Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Konscht a senger schéinster Form erliewen: LIBR‘ART
International Neiegkeeten

D‘Konscht a senger schéinster Form erliewen: LIBR‘ART

Am Kader vum der 30er Editioun vu Libr’Art, gouf leschte

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert
International Neiegkeeten

D‘Erschéissunge vum 25. Februar 1944 zu Hinzert

E Méindeg 25. Februar 19 Auer – MnR – Sprooch:

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech
International Neiegkeeten

2024 gëtt et ee Contournement fir Dippech

An der interministerieller Kommissioun (Ëffentlech Aarbechten & Environnement) hunn d‘CSV-Deputéiert

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft

Wat sech och bei eis vill Leit wënschen… de President Duterte ass am Begrëff et ëmzesetzen

Op de Philippinnen hu se d‘Pressefräiheet ofgeschaaft

Kritesche Medien de Stecker zéien ass net nëmmen de fiichten Dram vun europäeschen Q-Anon a sonstege Verschwierungstheoretiker. Och Autokraten, Diktatoren a soss onséileg Staatscheffen hunn et net gäre wann d‘Press hinnen op d‘Fanger kuckt a geleeëntlech den Dreck ënnert dem Teppech zum Virschäi bréngt. Een esou en Autokrat ass de Rodrigo Duterte, President vun de Philippinnen.

Nodeems de philippinnesche President dofir gesuergt huet, datt dat gréissten Televisioun- a Radio-Netzwierk ABS-CBN hir Lizenz entzu kritt huet, sinn elo dausende Mataarbechter hire Job lass, an d‘Sendunge goufen agestallt. Mënscherechtsaktiviste schwätze vun engem Desaster, Journalisten uechtert d‘Welt gesinn d‘Pressefräiheet a Gefor. Datt et esouwäit komm ass, léisst sech erklären.

Schonn am Juni hat sech de Staatsapparat géint Journaliste gewannt, an déi honorabel Kolleegin a Patronne vu „Rappler“, Marie Ressa Rey Santos Jr. wéinst Verleumdung verurteele gedoen. Si an hire Medium waren dem faschistoide Rodrigo Duterte, eppes ze „kritesch“ firwat dësen decidéiert huet, d‘Presselandschaft nei ze gestalten. Wou de Maulkuerf net hëlleft, ginn elo Maueren agesat.

D‘Mënscherechtsorganisatioun „Human Rights Watch“ (HRW) ass scho méi laang besuergt, wat dem philippinnesche President seng Absichten ugeet. Aussergeriichtlech Hiriichtungen a massiivst verstéiss géint Mënscherecht, goufen de 27. August vun 62 Mënscherechtsorganisatiounen zu Genève dem UN-Mënscherechtsrot zur Diskussioun bei der 45. Sessioun a 14 Deeg virgeluecht.

Revanchismus, Haass an de Wonsch no absolutter Muecht

Fir de Phil Robertson vun HRW gëllt et als erwisen, datt hannert der „Net-Verlängerung vun der Lizenz“ de philippinnesche President steet. De Rodrigo Duterte ass 2016 un d‘Muecht komm an huet den Drogen net nëmmen de Krich erkläert, mee senge Landsleit versprach „kuerze Prozess“ ze maachen. An dat mat enger onvirstellbarer Effizienz… iwwer 8.600 Mënsche goufen ëmbruecht.

D‘Medien hunn dëse „Krich“ ëmmer nees beliicht an drop higewisen, datt vill Drogenofhängeger an presuméiert Dealer (heiansdo war et och nëmmen ee Noper deem ee wollt lass ginn) vu Beamte mee och soss net kloer definéiert „Agenten“ einfach esou ëmbruecht goufen. Fir 8.667 Mënsche war eng Geriichtsverhandlung net virgesinn. D‘Journalisten déi bericht hunn, goufe seriéis bedreet.

Och bei ABS-CBN – ee Netzwierk bestoend aus 40 TV-Chaînen an 18 Radiostatiounen – déi der aflossräicher Lopez-Famill gehéiert, huet een déi „eppes archaesch Virgoensweis“ géint Drogen (Konsum an Handel) deels kritesch begleet. Richteg ass och, datt sech ABS-CBN 2016 geweigert hatt eng Rei Wahlwerbe-Videoen op hiren Antennen auszestrahlen. Den Duterte war schwäiwëll…

Mee Journalisten huet den Autokrat aus Südostasien net gären an hält sech hei un eng, dem Donald Trump ähnlech Strategie. Si ginn denigréiert an zu Fräiwëld erkläert. Den Duterte bezeechent se als Offall, a seet hinnen och schonn emol „Féck dech!“ riicht an d‘Gesiicht. No senger Wahl huet hie gemengt: „Nëmme wëll der Journaliste sidd, gitt dir vun den Déidungen net ausgeholl“.

Randnotiz:

Während de Beruffsverband vun de Journalisten zu Lëtzebuerg, esou eppes zur Kenntnis hëlt mee sech mat enger Solidaritéitserklärung fir d‘Kolleegen op de Philippinnen éischter zeréckhält, muss drop higewise ginn, datt och hei am Land ëmmer méi Mënschen, dem Prinzip „Pressefräiheet“ net méi wëlle Rechnung droen. Nach gëtt net ganz esou direkt wéi op de Philippinnen zu „Mesuren“ opgeruff, mee den Toun fänkt allgemeng un méi Rau ze ginn.

Philippinnen

Jo och eis géinteniwwer gëtt den Toun stënterlech méi Rau, an dat hei ass nach ee vun den éischter frëndleche Gesellen.

Bei eisen Däitschen Nopere sinn Iwwergrëff géint Journaliste scho bal „Alldag“, woubäi eng „gewësse“ Press do éischter gutt derbäi ewech kënnt. Och am Frankräich ginn ëmmer ëfters Journaliste während hirer Berichterstattung ugegraff. Am Internet schéngen sech sougenannt Trollen op Hetz géint Medien a hir Mataarbechter ageschoss ze hunn. An den Ausdrock deen ëmmer nees gäre benotzt gëtt: „Ligepress“ ass mëttlerweil dat frëndlechst wat ze erwaarden ass.

D‘Redaktioun vu moien.lu erkläert sech solidaresch mat de Kolleegen op de Philippinnen a fuerdert vun der Regierung eng kloer Positioun ze ergräifen. Och dem Beruffsverband an dem Presserot géif et gutt zu Gesiicht stoen, hei Haltung anzehuelen.

mat indymedia/mnl

Annex: Rapport zur Mënscherechtslag op de Philippinnen vum 29. Juni 2020

Foto: D‘Philippinnen war ni wierklech ee Land an deem Journalisten hirer Aarbecht ouni Angscht nogoe konnten. Zanter 1986, esou de philippinnesche Journalisteverband, sinn am Land iwwer 180 Medieschaffenden Affer vun déidlecher Gewalt ginn. Eleng ënnert dem President Rodrigo Duterte si 16 Journalisten ëmbruecht ginn… Eng onofhängeg Informatiounsquell gëtt schwéier ze fannen. © Rappler

Ähnlech Sujeten ABS-CBN, Autokratie, Philippinnen, Pressefräiheet, Rodrigo Duterte
Nächsten Artikel Virrechten Artikel