Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!
Cool Cry International Money Neiegkeeten

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!

„Don’t break Don’t break my heart And I won’t break

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?
Cool Cry International Money Neiegkeeten

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft,

cool
Den Hugo Gernsback, erkläert
Cool Cry International Money Neiegkeeten

Den Hugo Gernsback, erkläert

Op am Kino, dem Bicherbuttek oder a Comichefter: Science-Fiction ass

coolcryingmoney

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer 80 US-Dollar geklommen. Eng Première zanter 2014, mee begrënnbar opgrond den „Onsécherheeten“ ronderëm Venezuela an dem Iran. De PDG vun Total ass iwwerzeegt, datt déi 100 US-Dollar kuerzfristeg erreecht wäerte ginn.

De Cours vum Barrel mat Ausliwwerung am Juli, huet bei der Seance vum Donneschdeg eng Spëtzt vun 80,50 US-Dollar erreecht, schléisst um Enn awer mat „nëmmen“ 79,30 US-Dollar. Dat sinn 2 Cent méi géintiwwer der Clôture vum Mëttwoch. Zur Info: déi europäesch Referenz fir „schwaarzt Gold“ huet am Mee 2017 nach bei 50 US-Dollar geleeën.

Am Verglach, huet de Barrel „light sweet crude“, dat ass déi amerikanesch Referenz, sech fir d‘Echeance am Juni, op 71,49 US-Dollar festgeluecht. „D‘Iwwerschreide vun der 80 US-Dollar Mark huet e psychologeschen Afloss, a léisst Widderstand aus. De Maart, esou gesäit et aus, brauch eng Paus nodeems dëse Punkt iwwerschratt ginn ass“, mengt de Matt Smith vu Clipper Data

Gett de Kap vun den 100 US-Dollar iwwerschratt?

Fir de Patrick Pouyanné, PDG vun Total, seet hie wier net iwwerrascht de Präis vum Barrel „an de nächste Méint“ bei 100 US-Dollar ze gesinn. Eng Ausso déi och dorunner festgemaach gëtt, datt sech Total, op Drock vun den USA, muss aus dem Iran zréckzéien.

D‘Hausse huet sech och bemierkbar gemaach, nodeems um Donneschdeg e Réckgang vum amerikanesche Stock (1,4 Millioune Barrel) gemellt ginn ass. Och bei de Bensin-Reserven ass eng grouss Baisse (- 3,8 Millioune Barrel) an den USA gemellt ginn.

Fir den Jasper Lawer, Analyst bei der London Capital Group, ass d‘Progressioun vun de Coursen op der Bourse „impressionnant“. Dat zemools wou rezent Rapporten eng Erhéijung vun den US-Exporter gemellt hunn, a gläichzäiteg vun engem Réckgang bei der Demande rieds gaangen ass. Zwee Facteuren, déi theoretesch en Impakt op d‘Präisser missten hunn.

D‘Hausse kéint dann och zum Problem fir déi „entwéckelt Ekonomien“ ginn, där hir Industrië vun der Baisse 2014 enorm profitéiere konnten. Esou huet de Grupp Air France-KLM schonn emol gewarnt, datt bei dëser Präisser, hir Rechnung fir de Sprit ëm 350 Milliounen Euro klamme kéint.

Wéi an Afloss hunn d‘Wahlen a Venezuela?

Zanter e puer Woche gëtt de Cours vum Pëtrol och duerch d‘Suergen am Bezuch op déi iranesch a venezuelanesch Produktioun beaflosst. Dat nodeems Washington entscheet huet, sech aus dem iraneschen Atomofkommes zréckzezéien.

„Déi kontinuéierlech Baisse vun der Pëtrolsproduktioun am Venezuela zitt gläichzäiteg d‘Produktioun vun der OPEC (Organisatioun vun de pëtrolexportéierende Länner) erof“, betounen d‘Analyste vun der Commerzbank.

Déi venezuelanesch Industrie leit ënnert der wirtschaftlecher a politescher Kris déi Land am Grëff huet. Dozou kënnt, datt d‘Presidentewahl dëse Sonndeg, den aktuelle President Nicolas Maduro als Favorit gesäit. Dat beonrouegt de Marché weltwäit. Mat der Hypothees, datt d‘USA den Import vu venezuelaneschem Pëtrol ganz verbidde kéinten, géifen dem Maart 400.000 Barrel entzunn.

Heizou kënnt, datt d‘OPEC sech säit Enn 2016 a bis Enn 2018, drop gëeenegt hunn, d‘Produktioun ze begrenzen. Dat zesumme mat 10 weidere „Produzenten“, wourënner Russland. Eng Reunioun am Juni soll iwwert eng Verlängerung vun de Mesuren entscheeden.

Wat geschitt elo mam Iran?

D‘Onsécherheet zur iranescher Produktioun, ervirgeruff duerch d‘Kënnegung vum Atomofkommes, an déi erneiten Aféierung vun de Sanktiounen, huet och zur Hausse vum Barrel gefouert.

Sollt et esou sinn, datt sech Total tatsächlech aus dem groussen „Gas-Projet“, deen am Juli 2017 opgeholl ginn ass, misst zeréckzéien – ausser d‘USA ginn eng Ausnamegeneemegung – kéint déi chinesesch CNPC asprangen. Esou d‘Informatioun um Mëttwoch vum iranesche Pëtrolsminister

Laut dem Matt Smith, wier d‘Entscheedung vun Total, sech aus dem Iran zréckzezéien „e Symbol mat deem déi potentiell direkt Auswierkunge vun der amerikanescher Entscheedung, den Iran nees mat Sanktiounen ze beleeën, erëmspigelt“.

Saudiarabien, éischte Pëtrolsexporter op der Welt an erkläerte Feind vum Iran, huet emol ugekënnegt, datt si bereet sinn all Mesuren ze ergräifen, fir engem Mangel entgéintzewierken. Woubäi allerdéngs muss gewosst sinn, datt Riad schonn e Präis tëscht 80 an 100 US-Dollar de Barrel ustrieft.

Dat hänkt domatter zesummen, datt Saudiarabien seng Pëtrolsfirma Saudi Aramco wëll op d‘Bourse bréngen. Iwwert den héije Präis vum Barrel kann de Wäert vun der Entreprise méi héich ugesat ginn, wat fir Investisseuren e schloend Argument ass.

mam Ali Bekhtaoui an dem Kevin Trublet/AFP

Ähnlech Sujeten Barrel, Brent, Pëtrolspräisser, US-Dollar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    3

  • Angry

    1

  • WTF

    1

  • Crazy

    2

  • Love

    0