Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltsommet fir d‘Impfung
Fail Stories

feminist online dating

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun

https://moien.lu/usernames-for-online-dating/
Fail Stories

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer

Nationalen Dag vun der Resistenz
Fail Stories

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

dislike

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

En Interview mam Petitionnaire

Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn

Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen, déi e gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg fuerdert. Mir hunn dem Petitionnaire Pascal Clement e puer Froen zu dësem Thema gestallt.

Fro: Am Moment gëtt et eng immens grouss Debatt iwwert de Wuesstem zu Lëtzebuerg. Wéi passt do Är Propose fir e gratis ëffentlechen Transport eran?

Pascal Clement: Meng Petitioun soll Diskussioun iwwert e gratis ëffentlechen Transport erméiglechen an dat onofhängeg vun der Wuesstemsdebatt.
De gratis ëffentlechen Transport mécht fir mech esou wuel als sozialpolitesch, wéi als verkéierspolitesch Approche Sënn, egal op méi oder net méi Wuesstem.

Fro: Wéi war bis elo de Feedback op Är Petitioun? Ginn et Leit, déi mat dësem Konzept näischt ufänke kënnen? De Lëtzebuerger huet jo anscheinend säin Auto esou gären.

Déi meescht Leit wësse leider net, datt den ëffentlechen Transport zum groussen Deel scho laang net méi iwwert den Ticketsverkaf finanzéiert gëtt.

Pascal Clement: Wéi bei al Virschlag ginn et Léit, déi dofir sinn a Leit, déi do géint sinn.

Fir vill Leit ass et gutt esou wéi et ass, well si sech den Ticket kënne leeschten a wahrscheinlech net un déi denken, deenen et méi schlecht geet. Et ass och méi schwiereg, déi sozial schwaach Léit ze erreechen, déi am meeschten dovu profitéieren kéinten.

Och ginn et Leit, déi fäerten, doduerch géifen Aarbechtsplazen verluer goen oder et géif kee méi am Bus, Zuch oder Tram propper maachen. Déi meescht Leit wësse leider net, datt den ëffentlechen Transport zum groussen Deel scho laang net méi iwwert den Ticketsverkaf finanzéiert gëtt.

Fro: A ville klengen Dierfer kënnt héchstens eng Kéier d’Stonn e Bus. Virun allem am Norde vum Land braucht een immens vill Zäit, fir bis an d’Stad ze kommen. Mengt Dir, datt et um Präis läit, datt do den ëffentlechen Transport net beléift genuch ass?

Pascal Clement: Esou laang den ëffentlechen Transport keng valabel Alternativ ass, läit et weder um Präis nach un der Faarf vum Transportmëttel, mä einfach dodrun, datt de Bierger net zur Zäit dohi kënnt, wou e wëllt oder muss. Den ëffentlechen Transport gratis maachen vereinfacht d’Saach u sech, mä geet natierlech net eleng duer, fir dat vill méi Léit en als echt Alternativ ugesinn.

Fro: Wéi géift Dir virschloen, datt den ëffentlechen Transport finanzéiert gëtt, wa keng Tickete verkaaft ginn?

Pascal Clement: Iwwer 90% vun de Käschten vum ëffentlechen Transport ginn elo schonn duerch de Staat oder aner Moyenen bezuelt. De Verkaf vun Ticketen an Aboen deckt kaum méi wéi 5% vun de Käschten vum ëffentlechen Transport.

Déi puer Prozent kéint een zum Beispill iwwert eng minimal Tax op den Iwwernuechtungen an/oder um Bensin an Diesel finanzéieren. Schlussendlech géif jo och all Tourist an Frontalier dovun profitéieren. Eng aner Méiglechkeet wär am Kader vun enger vereinfachter Steiererklärung driwwer nozedenken den Abattement fir frais de déplacement opzeschaffen.

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Gratis Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel