Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen
International Neiegkeeten

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

Superjhemp: Grouss Ausstellung am Nationale Literaturzenter zu Miersch
International Neiegkeeten

Superjhemp: Grouss Ausstellung am Nationale Literaturzenter zu Miersch

“OH, KUCK! DO UEWEN! AS ËT E VULL? AS ËT

Nationbranding kann och kreativ sinn
International Neiegkeeten

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie

Zanter 1999 gëtt mëttels engem Ofkommes tëscht de Philippinnen an den USA, déi militäresch Zesummenaarbecht gereegelt. Dësen Deal huet de philippinnesche President elo opgekënnegt.

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie

Et ass net méi just dem Donald Trump säi Privileg, eesäiteg Verträg an d‘Dreckskëscht ze klappen, woubäi et och kee Feeler ka sinn, sech vun den USA emanzipéieren ze wëllen. De philippinnesche President Rodrigo Duterte awer huet elo genee dëse Schratt gewot.

De philippinneschen Ausseminister ass vum President ugewise ginn, de Vertrag iwwert de „Besuch“ vun US-Truppen op de Philippinnen opzekënnegen. Dat stellt natierlech déi tëscht béide Länner bestoend militäresch Kooperatioun a Fro an dierft vu Washington net einfach esou ugeholl ginn… Fir d‘USA ware bis dohinner d‘Philippinnen en zouverlässege Partner an ee Bollwierk géint China.

Wann awer gewosst ass wéi de Locataire aus dem Wäissen Haus „Partner“ definéiert, muss een dem Rodrigo Duterte – dee mënschlech keen Deit besser wéi säin amerikanesche Koseng ass – eppes Versteesdemech fir seng Entscheedung hunn. An esou heescht et: „Et ass Zäit datt mir eis op eis selwer vertrauen. Mir mussen d‘Verdeedegung stäerken an eis net méi op aner Länner verloossen“.

PhilippinnenElo ass dat alles awer och net wierklech eng Decisioun déi aus heiterem Himmel getraff gouf. Hei verhält et sech esou, datt d‘USA dem Rodrigo Duterte seng Drogepolitik an säi Virgoe géint déi Drogesüchteg an d‘Dealer zolidd kritiséieren. Eng eigentlech berechtegt Kritik, wann ee bedenkt, datt de philippinnesche President maassgeeblech Dealer a Konsumenten einfach ëmbrénge léisst.

Kee Mënschefrënd

Gewosst ass och, datt bei dëse „Säuberungsaktioune“ vill Onschëlleger – Leit déi ugeschwäerzt goufen – hiert Liewe gelooss hunn. Jee no Informatiounsquell, ass rieds vu bis zu 5.000 Persounen, déi an der Folleg vun der Drogepolitik ëmbruecht goufen. Dat entsprécht net de Wäerter déi den Donald Trump a seng Regierung vertrieden, firwat zu enger Rei „Sanktioune“ komm ass.

Esou huet Washington dem philippinnesche Senateur a Vertraute vum President Duterte, Ronald Dela Rosa en Touristevisum verweigert. De Senateur war als fréiere Chef vun der Police fir dee brutalen Drogekrich verantwortlech. A Während den US-President am eegene Land d‘Gesetzer mëssuecht, verlaangt hie vu senge Partner méi Retenue an d‘Anhale vun eben dëse Gesetzer.

Philippinnen

Human Rights Watch huet vill an deels ganz intensiv iwwert d‘Auswierkunge vum Rodrigo Duterte senger Drogepolitik bericht. © HRW

Wat elo d‘Ofkommes betrëfft, esou beendegt een dat net vun engem Ament op deen aneren. Et heescht datt d‘Ofkommes eréischt an 180 Deeg ausleeft, wat natierlech eppes Spillraum fir méiglech Verhandlunge bitt. Verhandlungen déi den USA zwar dierfte schwéier falen, awer wäerte musse gefouert ginn. D‘USA ganz bestëmmten Interessen op de Philippinnen ze verdeedegen.

Eppes Geopolitik

Mam Accord deen d‘USA an d‘Philippinnen 1999 fonnt hunn, gouf d‘Viraussetzung geschafen, fir gemeinsam Truppenübungen (Manöver) ofzehalen. Zousätzlech huet d‘US-Arméi hire Beitrag géint de Mënschenhandel, den Terror, den Drogenhandel an Cyberattacken op de Philippinne geleescht. Erënnere mir hei och drun, datt d‘Philippinnen eng fréier amerikanesch Kolonie waren.

Et ass een sech also och „geschichtlech“ verbonnen, wat déi laangjäreg Allianz tëscht béide Länner ënnersträicht. Och bei der Entwécklungshëllef hu sech d‘USA net fléiwe gelooss. Tëscht 2016 an 2019 gouf de Philippinnen „Sécherheetshëllef“ am Géigewäert vu ronn 500 Milliounen US-Dollar iwwerwisen. Geld dat si bestëmmt gären zréck hätten, sollt et tatsächlech zum Broch kommen.

PhilippinnenMee och Strategesch sinn d‘Philippinnen fir d‘USA ganz wichteg. Beim Sträit ëm d‘Gebittsuspréch am chinesesche Mier haten d‘Philippinnen an d‘USA am November d‘Lescht Joer nach staarken Zesummenhalt demonstréiert. Peking beusprocht dat ganzt südchinesescht Mier fir sech, wat ville Länner an der Regioun vill Kappzerbrieches bereet. Et gëtt dann och nach zwee weider Accorden am Kontext vun der Verdeedegung. Déi sinn erstaunlecherweis hei net emol ugeschwat ginn…

mat indymedia/mnl

Foto: © Bao Menglong / unsplash

Ähnlech Sujeten Drogepolitik, Mënscherechter, Militärofkommes, Philippinnen, Rodrigo Duterte, Sécherheetspolitik, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel