Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kollektivcongé bleift eis erhalen
Kultur Neiegkeeten

corny hook up lines

Gläich ass et nees esouwäit an op eise Stroosse wäert

https://moien.lu/dating-sites-kraaifontein/
Kultur Neiegkeeten

Syrien: Afrine belagert, d‘Ghuta ënner Beschoss

En Dënschdeg huet déi tierkesch Arméi bekannt ginn, datt si

dislike
Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär
Kultur Neiegkeeten

Letteschen Zentralbankchef verfänkt sech a Korruptiounsaffär

An der lettescher Korruptiounsaffär ëm den Zentralbankchef Ilmars Rimsevics, hunn

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt en bal net iwwersinn. Rieds ass vum Picadilly, ee Wäin- an Wënzerfest dat mëttlerweil fir déi 63. Kéier direkt nieft der Wäistrooss zu Stadbriedemes op enger grousser Wiss stattfonnt huet.

Am ganze Land genéisst et een héije Bekanntheetsgrad wouduerch ee mat guddem Gewësse vun engem Kult-Event schwätze kann, d’Entrée war gratis an den Picadilly kal geluecht, esou dass engem flotten Owend näischt méi am Wee stoung.

No wochelaanger Virbereedung war et vollbruecht, ee grousst Zelt mat Bühn an Danzfläch, e Wäigaart, Gedrénksstänn, den internationale Foodvillage ewéi och d’Toilette, stoungen.An d’Léit konnte Freides ab sechs Auer Owes dat engt oder anert Glas Wäi bei angenehm frëschen Temperature genéissen.

Trotz ville Visiteure stoung een seele laang an der Schlaang, wat wuel un der gudder Organisatioun vum „Syndicat d’Initiative Stadbriedemes“ louch. An esou hat een d’Wiel tëschent 18 Wäiner, Cremant an Picadilly, an am Foodvillage stoungen engem all dieren op, esou gouf et ee Stand mat verschidden Zorte Café an souguer een deen „frozen yogurts“, verkaf huet.

Wat stoung um Programm?

Freides gouf d’Bühn musikalesch vum Andrea Galleti an Thierry Mersch ageweit an ab zéng Auer ass et dunn mat For Example, enger Cover-Band, bis ongeféier 3 Auer Moies weidergaangen. Samschdes waren dunn Zero point Five an Hootenanny fir d’Musek zoustänneg.

Sonndes war den Family Day, hei war fir Jonk an Aal alles derbäi an et huet souguer schonn um 11 Auer moies mad „Jazzapero mat Quintet + Trio“ ugefaangen. Am fréien Nomëtteg war „Braddel Braddel Live“ mam Thierry Mersch, Kelly Decker an OKE ugesot. An am spéiden Nomëtteg konnt een dunn nach een Concert vun der Escher Stadtmusek genéissen.

Ee Fest fir Grouss an Kleng.

Och wann d’Owenter gréisstendeels der Jugend gehéiert hunn, konnt een zemools am Wäigaart och nach eeler Leit untreffen. Spéitstens sonndes um Familljendag, wou et scho viru Mëtteg lass gaangen ass, waren déi Jugendlech déi d’Deeg virdrun do waren, net méi unzetreffen.

mam Gilles Schneider

Foto: © Gilles Schneider/moien.lu

Ähnlech Sujeten Musel, Picadilly, Wënzerfest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel