Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020
International Neiegkeeten Stories

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020

Duerch déi aktuell Pandemie huet d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat der

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)
International Neiegkeeten Stories

Mat der „Voiture“ an den „Te Deum“ (Kommentar)

Te Deum ass Latäin a bedeit esouvill wéi „Gott, mir

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen
International Neiegkeeten Stories

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Zu London hunn se sech Gedanken iwwert d‘Folge vun engem

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt

Philippinnen: Regimmkritesch Journalistin verurteelt

Dat philippinnescht Online-Noriichteportal „Rappler“ huet sech mat sengem kriteschen Ëmgang mat der Muecht, e Numm gemaach. Si sinn net Zaart mat autoritären a faschistesche President Rodrigo Duterte ëmgaangen, deem säin „Drogekrich“ zu enger Aart Lynchjustiz verkomm ass. Wann ee sech allerdéngs esou e mächtege Personnage zum Feind mécht, huet dat Konsequenzen.

Konsequenzen déi d‘Patronne a prominent Journalistin Maria Ressa Rey Santos Jr. elo mat aller Häert um eegene Leif ze spiere kritt. Si ass e Méindeg wéinst Verleumdung verurteelt ginn. Nom Riichtersproch, huet si sech nach emol geäussert:

„Un all Philippinner: Et geet hei net nëmmen ëm Rappler, net nëmmen ëm eise Fall, mee et geet ëm iech an ëm eis all. (…) D‘Pressefräiheet ass d‘Fundament vun deem Recht, dat mir als Bierger vun de Philippinnen hunn“.

Wourëms et gaangen ass

Maria Ressa Rey Santos Jr, an de Reporter Reynaldo Santos Jr. sinn ugeklot ginn, well si an engem Artikel aus dem Joer 2012 (D‘Gesetz zur Bekämpfung vun der Cyberkriminalitéit ass eréischt vill méi spéit geschafe ginn) aus engem Geheimdéngschtbericht zitéiert hunn, an deem en Entrepreneur mat Mord an Drogenhandel a Verbindung bruecht ginn ass. Deen huet elo op Verleumdung geklot.

Elo sollt ee wëssen, datt d‘Maria Ressa net nëmmen eng „taff“ Fra ass, mee och als Journalistin hire Wee gemaach huet. 20 Joer war Si als Investigativ-Journaliste fir CNN an Asien op der Rull. Hei huet Si vill Erfarunge gesammelt, op déi Si an hirer Heemecht gäre verzichte géif. Wéi si de Wee zum eegene Medium ageschloen huet, hat Si sech een einfachen an aprägende Sproch zougeluecht.

„My Name eis Maria Ressa. We are Rappler. And we will hold the line“. D‘Stellung halen, esou also de Slogan vun engem Medium dee séier säi Wee op de Philippinnen gemaach huet. Rappler huet géint Fake News gekämpft, an dem Time Magazine war d‘Engagement vum Maria Ressa 2018 wäertvoll genuch, fir si zur „Persoun vum Joer“ ze küren. Et ass et hei net am Yellow-Press Beräich.

Eppes zu Rappler

Wéi d‘Maria Ressa den Online-Noriichteportal Rappler matgegrënnt huet, ass sech den Internet mat all senge Méiglechkeeten (Audio & Video, Verbreedung iwwer sozial Netzwierker) zu notze gemaach. Wéi de Rodrigo Duterte zum President vun de Philippinnen gewielt ginn ass, a säi Krich géint Droge mat dausenden Doudeger geféiert huet, ass et drëms gaangen d‘Realitéit ze beliichten.

Rappler huet onermiddlech vu Mënscherechtsverletzungen, falsche Fakten a Ligen, wéi och iwwert déi ganz Propaganda an d‘Policegewalt bericht. Dat huet dem Staatschef net a seng Pläng gepasst a Rappler als „Fake-News Media“ gestempelt. Rappler géif vun US-Konzerner finanzéiert, déi sech virgeholl hätten, de politesche Fridden op de Philippinnen ze briechen an dem Land ze schueden.

PhilippinnenAn esou wéi d‘Zäiten nu emol sinn, ass de Rodrigo Duterte trotz sengem schänterleche Beholl am Land ganz beléift. Dat féiert derzou, datt d‘Maria Ressa am Netz net nëmmen als Houer a Schlaang verkläert gëtt, mee ganz offensichtlech a geziilt bedreet gëtt. Si huet sech net aschüchtere gelooss a huet d‘Regierung weider erausgefuerdert. Si hat net wëlles déi aus der Verantwortung ze entloossen.

Et geet an den Appell

Et ass dann och net esou, datt d‘Regierung eréischt mat dësem Prozess fir „Verleumdung“ versicht hätt de Kolleege vu Rappler de Maulkuerf ëmzehänken. Fir unzefänken hunn d‘Autoritéite géint d‘Maria Ressa wéinst Steierhannerzéiung ermëttelt. Domat si se net wäit komm, also huet een dem Portal seng Lizenz ofgeholl. Dat mat enger Begrënnung, déi et an sech hat. Rappler hätt, esou de Grond, géint Beschränkunge mat Bezuch op d‘Kapitalisatioun aus dem Ausland verstouss.

Ufank 2019 ass et dann zur Uklo wéinst Verleumdung komm. D‘Autoritéite waren dann hei och siichtlech beméit, d‘Maria Ressa Mediewierksam an der Redaktioun verhaften ze loossen. Si huet awer net wëlles sech deem ze erginn a wëll och weiderhi fir d‘Pressefräiheet kämpfen. An dat héiert sech dann esou un:

„Mir sti virum Ofgrond. Wa mir falen, da si mir keng Demokratie méi. Ech hunn ënnert dem Suharto (en Diktator deen d‘USA agesat haten) an Indonesien geschafft, ënnert dem Deng Xiaoping a China. Do sinn d‘Reegele kloer. Wann een do am Grenzberäich ze wäit geet, gëtt ee fäerdeg gemaach. Loosst eis dat Spill hei net spillen. Mir sinn eng Demokratie, oder net? Loosst eis ons Aarbecht maachen!“.

Ochj wann et elo en Urteel gëtt, esou ass d‘Strofmooss selwer nach net bekannt. Gewosst ass awer, datt d‘Journalistin an de Reporter mat enger Prisongsstruktur vu mindestens sechs Méint bis zu sechs Joer rechne mussen. D‘Affekote vun de Beschëllegten hunn dann och annoncéiert, datt si géint d‘Uerteel an Appell ginn.

mat indymedia/mnl

Ähnlech Sujeten Maria Ressa, Philippinnen, Pressefräiheet, Rappler, Reynaldo Santos, Rodrigo Duterte
Nächsten Artikel Virrechten Artikel