Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken
Neiegkeeten

Wann d’Lompe bei der Lëtzebuerger Arméi sténken

Aus anonymmen interne Kreesser krute mir Informatiounen zur dramatescher Situatioun

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Gesondheetssecteur: Eemoleg Primm oder Revalorisatioun?

Gesondheetssecteur: Eemoleg Primm oder Revalorisatioun?

Um Méindeg gouf sech am Cercle op der Plëss an engem ëffentlechen Debat der Petitioun 1535 vum José Castro ugeholl. Deen huet a senger Petitioun eng eemoleg Primm fir d‘Fleegepersonal gefuerdert. D‘Petitioun hat 4.624 elektronesch Ënnerschrëften erhalen.

Datt wärend der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, déi Beschäftegt aus dem Gesondheetssecteur eng ganz gutt Aarbecht geleescht hunn (an net eleng si) ass mat vill „Applaus“ begleet ginn. Applaus fëllt awer weder den Teller, nach gëtt et dem Asaz vun alle Mënschen, déi als Lounofhängeg a systemrelevante Secteure geschafft hunn, a mat der Primm kann et net gedoe sinn.

Sécher gëtt et säitens de Bierger vill Zousproch, an och d‘Gesondheetsministesch wéi d‘Deputéiert vun der Gesondheetskommissioun hunn ee Méindeg nach emol dës Initiativ gelueft. Esou wéi sech dat den Auteur vun der Petitioun awer virstellt, léist et sech kaum vernënfteg bewierkstellegen. Dat zumindest war den allgemengen Avis. Zudeem misst esou eng Primm dann och equitabel sinn.

Petitioun

© Chambre des Députés/flickr

De Gast Gibéryen (ADR) ass dann och der Meenung, dat wann een eng Primm gewäert, déi dann och alle Mënschen zousteet, déi matten an der Kris Engagement an Asaz bewisen hunn. Esou oder ähnlech gesäit datt och de Marc Goergen (Piraten) deen nach emol drop hiweist, datt een de ganze Problem jo scho bei de villen Hëllefe fir aner Secteuren erkannt huet. D‘Primm ass net d‘Léisung.

Et ka schonn aus dem ganz einfache Grond eraus keng Léisung sinn, well et am Gesondheetssecteur wäitaus gréisser Problemer gëtt, an een déi net mat enger „Belounung fir besonnesch Leeschtunge“ ka vum Dësch wëschen. Dat soll net heeschen, datt eng eemoleg Primm gänzlech ausgeschloss ass, mee datt een de Volet Gesondheetssecteur nach emol muss an der Déift op de Leescht huelen.

En Hearing am Hiecht

De President vun der Gesondheetskommissioun, Mars Di Bartolomeo (LSAP) huet da gëschter och bemierkt, datt ee vun de Schwieregkeeten am Secteur weess. „Eng Primm wier en isoléierte Gest an esou keng Interventioun déi deem Ganzen eng Léisung zoudréit“, sot den Deputéierten an huet op d‘Propos vun enger Unhéierung higewisen. Dat ass u sech och den Avis vun der Ministesch.

Petitioun

© Chambre des Députés/flickr

Si weist drop hinn, datt d‘Problemer am Gesondheetssecteur net primär mam Gehalt verbonne sinn, mee et virun allem un Attraktivitéit an Unerkennung fir d‘Gesondheetsberuffer feelt. Et hat jo emol de „Gesondheetsdësch“ ginn, ee Ronndëschgespréich am Februar, wou sech iwwert d‘Zukunft vum Secteur „ënnerhale“ gouf. D‘Suitte gouf vum Covid19 verhënnert, firwat et am Hiecht nees weider soll goen. D‘Paulette Lenert huet awer nach emol drun erënnert, datt d‘Kris net iwwerwonnen ass.

Esou ass et elo nach vill ze fréi e Bilan ze zéien. Hei misst een zudeem och déi iwwert 500 Benevoller an och soss all déi Leit berécksiichtegen, déi sech dem Kampf ugeschloss, an esou och en zolitte Beitrag geleescht hunn. Si ass der Usiicht, datt een en dat ganzt muss mat Beduecht an entspriechendem Fangerspëtzegefill muss ugoen. Et wier fatal wann een hei ee géif vergiessen.

Foto: Den Auteur vun der Petitioun, José Castro, hat d‘Éier dierfen d‘Plaz nieft der Gesondheetsministesch Paulette Lenert anzehuelen © Chambre des Députés/flickr

Ähnlech Sujeten Chamber, Gesondheetssecteur, Hearing, José Castro, Paulette Lenert, Petitioun1535
Nächsten Artikel Virrechten Artikel