Search

You may also like

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!
Kultur Neiegkeeten

SITTA: EP-Release zu Diddeleng!

Den 3. Abrëll kënnt déi éischt EP mam Titel „Part

Verschäerft d’EU den Toun géintiwwer der Tierkei?
Kultur Neiegkeeten

Verschäerft d’EU den Toun géintiwwer der Tierkei?

Et soll ee „staarke Message“ gewiescht sinn, deen déi europäesch

Avis fir de Public: https://hellef.esch.lu – déi nei Plattform vun der Stad Esch, mat Offeren zu Informatioun an Hëllef fir vulnerabel an/oder elengstoend Persounen am Alldag
Kultur Neiegkeeten

Avis fir de Public: https://hellef.esch.lu – déi nei Plattform vun der Stad Esch, mat Offeren zu Informatioun an Hëllef fir vulnerabel an/oder elengstoend Persounen am Alldag

Um haitegen Dënschdeg huet d‘Stad Esch Uelzecht eng nei elektronesch

Musikalesch Feierdeeg: D’Philharmonie presentéiert säi fantastesche Programm!

Musikalesch Feierdeeg: D’Philharmonie presentéiert säi fantastesche Programm!

Nach ëmmer mussen d’Plazen an der Philharmonie eidel bleiwen, wat awer net heescht, datt och all musikalesch Initiative flaach falen. Bei dësem räichhaltege Programm fir d’Feierdeeg kann ee sech sécher sinn a super Erliefnis Doheem gebueden ze kréien!

Hätt ee sech dach normalerweis ëm dës Zäit an der Philharmonie zesummefonnt, fir déi besënnlech Deeg an d’Enn vum Joer gemeinsam ze zelebréieren, esou wäiche mir 2020 op déi digital Mëttel aus. Kleng a Grouss kommen ënnert anerem mam traditionelle Chrëschtconcert, Feierdagskaraoke oder och dem OPL Brass Bus op hir Käschten. Zuelräich kreativ Acteuren haten an hunn hir Fanger am Spill, fir Iech eng exzellent Offer an den eegene véier Wänn unzebidden.

Musikalesch Feierdeeg© Sébastien Grébille

De virtuelle Chouer

Um 23. Dezember um 19:00 Auer presentéiert d’Philharmonie op sengem Facebook– a YouTube-Kanal säi Projet vum „Virtual Choir“. Den Dirigent Pierre Cao an den OPL hunn zesumme mat de Pueri Cantores, ënnert der Leedung vum Pierre Nimax Junior an dem Choeur de Chambre vum Stater Conservatoire en neit Konzept entwéckelt, bei deem den Orchester a Chouer getrennt vuneneen opgeholl an uschléissend zesummegesat goufen.

Musikalesch Feierdeeg© Sébastien Grébille

Wien d’Evenement un dësem Dag verpasst, dee kritt um 24. Dezember um 20:00 Auer nach emol d’Méiglechkeet, sech dat musikalescht Erliefnis op RTL2 unzekucken, respektiv um 22:00 Auer um Radio ze lauschteren.

OPL Brass Bus mat der Fondatioun EME

Säit iwwer 10 Joer engagéiert sech d’Fondatioun EME dofir, datt jiddwerengem d’Schéinheet vun der Musek zougänglech gemaach gëtt. Ma, si sinn quasi den Expert doran d’Kultur dohinner ze bréngen, wou se soss net hikënnt.

An dësem Kader ass d’Ekipp mat der origineller Iddi vum OPL Brass Bus komm. Um Uewerdeck vum Bus bitt e klenge Bléiserensembel e super Open-Air-Concert fir d’Bewunner an d’Personal vun de Spideeler a Senioreresidenzen an der Stad Lëtzebuerg.

Chrëschtkaraoke fir Doheem

Et ass net wichteg, ob e perfekt oder schief séngt. Wichteg ass de Spaass un der Saach. Ma, heivir huet d’Philharmonie d’Klassiker vun de Feierdeeg opgeholl a Karaoke-Versiounen a verschidde Sproochen erstallt. D’Playlist fannt Dir ënnert link.philharmonie.lu/chreschtkaraoke.

Serie Kids’ Phil

Och Kanner sollen musikalesch ënnerhale ginn. Passend dozou ginn et elo Adventsgeschichten mat interaktive Matmaach-Videoen. Bekannt Handlunge gi vum Betsy Dentzer a Julie Kieffer virgedroen, an och den OPL, sou wéi Lëtzebuerger Gaaschtmuseker – dorënner d’Anik Schwall an de Viktor Kraus – si vertrueden.

Donieft weist de Bob Minette, wéi een einfach e Mini-Drumset doheem bastele kann.

Nussknacker fir Schoulen a Familljen

D’Geschicht vum Nossknacker mat der bekannter Musek vum Pjotr Iljitsch Tschaikowsky suergt scho laang fir Faszinatioun an ass vun de Feierdeeg bal net méi ewechzedenken. An dësem Kader presentéiert d’Philharmonie eng Versioun fir de jonke Publikum um KiKa mam däitsche Moderator Juri Tetzlaff.

Dës weideren gëtt haut den Owend e Live-Concert fir Kanner aus dem Fondamental um YouTube-Kanal vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend gebueden. E Méindeg, den 21. Dezember um 17:30 Auer gëtt et zousätzlech en oppene Strream vum Concert, deen 2 Wochen zur Verfügung stoe wäert.

Musikalesch Feierdeeg© Sébastien Grébille

Fir dat neit Joer steet och schonns en Evenement fest: Um 8. Januar fänkt dat neit Concertsjoer mat engem Streaming vum Neijoerschconcert, ënnert der Leedung vum Leopold Hager, un.

Opmaacherbild: © Sébastien Grébille

Related topics Chrëschtconcert, Fondatioun EME, Karaoke, Live-Concert, Live-Stream, Musek, Nossknacker, OPL Brass Bus, Philharmonie, Tschaikowsky
Next post Previous post