Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De fréieren US-President George Bush ass dout
Kultur

De fréieren US-President George Bush ass dout

Um spéide Freidegowend huet den Fils vum George Bush informéiert,

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!
Kultur

462.000 Schmuggelzigarette séchergestallt!

Um Dënschdeg, den 11. Juni huet d’Fruechtkontrolleenheet vum Zoll 462.000

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt
Kultur

Australesche Kardinol wéinst Kannermëssbrauch veruerteelt

Knapps dat zu Roum am Vatikan déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op

Philip K. Dick: E genialen Trip

Am Kino bekannt, mee eng wichteg Persoun fir d'Literatur

Philip K. Dick: E genialen Trip

Den 1928 gebuerenen Philip K. Dick gehéiert zu den absolute Schwéiergewiichter vun der Science-Fiction Literatur. A säi Stoff ass besonnesch beléift zu Hollywood a bei de Produzenten vun Televisiouns-Serien. Sief et Blade Runner, Total Recall oder Minority Report – seng Geschichten ginn ëmmer erëm op en Neit verschafft.

Dobäi huet en säin Duerchbroch scho relativ fréi erlieft: Mat The Man in the High Castle – Wat mëttlerweil eng erfollegräich Serie bei Amazon ass – konnt en Opmierksamkeet kréien – an dat net ze knapps! 1962 krut en dofir den Hugo Award fir de beschte Roman. Et war säin néngt Buch, wat e wuel am Genre vill Respekt abruecht huet, mee dofir nach laang net vir gutt Verkafszuele gesuergt huet. Déi längsten Zäit hat e finanziell Schwieregkeeten, déi duerch en Drogeproblem a Suizidversich nach emol verschlëmmert gi sinn.

Ee Klassiker nom aneren

Et huet en awer net dorunner gehënnert, fir absolut Klassiker vum Genre ze schafen. Do Androids dream of Electric Sheep, besser bekannt als Blade Runner, zeechent en eng Zukunft, déi duerch an duerch düster ass, an awer voller Wonner a spirituell Erfahrungen. Ubik ass bis haut e Klassiker wéinst sengen deels psychedeleschen Dimensiounen an engem Plot, deen een ëmmer méi déif a verschiddenst Couche féiert. A Scanner Darkly ass en Paranoia-Geschicht, déi hieresgläiche sicht a n sech gutt an Tandem mat 1984 liest. Zu gudder läscht wier do natierlech The Man in the High Castle an deem de Philip K. Dick en Amerika virstellt, dat vun den siegräiche Nazien an dem Kaiserräich Japan nom 2. Weltkrich opgedeelt ginn ass.

De Philip K. Dick ass awer net nëmmen wéinst total verrécktenen Iddien bekannt, mee och dofir, datt seng Science-Fiction relativ ontechnesch ass. Während technesch Innovatiounen duerchaus relevant fir seng Geschichte sinn, entwéckelt hien net den Technick-Fetisch vu ville vu senge Kollegen. Fir Neilingen am Genre sinn seng Bicher dowéinst ganz besonnesch liesbar. Och den Stil, deen onkomplizéiert ass liest sech aussergewéinlech flësseg. Dëst dierften dann och d’Grënn sinn, firwat en sech bis haut esou gutt gehalen huet. Leider huet en vun sengem spéideren Erfolleg näischt méi matkrut: En ass am Mäerz 1982 gestuerwen, e puer Méint iert Blade Runner an d’Kinoe komm ass, a Jore iert dëse Film selwer seng verdéngten Appreciatioun krut huet.

Ähnlech Sujeten Bicher, Gernsback-Woch 2017, Kultur, Literatur, Philip K. Dick
Nächsten Artikel Virrechten Artikel