Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

https://moien.lu/dating-in-ancient-greece/

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

dating pregnancy radiology
https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!

Um vergaangene Weekend sinn all d’Museks- a Festivalfans op hir

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!
https://moien.lu/site-dating-casatoriti/

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!

Honnertdausend Mënschen hunn gëschter an de Stroosse vu Barcelona d‘Fräiloossung

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen

Philippe Hammelmann: E kloert Zil virun Aen

Transparenz géintiwwer dem Bierger ass him wichteg. Den 32 Joer jonke LSAP-Kandidat huet et sech gutt iwwerluecht iert hie mat op d‘Lëscht fir d‘Gemengewahle gaangen ass.

De Philippe Hammelmann ass zanter zéng Joer Member an der Partei a weess, wéi wichteg et ass, sech och politesch ze engagéieren. Et war dann trotzdeem keng einfach Entscheedung fir de Journalist, vun elo op direkt säin Engagement op engem aneren Niveau ëmzesetzen. D‘Fro, op déi journalistesch Tätegkeet mat engem politeschem Amt kompatibel ass, huet sech gestallt.

Analytesch Virgoensweis

E politescht Amt op Gemengenniveau, esou säi Fazit, stellt seng Integritéit als Journalist net a Fro. De jonke Mann, dee wuel net bestuet, säin Häerz awer enger Professorin fir Däitsch geschenkt huet, ass mat der Analys vu politescher Prozesser vertraut. Mat Sécherheet e gudde Grond fir de Roger Negri, Spëtzekandidat a President vun der Sektioun Mamer, sech dëse Mann an d‘Equipe ze huelen.

Op der Aarbecht hat bis dohinner kee gewosst, datt hien eng Parteikaart hätt. De Fait sech op enger Lëscht ze presentéieren ass also och, a gewësser Hisiicht en „coming out“. Dëse Schratt ze maachen bedeit dann och, datt een dat och entspriechend eescht muss huelen. Et bedeit awer och, de Beruff net nëmme vum Privatliewen, mee och vum politeschen trennen ze kënnen.

Am gläiche Sënn, esou de Philippe Hammelmann, wier et him och wichteg, bei allem Versteesdemech fir d‘Ausenanersetzungen déi e Wahlkampf mat sech bréngt, dem politesche Géigner mat néidege Respekt ze begéinen. Kritik géintiwwer engem Programm oder just eenzele Punkten, Projete a Fro stellen, dat wier senges. Perséinlech ginn a Schléi ënnert de Rimm hätten awer bei Gemengewahlen näischt verluer.

Bestrofung fir d’Ligen

Mat senger Kandidatur wëll de Journalist awer och nach eppes méi, wéi eben nëmmen e méigleche Sëtz am Gemengerot erreechen. Hie wëll domatter och all déi Lige strofen, déi et sech net midd ginn, ze behaapten et kéint een näischt änneren, alles wier souwisou schonn entscheet. Et ass him hei dann och wichteg kloer ze stellen, dat e Politiker – an dat besonnesch op Gemengenniveau – net a seng eegen Täsch schafft.

Op dem Niveau kéint e sech nëmmen Engagéieren, vu iergendwelleche Virdeeler wier een do wäit ewech. Et ass dann allerdéngs ganz wichteg, déi Meenung an och d‘Suerge vun der Bierger am allgemengen eescht ze huelen. De Beweis muss erbruecht ginn, datt wann een déi politesch Verantwortung iwwerholl huet, een ëmmer fir d‘éischt am Interessi vum Bierger agéiert an d‘Aarbecht am Gemengerot konstruktiv matgestalt.

Dem Philippe Hammelmann wier et dann och léiwer, et wier villes méi transparent a fir de Wieler esou ersiichtlech, firwat eng Entscheedung esou oder anescht getraff gëtt. An et soll engem esou dann och net „egal“ sinn a just lamentéieren. Eng Decisioun kann ee gutt oder schlecht fannen, et sollt een awer hei den demokratesche Prozess respektéieren.

Fir de jonke Politiker, deen op der Uni en Exkurs am Droit gemaach huet, iert ëm bewosst ginn ass, datt Journalismus dat eenzeg richtegt ass, huet de Konsens e grousse Stellewäert. E Konsens iwwregens, deen net dem méigleche Koalitiounspartner virbehalen ass.

Egal wéi Walen ausginn, grad op Gemengenniveau sollt een, an dat net nëmme well e sech kennt, ëmmer als éischt un d‘Bierger denken. Dat ass de Noper, de Kolleg aus dem Veräin oder och just de Frënd mat deem ee geleeëntlech e Patt hëlt. Et ass awer virum allem deen, deem ee muss an d‘Ae kucken, deem säi Vertrauen een net dierf mëssbrauchen. Beim allem Geknouters an ënnerschiddlecher Opfaassung, Kritik verstoen, Kritik erdroen, esou kann an dierf Politik gemaach ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gemengewahlen 2017, LSAP, Mamer, Philippe Hammelmann
Nächsten Artikel Virrechten Artikel