Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen
Neiegkeeten

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen

Gëschter, den 12. Dezember 2020, huet d’Lëtzebuerger Handballnationalequippe géint d’Färöer

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen
Neiegkeeten

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Neiegkeeten

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Um vergaangene Samschdeg, de 6. Juli huet an der Stater Philharmonie déi 61. Zeremonie vun der Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul stattfonnt. Mat dobäi waren den Ausseminister Jean Asselborn an de Schouldirekter Här Wedel.

Begleet vun de Famillen an Enseignante war et fir d’Primaner ee festlechen a ganz besonnesche Moment. Fir d’Schüler aus der Europaschoul markéiert d’Zeremonie d’Enn vun enger Etapp an den Ufank vum Studium an dem Erwuesseneliewen. Bei senger Ried huet de Minister Asselborn besonnesch d’Erausfuerderunge vun der politescher europäescher Aktualitéit ervir gehuewen an de Respekt vun eise Wäerter ervir gehuewen.

„D’Diplomiwwerreechung ass ee beweegenden Moment fir all Schüler. No 14 Joer an der Europaschoul hutt Dir endlech Är Etüden am Secondaire ofgeschloss. Ech felicitéieren allen Diploméierte fir hir Leeschtungen“, sou de Minister am Ufank vu senger Ried. Am Joer 1953, dräi Joer no der Deklaratioun Schuman, ass déi éischt Europaschoul zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. Esou kéint ee scho soen, datt dës Schoul säit der éischter Stonn vun der europäescher Integratioun besteet.

Europaschoul

© MAEE (Ausseministère)

Keng Grenze gesat

Uschléissend huet hien d’Diversitéit vun de Kulturen a Sproochen, déi duerch déi 14 Europaschoulen a 7 verschiddene Länner garantéiert gëtt, ervir gehuewen. Och mat der EU ginn an alle Beräicher Grenze verschwanne gelooss an d’Bevëlkerung matenee verbonnen. Mat enger gemeinsamer Wärung an oppene Grenze gëtt d’Fräiheet an d’Stabilitéit oprecht erhalen. Esou kënnen d’EU-Bierger fräi reesen, studéieren, schaffen a liewen an deem europäesche Land, wat si sech eraussichen.

Dofir sollt een och den Erasmus vun de Studenten ernimmen. Mat engem Budget vu 14,7 Milliarden Euro kréie méi wéi 4 Milliounen Europäer d’Méiglechkeet, am Ausland ze studéieren a Wëssen ze erlaangen. An dësem Kader ass de Minister awer och op den eréischt kierzlech ënnerzeechente Vertrag mat Kanada zeréck komm, duerch deen all Joer 100 Jonker vun engem Visa „Vacances-Travail“ profitéiere kënnen.

Nei Erausfuerderungen am 21. Joerhonnert

All Generatioun huet seng eege Kämpf ze bewältegen. Esou wäert Europa sech och an Zukunft mat der Migratioun a Flüchtlingen ausenaner setze mussen. Méi wéi 600 Persoune sinn dëst Joer schonn am Mëttelmier erdronk. D’Aktioun vu Sea-Watch 3 beweist, datt een no neie Léisunge siche muss, fir d’Rettung garantéieren ze kënnen a legal Migratiouns-Weeër ze schafen.

Eng weider Erausfuerderung ass de Klimawandel. Esou ënnersträicht de Minister: „Et ass är Generatioun, déi op d’Stroosse geet an robust europäescht Engagement am Kampf géint de Klimawandel freet.“ Hien hofft dobäi, datt d’Ziler vum Paräisser Ofkommes voll a ganz realiséiert ginn. Et muss alles dru gesat ginn, datt een ënnert den 1,5 °C Äerderwiermung bléift.

Am Kader vun der Diplomiwwerreechung hëlt de Jean Asselborn d’Europaschoul als Symbol fir d’Zesummegehéieregkeet vun der EU. Déi zuelräich Diploméiert ginn zesumme gesat aus 19 verschiddenen Nationalitéiten, also méi wéi der Halschent u Länner an der EU. „Dir weist, datt Europa funktionéiere kann.“

Ähnlech Sujeten Diplomiwwerriechung, Europaschoul, Jean Asselborn, Klimawandel, Philharmonie, Sea-Watch3
Nächsten Artikel Virrechten Artikel