Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan
Meenung Neiegkeeten

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan

Se war gutt gemengt, mee et ass nach net wierklech

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!
Meenung Neiegkeeten

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!

Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung
Meenung Neiegkeeten

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)

Mat enger Petitioun géint de Kollektivcongé (Analys)

Mat der Petitioun 1628, déi zanter dem 26. Juni zur Ënnerschrëft um Site vun der Chamber op ass, fuerdert de Léandre Halbout, net méi an net manner wéi d‘Ofschafung vum Kollektivcongé am Bausecteur. De Mann deen hei ganz eendeiteg d‘Positioun vum Patronat aus dem Bausecteur, méi wéi andrénglech vertrëtt, gëtt sech als „Aarbechter“ vum Secteur aus, mee ass deem och esou?

Et ass also wichteg sech der Petitioun am Detail unzehuelen, fir de Verdacht ze verhäerten, datt hei ee Personnage beoptraagt ginn ass, eppes Onrou ze stëften. Esou wéi et vum Secteur scho méi laang geäussert gëtt, géif de Kollektivcongé d‘Rechter vun den Aarbechter am Bausecteur aschränken, firwat een dëse sollt ofschafen. D‘Leit sollte fräi iwwert hir Fräizäit entscheede kënnen.

„Sech de Congé eraussichen ass ee Recht vum Aarbechter, deen am géigesäitegen Accord tëscht Employeur a Salarié sollt stattfannen. Wëll et ass den Aarbechter, deen d‘Middegkeet vu sengem Kierper spiert, seng perséinlech, human a sozial Noutwennegkeete kennt. An der Konsequenz ass hien am beschte veranlaagt ze entscheeden, wéini hie kann huelen an dëse brauch“.

An dës Argumentatioun zitt sech esou – am beschten Affekotefranséisch – duerch déi ganz Petitioun firwat et erhieflech Zweiwel gëtt, datt de Léandre Halbout den tatsächlechen Auteur dovunner sollt sinn. Och d‘Motivatioun – am generellen Interessi natierlech – entsprécht zimmlech treffend den Argumenter, déi vum Secteur ëmmer nees gären ervirbruecht ginn, a leider net haltbar sinn.

Et muss een innovativ sinn

Esou „ënnersträicht“ de Léandre Halbout, datt dëse Congé, deen an de Méint August an Dezember imposéiert gëtt, sengerzäit geduecht war, fir den Aarbechter aus dem Bausecteur d‘Méiglechkeet ze ginn, hir Vakanz mat der Famill ze verbréngen. Wëll „zu dëser Zäit waren déi meeschte Beschäftegt am Secteur aus dem Ausland“. Dës Konditioune wieren hautdesdaags „obsolet“.

„Et gëtt héich Zäit datt de Bausecteur innovéiert a sech deenen anere Secteuren ugläicht“, esou de leschte Saz, deen direkt aus der Fieder vun der FEDIL stame kéint. Elo kann een sech natierlech schonn d‘Fro stellen, ob dräi Woche Congé an der beschter Zäit fir de Bau sënnvoll sinn, mee hei schéngt d‘Afrostellen net vum Salariat auszegoen, datt hätten d‘Gewerkschafte jo wuel matkritt.

Zudeem sinn nach ëmmer iwwer 70% vun den Aarbechter am Bausecteur „Auslänner“ an déi grouss Majoritéit hu Famill an hirer Heemecht. Et mécht also faktesch nach ëmmer sënn, datt de Kollektivcongé an d‘Schoulvakanz fält. Sécherlech ass et och esou, datt et ënnert den Aarbechter aus dem Secteur och därer gëtt, déi et géife virzéien am August an am Dezember ze schaffen.

Petitioun

Am Géigesaz zu anere Petitionnairen, ass de Léandre Halbout een zimmlech „onbeschriwwent Blat“. Ausser engem Account op Linkedin, wou hien als „Akeefer“ vun de groussen Acteuren aus dem Secteur gefouert gëtt, léisst sech kee Gesiicht zu dësem Numm fannen. Wann ee weess wéi „impertinent“ Internet mat de Perséinlechkeetsrechter vun eis allen ëmgeet, muss eng dru sinn.

En Debat ass et wuel wäert

Bis ewell huet d‘Petitioun eng 257 Ënnerschrëften erhalen, a gäre geséich een et, datt se de Quorum erreecht, well da misst den „Affekot vun den Aarbechter“ sech jo an der Chamber um Debat bedeelegen. Datt de Mann selwer am Schaff-Alldag weder eng Schëpp nach eng Zill am Grapp huet, dat dierft engem no der Lektür vun der Petitioun ersiichtlech sinn.

D‘Petitioun dierft zudeem och an d‘Gespréicher vun der Tripartite am Juli afléissen. Si erlaabt et dem Patronat déi eegen Argumenter duerch d‘Stëmm vun engem Drëtten, engem Aussestoende quasi, nach emol op den Dësch ze leeën. Déi wollte jo mat aller Gewalt de Kollektivcongé 2020 verhënneren, fir de Retard op de Chantieren – dee wéinst der Pandemie entstanen ass – opzehuelen.

Elo hunn sech d‘Patronen iwwert déi lescht Joren awer deraart abaarteg mat de Sozialpartner, an esou och mat hire Salariéeë, beholl datt d‘Gewerkschaften um Kollektivcongé festhalen. De stännege Refus Kollektivverträg ze renouvelléieren an deenen, wou déi eigentlech Wäertschëpfung ausmaachen, näischt vum Kuch, jo net emol d‘Grimmelen, ofzeginn huet elo Konsequenzen.

Mee d‘Petitioun wäert kaum déi néideg Ënnerschrëften erhalen, dat ass jo, wéi mir versicht hunn hei ze erklären, net wierklech d‘Zil dovunner. Dës Petitioun, dréit d‘Handschrëft vum Patronat an ass – et kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëll – keng Fuerderung vun de Lounofhängegen aus dem Bausecteur. Et dierf een dann och gespaant sinn, wéi OGBL an LCGB se kommentéieren.

Illustratioun: Kollektivcongé oder net? Wann et den Entrepreneuren aus dem Secteur nogeet, misst dat ofgeschaaft ginn. Erzwéngt hei eng Petitioun ee soziale Konflikt oder ass et wierklech nëmme gutt gemengt? © Guilherme Cunha / unsplash

Ähnlech Sujeten Bausecteur, Kollektivcongé, LCGB, Léandre Halbout, OGBL, Petitioun 1628, Thomas & Piron
Nächsten Artikel Virrechten Artikel