreegen. Dat awer ass längst net méi de Problem an eng Demokratie kann a muss dat aushalen. Stellt sech nach d‘Fro wéi mir alleguerten d‘Demokratie wäerten definéieren, wann dës Kris sollt iwwerstane sinn… © Gary Chan / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Impfflicht, Meenungsfräiheet, Widderstand
Next post Previous post