Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

dislike
Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!
Kultur Neiegkeeten

Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!

Wéi déi lénk et richteg festgestallt huet, sinn den 1.

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!
Kultur Neiegkeeten

De Knaschtpitti vun der Sauer – Fall opgekläert!

Nodeems d’Sauer ëmmer erëm verknascht ginn ass, konnt een zwar

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op

D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op

Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl huet, freet sech d’Philharmonie besonnesch drop, hier Dieren am September nees wäit opzemaachen. Trotz den Aschränkungen duerch d’COVID19-Situatioun bitt d’Haus een ofwiesslungsräicht an héichkarätegt Programm un a schätzt sech glécklech, dem Publikum musikalesch Highlighten a bedeitend Museker ze presentéieren.

De Virverkaf geet den 1. September un.

D’Saison gëtt spektakulär a prominent – mat dem éischte Concert vum Beethoven-Zyklus vum philharmoneschen Orchester vu Luxembourg ënnert der Leedung vum Chefdirigente Gustavo Gimeno mat dem legendäre Pianiste Krystian Zimerman, déi an dräi Concerten all Klavéierconcert vum Beethoven interpretéiere wäerten. Den Optakt maachen de 17. September déi éischt béid Klavéierconcerte vum Komponisten, deem säin 250 Gebuertsdag dëst Joer gefeiert gëtt.

Ausserdeem wäert dat SWR Symphonieorchester mam Teodor Currentzis a mam Patricia Kopatchinskaja ewéi och d’Orchestra of the Mariinsky Theater mam Valery Gergiev an de Soliste Selina Ott a Vadym Kholodenko zu Gaascht sinn.

Ob d’Réckkéier vum “Fürst des Fado” gefeierte Camané kann sech d’Publikum genee esou freeën, ewéi op Begéinunge fir Grouss a Kleng bei “Familles” oder Concerte mam Paul Lewis souwéi mam Rolando Villazón am Zeeche vun “L’Allegria”.

Opgrond vun der aktuelle Situatioun  hunn vill Concerte missen annuléiert oder vertässelt ginn. All Informatioune fannt Dir op der Internetsäit.

Opgrond vun der aktueller Situatioun an ënner Berécksiichtegung vun de Sécherheetsmoossname wäerten sech verschidden Ofleef vun de gewinnten ënnerscheeden. Fir den Ofstand anzehalen, hunn misse Programmer geännert an ugepasst ginn. Doriwwer eraus wäerten d’Concerten ouni Pause sinn. Ob dat Gastronomescht muss verzicht ginn. Nëmmen een Drëttel vun de Plaze kann an de Säll genotzt ginn an d’Droe vun engem Mondschutz ass wärend der ganzer Opféierung an am ganze Gebai Flicht.

D’Abonnementssystem gouf ausgesat. D’Abonnente vun der Saison 2019/20 erhalen d’Méiglechkeet, Tickete schonn s ab dem 24 August ze kafen. Den offizielle Virverkaf fänkt den Dënschden, den 1. September um 10 Auer. Clienten hunn d’Méiglechkeet iwwer dëse Wee hiren Ticket ze bestellen:

matgedeelt vun der Philharmonie, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Jessica Mersch

Foto : De Chefdirigent vum philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno © Marco Borggreve

Ähnlech Sujeten Philharmonie, Saison 2020-21
Nächsten Artikel Virrechten Artikel