Search

You may also like

Bluddegen Uschlag zu Kabul
Neiegkeeten

Bluddegen Uschlag zu Kabul

Mat op mannst nonzeg Doudeger an iwwer véierhonnert Blesséierter huet

Pandemie, Honger, Roserei…
Neiegkeeten

Pandemie, Honger, Roserei…

Latäinamerika huet ee Problem mat der Covid19-Pandemie, well kaum eng

Si hunn e Plang fir Lëtzebuerg!
Neiegkeeten

Si hunn e Plang fir Lëtzebuerg!

Bei der CSV ass gëschter dat zweet Kapitel vum Wahlprogramm

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Zanter dem leschte Mëttwoch sinn 14 nei an 11 al Petitiounen, déi elo op d‘Zoustëmmung vun de Bierger waarden, um Site vun der Chamber publizéiert ginn. 8 vun dëse Petitiounen hunn, dat war esou och ze erwaarden, en direkten Zesummenhang mam Coronavirus Covid19.

Zu den eelere Petitiounen, déi ab dem 13. Mäerz zur Ënnerschrëft opgemaach goufen, dunn awer am Kontext vun der sanitärer Kris de 25. Mäerz suspendéiert goufen, gehéiere folgend Projeten:

  • Ufro fir méi Autoritéit fir privat Sécherheetsleit, d‘Recht e Knëppel oder Pefferspray op sech ze droen, an d‘Recht och Protokoller (Avertissement Taxé) auszestellen, wann si een erwëschen dee säin Zigarettestomp ewech geäit (1459)
  • Verbuet vun onnéidege Plastiksverpackunge bei Uebst, Geméis a Eeër (1489)
  • Méi lëtzebuergesch (1490)
  • Eng Aarbechtswoch vu véier Deeg (1493)
  • Nee zur Schléissung vun de Spuerkeess Agencen (1496)
  • Fir ee legale Kader, eng Kontroll an eng strikt Reglementatioun vum Beruff als Immobilien-Agent an de Praktike vun den Immobilien-Agencen am grousse Ganzen (1499)
  • Alternativen zum Elektroauto (1502)
  • D‘Fuerderung vun der Demissioun vum Premierminister an der ganzer Lëtzebuerger Regierung (1504)
  • Coronavirus: de Verbuet Kanner an d‘Schoulen oder d‘Crèchen ze schécken, wann d‘Elteren a Quarantaine sinn, wëll si a kontaminéierten Zone gereest waren (1505)
  • Fir eng Besser Busverbindung an der Regioun Naturpark Uewersauer am Kader vun der RGTR-Reform (1506)
  • Fir eng Mandatstrennung zu Lëtzebuerg bis spéitstens 2023 (1507)

All dës Petitioune kënnen nach bis den 21. Mee 2020 elektronesch ënnerschriwwe ginn. Déi soss och méiglech Alternativ eng Pabeierversioun ze ënnerzeechnen, ass wéinst der sanitärer Kris bis op weideres net méiglech. Un der Zuel vun den noutwennegen Ënnerschrëften ännert sech dogéint awer näischt. Datt esou eng Partie Bierger vun enger Bedeelegung ausgeschloss sinn, stéiert hei offensichtlech keen.

Zu den neie Petitiounen, déi dann elo ab dem 15. Abrëll – och nëmmen elektronesch – a bis de 26. Mee kënnen ënnerschriwwe ginn, gëtt et villes déi ee Bezuch op d‘Covid19-Kris huelen:

  • Demissioun vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess wéinst Mangel um Interessi vum Wuelergoe vun der Bevëlkerung (1501)
  • Stop Tubak (1510)
  • Den internationalen Dag vun der Fra sollt zu engem Feierdag gemaach ginn (1511)
  • Grad sou wéi de Schouldokter soll e Psycholog all zwee Joer an d’Schoule kommen (1516)
  • Gläichméisseg Opdeelung vun de Pensiounskotisatioune vun de bestueten oder gepaxte Koppelen (1520)
  • D‘Rieden zum Covid19 mat franséischen Ënnertitele versinn (1523)
  • D‘Schafe vun engem Solidaritéitsfong fir déi zoue Geschäfter am Kontext vun der sanitärer Kris, de vun den oppene Geschäfter soll finanzéiert ginn (1525)
  • D‘Suspensioun vun de Remboursementer vun den Immobilie-Kreditter am de klenge perséinleche Prêten, an der Folleg vun der Covid19-Urgence (1527)
  • Massiv a kontinuéierlechen Depistage vum Coronavirus SARS-Cov2 (1528)
  • D‘Schafe vun engem spezifeschen Auswäis fir d‘Leit wou aktiv an der Fleeg mat vulnerabele a kranke Mënschen ze dinn hunn (1529)
  • En hallwe Congésdag fir Blutt an/oder Plasma ze spenden (1530)
  • Eng virtuell Schoul wärend dem Confinement Covid19 (1531)
  • Eng eemoleg Primm fir d‘Personal vun de Spideeler, den Alters- a Fleegeheemer, medezineschen Haiser, fir hiert aussergewéinlecht Engagement an dëser Krise-Period géint de Covid19 (1535)
  • Eng Finanzhëllef fir d‘Independanten, déi kleng a mëttelgrouss Betriber wärend der Coronavirus-Kris (1536)

Illustratioun: © bamagal / unsplash

Related topics Chamber, Petitiounen
Next post Previous post