Search

You may also like

money
Der STATEC hire Bléck op d‘Solden
Neiegkeeten

Der STATEC hire Bléck op d‘Solden

De Verbraucherpräisindex ass am Juli géintiwwer dem Juni ëm 0,5%

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Eng Kéier war ech een drénken. Eigentlech alles gutt bis

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA
Neiegkeeten

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter

D‘Pëtrolshändler halen Accisenerhéijung fir de falsche Wee

D‘Pëtrolshändler halen Accisenerhéijung fir de falsche Wee

Dat de „Gruppement vun de Pëtrolieren zu Lëtzebuerg“ (GPL) sech net iwwert déi am Dezember annoncéiert Accisenerhéijung vun de Minister Pierre Gramegna (Finanzen) a Claude Turmes (Energie) gefreet hunn, ass verständlech. Si hunn dann och en Ament gebraucht bis si sech dann elo nees zortéiert kruten, a versichen sech an engem verbal-rhetoresche Géigeschlag.

Mat enger Erhéijung vun den Accisen op de Bensin (+1 bis +3 Cent) an den Diesel (+3 bis +5 Cent) gëtt zwar faktesch den Endkonsument, also dee wou d‘Gefier bedreift, iwwert de Leescht gezunn, mee als Lëtzebuerger Pëtrolshändler kann ee sech de Suerge vun de Konsumenten net verschléissen an och déi respektiv Produzenten, deenen d‘GPL déngt, maachen Drock.

Accisenerhéijung

© Jonathan Pedersson / unsplash

An de Romain Hoffmann, President vum Gruppement, huet sech virgeholl, déi vun der Regierung beschlosse Moossname ganz objektiv, mee trotzdeem bestëmmt, der Ligen ze iwwerféieren. Esou gëtt als éischt eng politesch Ideologie denoncéiert, déi absolut guer net dem Klima, mee eenzeg den eegene politeschen Ambitioune vun engem Claude Turmes ze déngen hätt.

De Problem géif an aner Länner deplacéiert, de Staat zudeem enorm Finanzmëttel verléieren an och de Resident wéi de Grenzgänger missten d‘Laascht op hire Schëlleren droen. Dat zumindest ass et wéi de GPL-President déi vun der Regierung annoncéiert Hausse vun den Accisen interpretéiert. Datt et hinnen ëm den eegene Profit kéint goen, dovunner ass net rieds.

Eng Fro vun der Comptabilitéit?

Fir den engagéierte Klimaaktivist géif et der Regierung eenzeg an eleng drëms goen, zumindest mat Zuelen déi gesate Klimaziler virzeweisen. Dat alles wier deemno eng Rechenaufgab, fir déi den Automobilist un der Pompel e Präis ze entriichten huet. D‘Accisenerhéijung ass deemno och keng klimapolitesch Moossnam, vu datt de Problem beschtefalls just verlagert gëtt.

Richteg ass, datt d‘Politiker sech bei der Erklärung zur Erhéijung vun den Accisen, op deen ëmmer gären ernimmten „Tanktourismus“ beruff hunn. Eng zimlech einfach a leider falsch Ausso, déi sech och esou net duerch Zuele beleeë léisst. Zumindest wann ee bedenkt, datt et jo ganz normal ass, datt wien hei am Land schafft, och zimlech sécher hei am Land tankt.

Accisenerhéijung

© Nigel Tadyanehondo /unsplash

An de Romain Hoffmann dierft och Recht hunn, wann hien sech op d‘Groussregioun bezitt, datt och wann d‘Auslänner net méi tanken Dierften, si eis nach ëmmer hir „Emissiounen“ laanscht brénge géifen. Si musse jo op d‘Schaff an den ëffentlechen Transport kann och net alles. De CO²-Bilan géif esou zwar bei eis besser Ausgesinn, dofir allgemeng net besser ginn.

Weise mir an dësem Kontext dann nach emol drop hin, datt fir den Transporteur a seng Camionen, an dat gëllt besonnesch fir eis belsch Noperen, den Diesel zu Lëtzebuerg scho virun der Erhéijung vun den Accise kee „Geschäft“ war. Dat huet domadder ze dinn, datt zanter Mee 2019, déi belsch Betriber iwwert ee System vu Remboursementer doheem besser ewech kommen.

