Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Näischt méi ze erwaarden
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Näischt méi ze erwaarden

Ganzer fënnef Deeg war den Trump an Europa ënnerwee. Hien

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land
Meenung Neiegkeeten

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Si sinn déi grouss Gewënner vun de Chamberwahlen 2018. Zéng

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!
Meenung Neiegkeeten

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

E Freideg konnten sech d‘Membere vun der CoRePer (Comité vun

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)

Wéinst schiedlechen Emissioune soll de Reseau net zu Lëtzebuerg installéiert ginn

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)

Iwwer Sënn an Onsënn vu Petitioune kann ee streiden, mee heiansdo lount et sech méi genee op de Petitiounstext anzegoen. De Fortschrëtt léisst sech bekanntlech net ophalen, an fir Regierunge wéi Konzerner ass de wirtschaftlechen Notze méi wichteg, wéi eventuell Gesondheetsrisiken. Ëmmerhi geet et ëm Wuesstem a maximale Profit…

An de Petitionnaire Carlo Noel verlaangt ganz am Eescht, datt d‘Regierung dat neit Mobilfunknetz 5G verbitt. Déi awer „brauch“ de 5G net nëmme fir um leschte Stand vun der Technik sinn an de Besoine vun der Wirtschaft gerecht ze ginn. Esou wëll och de Konsument ëmmer méi performant Kommunikatiounssystemer. Zudeem, ass de 5G-Reseau wichteg fir d‘Schafe vu „Smart-Cities“.

D‘Petitioun 1239, konzentréiert sech mat senger Fuerderung op méiglech Gesondheetsrisiken a bezitt sech heibäi op eng am September 2017 verëffentlecht Studie, déi vun 170 Wëssenschaftler a 37 Länner ausgeschafft ginn ass. Eng Etüd déi de politesch Verantwortlechen an alle Länner wuel bekannt ass, awer méiglechst net soll ugeschwat ginn. De wirtschaftlechen Aspekt huet Virrang.

De verlängerten Aarm vun der Wirtschaft

Geld ass Muecht, an op der Finanzplaz Lëtzebuerg ass een nach éischter op dat éischt konzentréiert, wéi dat engem Muecht wichteg wier. An dat léisst sech um Site https://digital-luxembourg.public.lu (dee sech sproochlech nëmmen un eng Elite adresséiert) novollzéien, wou de System 5G an de héchsten téin gelueft an drop higewise gëtt, datt deen essentiell fir d‘Kompetitivitéit vum Land ass.

Et gëtt sech erzielt, datt d‘Regierung och e Kapitel „Gesondheet“ um Site verëffentlecht huet, woubäi deen ze fannen esou ustrengend ass, datt een de Bedreiwer vum Site, an deenen déi et verëffentlecht hunn schéngt eng Häerzensugeleeënheet gewiescht ze sinn dat esou hinzekréien.

Wann een dat dann endlech fonnt huet, kritt een eng „Industrie-Erklärung“. Hei ass däitlech ze erkennen, datt d‘Politiker sech net ze schued sinn déi vun der Industrie virgeluechten Duerstellung zu Fonctionnement a méigleche Risiken eent zu eent ze iwwerhuelen. Esou gëtt vun intelligenten Antenne geschwat, déi dank engem ausgeklügelte System hir Strale ganz geziilt dohinner riichte wou de Besoin am gréissten ass. D‘Magnéitfelder gi quasi mat enger „Variabeler“ ausgerëscht.

Et ass also nees alles ongeféierlech, harmlos an ouni Konsequenz fir Mënsch an Déier. Zumindest behaapten sech Regierung an Industrie drop, esou wéi Glyphosat absolut onschiedlech ass, et kee vu Mënschenhand provozéierte Klimawandel gëtt an d‘Wuel vun der Mënschheet Prioritéit huet.

Wëssenschaft versus Wirtschaft

Blöd nëmmen, datt et op der Welt vill Mënsche gëtt, déi sech trauen alles ze hannerfroen an der Saach mat der „Bestrahlung“ duerch Telefon-Magnéitfelder, esou wéi se vun der Industrie presentéiert ginn, net trauen. An dat ass et wourop de Petitionnaire sech berifft: hie verlaangt dann och net manner wéi d‘Anhale vum „Principe de Precaution“.

Mee et dierft keng Regierung op der Welt ginn, déi bereet wier ze waarden, datt et eng fundéiert Evaluatioun vun de Risiken duerch d‘Communautéit vun der Wëssenschaft gëtt. Zudeem ass elo scho gewosst, datt déi „Radio-Magnéitfelder“ (CEM-RF) entspriechend méi „intensiv“ sinn wéi déi bis ewell genotzte Reseauen, an datt se en Afloss op d‘Biologie vu Mënsch an Déier hunn.

Bis elo huet d‘Petitioun scho gutt iwwer 1.100 Ënnerschrëften erhale wat nach net wierklech duer geet, se duerchzekréien. An och de Fall gesat, se kéim zur Diskussioun, et dierf ee sécher sinn, datt sech dës Regierung längst entscheet huet, an esou Detailer wéi Gesondheetsrisiken iwwerbewäert ginn. An tatsächlech schéngt dobausse kee wierklech ze interesséieren.

Et géif nach aner Grënn

Wat de 5G-Reseau ubelaangt, esou sollt een net nëmmen den Appell vun de Wëssenschaftler behäerzegen, mee och nach eng Rei weider Punkten uféieren, déi Zweiwel opkomme loossen, op dat alles esou wéi duergestallt, zum Wuel vun der Gesellschaft realiséiert soll ginn. 5G ass och wichteg fir d‘Schafe vun de „Smart-Cities“, der intelligenter Stad…

D‘Stief denken driwwer no, de Stroum-, Waasser- a Gasverbrauch aus der Distanz ofzeliesen, also mëttels Datentransfer. Och dofir brauch et de 5G-Reseau, an dat dierft dann en Argument zur Aféierung vum 5G sinn. Woubäi et e klenge Schéinheetsfeeler gëtt. An Zäite wou d‘Compteuren nach vun „éierleche“ Leit ofgelies goufen an de Staat de Liwwerant war, gouf et kee Problem.

Elo awer wou d‘Operateure Privatentreprisen a Konzerner sinn, deene leider net iwwert de Wee ze trauen ass, well si opposéiert Interessen zur Gesellschaft hunn. Hu si d‘Méiglechkeet regelrecht Profiller vun hire „Clienten“ ze erstellen. Gutt datt ass wuel „verbueden“ mee zum Gléck hunn déi betraffe Gesellschaften eng Selbstkontroll. Mir erënneren nëmmen un d‘Kausa Huawei…

Beim 5G-Netz geet also ëm méii wéi ëm d‘Gesondheet, an déi spillt bei wirtschaftlechen Aspekter ganz kloer keng Roll.

Ähnlech Sujeten Mobilfunknetz 5G, Petitioun 1239, Smart Cities, Stralen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel