Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag
International Neiegkeeten

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag.

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
International Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen
International Neiegkeeten

Fonkelneit Geschir fir de CIS Schengen

E Freideg war e groussen Dag fir d‘Fraen a Männer

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC

Saudiarabien wëll Russland mat an en neie Club vu Pëtrolsproduzenten eranhuelen, fir de Maart laangfristeg ze stabiliséieren. Dat stellt d‘Roll vun der OPEC a Fro, wou Saudiarabien aktuell d‘Presidence huet.

Saudiarabien ass den éischten Exporteur, a Russland den éischte Produzent vu Pëtrol. Déi nei Allianz soll dann och méi breet gefächert sinn, wéi d‘OPEC, déi nëmme 14 Memberen zielt. De Kartell deen de Weltmaart vum Pëtrol säit 1960 kontrolléiert, verléiert all Dag méi un Afloss, an ënnert den Experte gëtt d‘OPEC schonn als „erleedegt“ betruecht.

Am Januar hat Saudiarabien d‘Iddi ëffentlech gemaach, den Kooperatiounsaccord, vun Enn 2016 tëscht 24 Produzenten (déi 14 aus de OPEC an 10 anerer) ze festegen, fir esou d‘Produktioun ze reduzéieren an d‘Präisser nees unzehiewen. Den Ierfprënz Mohammed ben Salmane a säin Energieminister, Khaled al-Faleh, ginn sech e Kader fir eng laangfristeg Zesummenaarbecht.

D‘Iddi gëtt vu verschidden OPEC-Membere gedroen, dorënner notamment déi Vereenten Arabesch Emirater an de Kuwait. E Spriecher vum Kreml hat de leschte Mount deklaréiert, datt Russland a Saudiarabien iwwert eng ganz Rei Optioune geschwat hunn, fir eng Zesummenaarbecht um Weltmaart hinzekréien. Et ass awer net gewosst, vu wéi engen Optioune rieds war.

D‘Präisser stabiliséieren

Dëse Freideg da gëtt et zu Jeddah eng grouss Reunioun vun den OPEC-Memberlänner an de Net-Memberen. Hei geet et an éischter Linn drëms, ze evaluéieren op d‘Quote vun der Produktioun respektéiert ginn, esou wéi dat am Accord vun 2016 festgehale ginn ass. Hei soll dann och iwwert eng laangfristeg Zesummenaarbecht diskutéiert ginn.

An et dierft Zousproch ginn, well d‘Produzenten duerch d‘Resultater vum Accord zolidd motivéiert sinn. Den Accord huet d‘Gläichgewiicht um Maart vum „Brut“ nees hiergestallt, wat zu enger Erhuelung vun de Präisser gefouert huet. Déi si vun ënner 30 US-Dollar de Barrel (Ufank 2016) op eppes iwwer 70 US-Dollar (haut) geklommen.

„Ouni d‘Zesummenaarbecht mat Russland an anere Produzenten déi net Member vun der OPEC sinn, wier et schwéier gewiescht dësen Erfolleg virzeweisen. Et hätt schmäerzlech Mesure säitens de Membere vu der OPEC gefuerdert“, erkläert den Analyst Kamel al-Harami, aus dem Kuwait. „Déi nei Form vun Zesummenaarbecht ass awer an éischter Linn eng russesch-arabesch Allianz“.

Fir den Expert Jean-François Seznec, ass ersiichtlech, datt „déi zwee gréisste Fournisseure vu konventionellem Pëtrol – Riad a Moskau – zesummeschaffe kënne fir d‘Präisser stabil ze halen, oder sech bekämpfe kënnen, an deem si d‘Produktioun erhéije fir de Maart vun de Produzente vum Pëtrol deen aus Schifersand gewonne gëtt ze killen, wat awer wirtschaftleche Selbstmord wier“.

„Déi eenzeg logesch an intelligent Approche ass et, d‘Präisser stabil ze halen“, esou den Expert. 2014 waren d‘Präisser „an de Keller gaangen“, well an éischter Linn Saudiarabien sech geweigert huet d‘Produktioun erofzefueren. Si wollten deemools onbedéngt hir Parte vum Maart, géint déi hefteg Konkurrenz aus den USA (Produzente vu Pëtrol aus Schifersand) verdeedegen.

Eng Charta déi d‘Interesse respektéiert

E Méindeg zu Kuwait, hat de Generalsekretär vun der OPEC, Mohammed Barkindo, déi nei Allianz tëscht de Pëtrolsproduzenten als en „neit Kapitel“ an der Geschicht vun der Pëtrolsindustrie geschwat. An de nächste Méint, esou de Barkindo, wäerten d‘Pëtrolsproduzente versichen, dëse Kader, mat enger breeder an inklusiver Bedeelegung, laangfristeg ze institutionaliséieren.

De Souhail al-Mazrouei, emirateschen Energieminister, hat leschte Mount deklaréiert, datt en „Projet fir en Charta“ bis Enn 2018 sollt ausgeschafft ginn, fir déi nei Allianz ze festegen. Dat mécht Sënn, well dann och den Accord zu de Produktiounsquoten ausleeft.

Fir de saudeschen Energieminister Khaled al-Faleh ass awer elo scho kloer, datt déi russesch-arabesch Kooperatioun wäert iwwer Joerzéngten a Generatioune Bestand hunn. „Mir wäerten zesumme schaffen, an dat net nëmme mat de 24 Länner, mee och an deem mir méi Natiounen alueden sech ze bedeelegen“.

„D‘OPEC huet e bëssche vu sengem Glanz verluer wéi Russland sech dem Kooperatiounsaccord ugeschloss huet. Dat huet bedeit, datt si d‘Aarbecht net méi eleng konnt erleedegen“, erkläert den Kamel al-Harami. Laut dem Jean-François Seznec ass d‘OPEC faktesch „dout“ awer nach ëmmer nëtzlech, well se de Saudiaraber e Forum bitt, fir sech mat klenge Produzenten auszetauschen.

mam Hassan Abdulla/AFP

Foto: D‘Haaptquartéier vun der OPEC zu Wien. Wat fir eng Roll kann d‘Organisatioun vun de Pëtrolexportéierende Länner, spille wann déi nei Allianz zum droe kënnt? En Äntwert op dës Fro kann et fréistens zum Enn vum Joer ginn. © Joe Klamar/AFP

Ähnlech Sujeten OPEC, Russland, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel