Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland
Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
Neiegkeeten

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!

Bei der 10. Editioun vum urbanen Danz-Festival fir Jonker mam

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?
Neiegkeeten

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?

Trotz de Warnunge vu Bréissel, huet sech déi nationalkonservativ Majoritéit

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht

Phantasialand Brühl: Lëtzebuerger Gäscht sinn aktuell onerwënscht

Fir d’Sécherheet vun hire Gäscht ze garantéieren, bieden d’Bedreiwer vum Fräizäitpark Phantasialand hir Lëtzebuerg Visiteuren, de Besuch op e spéideren Zäitpunkt ze verréckelen, bis datt d’Situatioun sech stabiliséiert huet. Ma, do kënnt ee sech schonn e bëssen wéi e béist Geschwier vir…

Nodeems de Robert Koch Institut Lëtzebuerg zum Risikogebitt erkläert huet an och den däitschen Ausseministère eng Warnung ausgeschwat huet – mat 50 Neiinfektiounen pro 100.000 Awunner an de leschte 7 Deeg wiere mir nämlech vergläichsweis staark vum Virus betraff – wëll d’Phantasialand de Risiko net agoen, seng Gäscht duerch d’Lëtzebuerger ze gefärden.

„Nom Rot vum Lëtzebuerger Ministère encouragéiere mir Iech, Är geplangt Visitt op e spéideren Datum ze verréckelen. Och wa mir immens frou gewiescht wieren Iech (erëm) ze gesinn, bleift d’Sécherheet vun alle Visiteure vum Phantasialand eis gréisst Prioritéit“ heescht et op der offizieller Säit vum Park.

Duerch d’Pandemie kann een aktuell just datéierten Ticketen kafen. D’Billjeeën vu Lëtzebuerger Residenten, déi fir eng Visitt an den nächsten Deeg geduecht ware, bleiwe gëlteg, mussen awer ëmgeschriwwe ginn op en aneren Datum.

Phantasialand

www.phantasialand.de/fr/Informations-sur-louverture/

Sécherheetshiweiser fir Lëtzebuerg

Den Ausseministère deelt op senger Internetsäit mat, datt tëscht Lëtzebuerg an Däitschland keng Grenzkontrolle stattfannen. Och bei der Duerchrees ginn et keng Aschränkungen. Trotzdeem gëtt virun net noutwennegen, a virun allem touristesche Reesen an de Groussherzogtum gewarnt.

Mat eise groussflächegen Tester, wou bei de Resultater bis ewell och d’Frontalieren agerechent gi sinn, kënne mir nämlech prezis, scheinbar awer och ze héich Zuelen opweisen. Aktuell Zuelen an Detailer fënnt ee beim European Centre for Disease Prevention and Control (ECDC).

Ënnert anerem sti mir an Dänemark elo op der Lëscht vun de „banned countries“, wouduerch Lëtzebuerger Residenten net méi areesen dierfen. Selwecht gesäit et fir de béise Lëtzebuerger och a Litauen aus. Well een an Norwegen areesen, da muss een als éischt eng Quarantaine vun 10 Deeg hannert sech hunn. An der Belsch steet Lëtzebuerg op der oranger Lëscht. D’Aus- an Arees ass erlabt, et soll een awer virsiichteg sinn.

Opmaacherbild © Phantasialand

Ähnlech Sujeten Ausseministère, Boykott, Brühl, Covid-19, Däitschland, Groussflächeg Tester, Lëtzebuerg, Neiinfektiounen, onerwënscht, Pandemie, Phantasialand, Restriktiounen, Risiko, Risikogebitt, Sécherheet, Virus, Visitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel