Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck
Wéi de CGDIS matdeelt ass haut um 12:30 Auer gemellt
Wéi de CGDIS matdeelt ass haut um 12:30 Auer gemellt
Am Kontext vun der globaler Beweegung „Fridays for Future“ sinn
E Freideg gëtt am Athenäum zu Lëtzebuerg, ënnert dem Patronage
Et wëll a kann ee sech et kaum virstellen, an awer ginn och haut nach all Joer tëscht 63 an 273 Milliounen Haien ëmbruecht, vill Aarten dovunner si bedreet. Weltwäit ginn dës Liewewiesen wéinst hirem Fleesch an Ueleg gejot, an och d’Ofschneide vun de Flossen stellt nach ëmmer eng batter Realitéit duer.
An denkt een elo, datt et sech heibäi eleng ëm eng Traditioun aus asiatesche Länner handelt, deen iert: Spuenien ass un der traureger Spëtzt vum globale Maart. Eleng 2016 sinn, offiziellen Donnéeë no, 1 Millioun Blohaien u Land gezu ginn. D’Donkelziffer läit wuel nach méi héich, weider Aarten steigeren dës Zomm. Zousätzlech dozou ginn an Europa bedreet Haiaarten, wéi beispillsweis de Kuerzflossemako oder den Heringshai, weiderhi gefëscht.
© stop-finning.eu
Lëtzebuerg zielt weder grouss Séien, nach hu mir direkten Zougang zum Mier. De Problem ass also wäit genuch ewech. Naja, esou ganz stëmmt dat och erëm net. Schliisslech liewe mir an engem Ekosystem, an deem och den Haifësch seng Plaz huet a fir den Equiliber suergt.
Souwuel Sea Shepherd, wéi och aner NGO’s hu sech mat de Bierger aus ganz Europa zesummegedoen, fir dem sougenannte Finning, also dem Handel mat Haiflossen, an der EU een Enn ze setzen an de Schutz vun dësen empfindleche Liewewiesen ze stäerken. D’Déier gëtt an onethescher Manéier mësshandelt an erleit ee qualvollen Dout. Nodeems d’Floss ofgetrennt ass, gëtt den nach liewegen Hai nees zeréck an d’Mier gehäit, wou en lues ofsénkt, sech net méi richteg viru beweege kann a schlussendlech stierft.
Déi Europäesch Biergerinitiativ „Stop Finning – Stop the Trade“, där hire stellvertriedende Spriecher keen aneren wéi den Alex Cornelissen, Kapp vu Sea Shepherd Global, ass, gouf um 1. Februar 2020 lancéiert. No engem Joer mussen op mannst 1 Millioun Ënnerschrëfte vun EU-Bierger zesumme komm sinn. Eleng fir Lëtzebuerg ginn 4.500 Stëmme gefuerdert. An 2 Minutten Zäitopwand si jo wuel net ze vill verlaangt, wann et ëm d’Rette vu Liewe geet.
Setzt ee kloert Zil: KLICKT HEI FIR D’PETITIOUN
© stop-finning.eu
Zënter 2013 besteet d’Veruerdnung, datt bis zum Entlueden um Hafen, d’Floss um Kierper vum Hai bleiwe muss. Uschléissend kënnen se awer ofgetrennt an d’Déier fir ze Stierwen an d’Mier gehäit ginn. Natierlech ass dës Moossnam besser, wéi näischt ze maachen, an awer bleift den Handel mat Flossen weiderhin erlaabt.
Mat der Fuerderung fir den Handel mat Flossen an der EU ze beenden, gëtt de rechtleche Kader gestäerkt. Sollten déi gefuerdert Ënnerschrëften zesumme kommen, kann déi Europäesch Kommissioun eng nei Veruerdnung virschloen fir d’Zil vun der Fuerderung ze erreechen.
Am Juni 2019 huet Kanada als éischt Land vun der G7-Grupp d’Aféiere vun Haiflossen um nationalen Terrain verbueden. Bierger op der ganzer Welt fuerderen d’Enn vun der grausamer Praktik ouni Notzen. Elo kann Europa mat guddem Beispill noréckelen.
Weider Informatioune ginn et ënnert stop-finning.eu. Méi zu Sea Shepherd Global a Sea Shepherd Lëtzebuerg gidd Dir an engem Klick gewuer.
Opmaacherbild: © stop-finning.eu