Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv
Kultur Neiegkeeten

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv

D’Universitéit Lëtzebuerg hëlt sech scho länger dem Thema vun der

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter
Kultur Neiegkeeten

Galerie: Mam Minister bei de Rettungsdéngschter

No der Protex vu Lëntgen, de Pompjee vu Miersch an

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin
Kultur Neiegkeeten

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin

Dräi Deeg viru senger Kréinung, huet den thailännesche Monarch Vajiralongkorn

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren

Wärend de leschte Wochen ass et duerch Dir-wësst-scho-wat immens roueg am kulturelle Beräich ginn. Mee elo soll nees op d’Tromm geschloe ginn, d’Musek muss zeréck kommen! An esou ginn ab haut Live-Concerten aus der Philharmonie gestreamt. Lëtzebuerger Artisten an d’Museker vum OPL hunn een eenzegaartegen an ofwiesslungsräiche Programm fir Phil Live doheem zesummegestallt.

Um 12. Mäerz huet d’Philharmonie seng Diere missen zoumaachen, an och elo ass nach ëmmer onkloer, wéini d’Concertshaiser hir Aktivitéiten nees dierfen ophuelen. Op Kultur verzichte muss een trotzdeem net, an esou offréiert d’Philharmonie all Woch um 20:00 Auer Live-Concerten, déi op Facebook an der eegener Internetsäit iwwerdroe ginn.

Aktuell ass et net méiglech de Publikum direkt op der Plaz begréissen ze dierfen. Fir alle Museks- a Kulturbegeeschterten awer Ënnerhalung bidden ze kënnen, triede souwuel Solokënschtler, wéi och kleng kammermusikalesch Formatiounen op der Bühn op, dat natierlech am Respekt vun de sanitäre Mesuren.

D’Ekipp vun der Philharmonie freet sech alle Lëtzebuerger an hei wunnhafte Kënschtler eng Plattform bidden ze kënnen, ënnerschiddlech Genres presentéieren ze dierfen an dobäi Optrëtter an héchster musikalescher an technescher Qualitéit iwwerdroen ze kënnen.

Phil Live doheem

Bartleby Delicate haut um 20:00 Auer © Roxanne Peuguet

De Programm – Ugefaange gëtt mam Bartleby Delicate

Den Optakt mécht haut de Bartleby Delicate, Lëtzebuerger Singer-Songwriter, deem säi Concert duerch d’Coronakris als ee vun den éischten huet missen ofgesot ginn. Ëmsou méi houfreg weist sech de Georges Goerens elo: „De Concert an der Philharmonie war fir mech een Highlight an dësem Joer, an esou huet et mech besonnesch getraff, datt en huet missen ofgesot ginn. Ouni Publikum ze spillen ass fir mech just schwéier virstellbar, wëll sech meng Musek un d’Mënsche riicht, mee mir mussen iwwert den Bord hinauskucken an dofir freeën ech mech besonnesch, dës Serie vu Concerten erëffnen ze kënnen. Et gëtt anescht, mee och eng ganz nei Erfarung!“

Fir déi zukünfteg Woche si weider Concerten fir déi sougenannt Phil Live doheem-Serie a Virbereedung. Dobäi hu sech folgend OPL Museker bereet erkläert a klenger Besetzung ze spillen:

  • Jean Müller (Piano)
  • Den Trio mam Ryoko Yano (Violin), Anik Schwall (Viloncello) an Zala Kravos (Piano)
  • De Kreisler Quartett mam Haoxing Liang (Violin), Silja Geirhardsdottir (Violin), dem Jean-Marc Apap (Viola) an Niall Brown (Violoncello)
  • De Greg Lamy a Lionel Loueke (Gittar)
  • Den Duo mam Alena Baeva (Violin) a Vadym Kolodenko (Piano)
  • De Reis Demuth Wiltgen Trio

Net vergiesse sollt een déi breet digital Offer op de sozialen Netzwierker, déi weiderhin zur Verfügung steet. Zesumme mat der Yogaproff Tulsi an der Pianistin Cathy Krier konnt esou beispillsweis de Concert „Yoga at the Phil“ als Home Session ëmgesat an ausgebaut ginn. Déi musikalesch Rees riicht sech un all Yogabegeeschterter, Museksinteresséiert, sou wéi Persounen, déi Neies erliewe wëllen.

Dobäi kommen d’Videoen am Kader vun „OPL at home“, bei deem zuelräich OPL Museker de Publikum mat eegen Opnamen begeeschtere konnten. Nieft dem bekannte Boléro vum Maurice Ravel kann een beispillsweis op d’Wierker vu Loopino zeréckgräifen.

Och d’Offer mat den zuelräichen europäesche Concertshaiser a Memberen vun der European Concert Hall Organisatioun leeft weider. Méindes, Dënschdes an Donneschdes gëtt um 20:00 Auer jeeweils ee Concert iwwerdroen. Ofwiesselnd presentéieren d’Concertshaiser hire villfältege Programm vun Opnamen aus de vergaangene Joren a lueden de Publikum esou op eng virtuell Rees duerch déi europäesch Concertssäll an.

Weider Informatioune fannt Dir op der Facebooksäit vun der Philharmonie an op philharmonie.lu.

Phil Live doheem

Ähnlech Sujeten Bartleby Delicate, Concert, Kreisler Quartett, Livestream, Musék, OPL, OPL at home, Phil Live Doheem, Philharmonie, Yoga at the Phil
Nächsten Artikel Virrechten Artikel