Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo
Meenung Neiegkeeten

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg,

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen
Meenung Neiegkeeten

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen

D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa,

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU
Meenung Neiegkeeten

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU

Et ass net de Krich am Jemen, dee mat all

PID: Et muss e kënne lassloossen

PID: Et muss e kënne lassloossen

Folgendes wëlle mir iech zu onsem Kooperatiounsvertrag mat de Piraten, deen seng Gëltegkeet fird’Nationalwalen 2018, an d’EU Walen 2019 hat, matdeelen:

Am Vertrag gouf festgehalen, dass mir (PID & Piraten) eng gemeinsam Lëscht fir d’Nationalwalen 2018, an den EU Walen 2019 géife presentéieren. Et gouf och doriwwer diskutéiert, dass déi zwee Parteie sollte fusionéieren.

Nodeem mir awer déi chaotesch Virgoensweis, an d‘Streidereien an der Piratepartei hu mussen erliewen, huet de Comité vun der PID entscheet, sech no den EU Wahle vun der Piratepartei ze trennen, well esou Zoustänn net bei d’Philosophie vun der PID passen.

D’Kommunikatioun tëschent de Piraten an der PID läit zanter Méint brooch. Mir goufe fir d’EU Walen net an d’Prozesser agebonnen. Op de Wahlplakate war weder den Numm vun onser Partei, nach onse Logo. De Comité vun der PID gouf net an den Entscheedungsprozess agebonnen, obwuel dat hätt musse geschéien.

Vu dass et ons laut Kooperatiounsvertrag net erlaabt war, Informatiounen, déi der Piratepartei schuede kéinten, un d’Ëffentlechkeet ze droen, hu mir mat dësem Communiqué gewaart bis no den EU Walen.

Och wollte mir aus ethesche Grënn keen negativen Afloss op d’Walen huelen. An den nächste Woche ginn d’Member vum Comité vun der PID nei gewielt, wat wuel am Comité, wat déi aktiv Leit betrëfft, kee grousse Changement wäert mat sech bréngen, ausser dass d’ Madame Dondelingerewech fält, wat no den Divergenzen aus de leschte Wochen eng logesch Konsequenz ass.

D’PID wäert allerdéngs, och no den negativen Erfahrunge mat der Piratepartei, weider d’Kooperatioun mat aneren Organer sichen, a bleift als eegestänneg Partei bestoen.

Angelika Dasbach an de ganze Comité vun der PID

Ähnlech Sujeten Partei fir Integral Demokratie, PID, Piraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel