Search

You may also like

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten
International Neiegkeeten

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten

No den amerikanesche Loftschléi géint Stellunge vun der Hezbollahmiliz a

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
International Neiegkeeten

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen
International Neiegkeeten

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen

Iwwer 120.000 Fäll vu beruffsbedéngte Kriibserkrankungen trieden all Joer an

Pier 45: Groussbrand am Hafe vu San Francisco

Pier 45: Groussbrand am Hafe vu San Francisco

Francisco

An der historescher Hafenanlag vu San Francisco ass et zu engem Groussbrand komm. Éischten Erkenntnisser no, ass d‘Feier an engem Lager onwäit vum histroresche Pier 45, eng vun den touristeschen Attraktiounen an der „Bay Area“. D‘Pompjeeë ware mat 150 Mann am Asaz. Ee vun hinne wier beim Asaz blesséiert ginn, soss géif et keng Affer ze bekloen, esou den Asazleeder.

Francisco

Wéi grouss de Schued ass, muss nach ofschléissend gekläert ginn, mee et wäert an d‘Millioune goen. Vill Sehenswierdegkeeten hunn dem Pier 45 zu senger Renommée verhollef, esou och de „Liberty-Frachter“ SS Jeremiah O‘Brien, ee Militärschëff aus dem zweete Weltkrich. Dem Schëff ass zum Gléck näischt geschitt, och wann déi éischt Biller engem en aneren Androck vermëttelen.

Francisco

Nëmme e Steeworf méi wäit ass den touristesche Wirtschaftszentrum geleeën: de Pier 39. Dës Quaie gehéieren zur weltbekannter „Fishermans‘Wharf“, wou nieft den obligate Butteker mat allerlee Kreemchen, och eng Rei ganz Interessant an net manner renomméiert Restauranten, déi all Joers Milliounen Touristen aus dem In- an Ausland bekäschtegen. Och hei ass alles an der Rei.

mat indymedia/sfo

Foto: © Chris Cavas (courtesy)

Related topics Bay Area, Fisherman's Wharf, Groussbrand, Pier 45, Pier39, San Francisco
Next post Previous post