Korrelatioune schéin a gutt, wa se da stëmmen

Fir de Romain Hoffmann ass et dann och eng abstrus Behaaptung, wa säitens der Regierung eng Korrelatioun tëscht de Vente vu Pëtrolsproduiten op der Autobunn, mam Verkéier op dësen Autobunnen hiergestallt gëtt. Laut sengen Zuelen ass tëscht Mee an November 2019 d‘Vente vu Sprit ëm 2% zréckgaangen, während den Trafic ëm 2,2% zougeholl soll hunn.

Hei géif sech zudeem d‘Regierung net eleng un de Privatleit vergräifen. Déi genannte Mesuren an déi geplangte progressiv Erhéijung vun den Accisen, wäert derzou féieren, datt d‘Belaaschtung fir d‘Transporteure bis 16 Cent (an driwwer) pro Liter Diesel ausmécht. Wann den Transitverkéier dat ewechstieche kann, esou ass de lokale Logistiksecteur hei benodeelegt.

Accisenerhéijung

© Jim Witkowski / unsplash

Beim Automobilist gesäit de President vun de Pëtrolieren dës Hausse esouguer bei bal 20 Cent jee Liter, woubäi hei d‘Zuele scho widderspréchlech sinn. Mee „klappere gehéiert zum Handwierk“ an do mécht de Romain Hoffmann keng Ausnam. De „Gruppement vun de Pëtrolieren zu Lëtzebuerg“ hätt a géif massiv zur Reduktioun vun den Zäregasemissioune bäidroen, heescht et.

Esou géif de Gruppement eleng, dank Kraaftstoff op Basis erneierbaren Energien a bio-Kraaftstoff, staark zur Emissiounsreduzéierung bäidroen. 2020 baséieren 9,7 % vun de Kraaftstoffer op den erneierbaren Energien an och bei der Produktioun géif et eng Baisse vu 6% bei den Emissiounen. Esou eppes misst een als verantwortleche Minister dann och berécksiichtegen.

Wann et dann och nach stëmme géif

Dat „festgestallt“ ass et nëmmen nach ee Schratt bis zur Revendicatioun. Beim Romain Hoffmann nennt sech dat „Propose“ an déi gesäit esou aus, datt den Undeel vun den erneierbaren Energien am Sprit vun der CO²-Tax miss ausgeholl ginn. U sech net verkéiert, mee dat ass dann awer een ganz anere Volet vum „Problem“ an trëfft de Konsument och nëmmen indirekt…

Besser ass d‘Fuerderung vum GPL-President, wann et drëms geet vun der Regierung ze erwaarden, datt si am Kontext vun der Elektromobilitéit och berécksiichtegt, Alternative wéi Waasserstoff a Flësseggas (LNG) oder kompriméierte Gas (CNG) net auszeschléissen. E Gedanken deen esou falsch net ass, awer längst vu richtegen Experten aus dem Secteur gefuerdert gëtt.

Accisenerhéijung

© Kris Luhaers / unsplash

Mee geet hei och ëm vill, ëm ganz vill Geld. An nach verfügen d‘Pëtrolsgesellschaften iwwert déi néideg Mëttel sech ze wieren. A statt eppes fir d‘Ëmwelt ze maachen, wëllen déi vum Gruppement léiwer gréng Zertifikater kafen. D‘GPL huet ausgerechent datt mat den 20% Recetten déi vum Secteur opgewannt ginn, d‘Land bis 2030 seng Klimaziler erreeche kann.

Hale mir hei awer och fest, datt hiren Undeel um Präis un der Pompel net wiesentlech variéiert an een hei d‘Wuertmeldung vum Gruppement och als dat bewäerte muss wat et ass. Et geet der GPL net drëms eis an de Grenzgänger hir Kafkraaft ze stäerken oder ze erhalen. Et ass schlicht an ergräifend eng Kommunikatiounsoffensiv mat engem zolidd politeschen Hannergedanken.

Foto: © Timo Studler / unsplash

Related topics Accisen, Accisenerhéijung, CO²-Steier, GPL, Gruppement vun de Pëtrolieren zu Lëtzebuerg, Karbontax
Next post Previous post